Würzigen Cottage Pie

Cottage Pie – een einfaschen Menü, deen fir seng herzhaft Einfaschheet an vill Variatiounsmiiligkeeten bekannt ass. Bekannt ass den englischen “Sherperd’s Pie” deen mat Lammfleesch, Geméiss an Gromperenpürée zoubereet jëtt, genausu wie deen fransiischen “Hachis Parmentier” mat Gehacktes, Geméiss an Gromperenpürée. Et fënnt een vill verschidden Varianten, ech maan hokt eng mat Putenfleesch, Paprika, Courgetten Raclettekiiss an Gromperen.

Zutaten fir mein würzigen Cottage Pie

1. Gromperen

  • Festkooschender, ech maan keen Gromperenpürée mais schnegden d’Gromperen an dënn Scheiwen.

2. Putenfleesch

  • Zart an fettaarem passt et ganz goud an mein Cottage Pie

3. Courgetten

  • Sie brengen Saaftigkeet an een liit séissen Aroma

4. Paprika

  • Paprika brengt Faaref an datt Ganzt

5. Ënnen

  • Fir een mëllen, séiss-zwibbelartigen Goût

6. Knuawelek

  • Brengt Würzigkeet an een harmonischen Aroma

7. Raclettekiiss

  • Schmëlzt goud an brengt een herzhaften Goût

8. Würzen an brooden

  • Botterschmalz fir ze brooden, bëssen Zitrounensaaft fir d’Fleesch zart ze kreien an d’Geméiss aafzeläschen, Paprikapolwer, Salz an Peffer fir alles ze würzen, an fir op Gromperenschicht na bëssen Thymian.

Zoubereedung

  • D’Fleesch schnégden ech an dënn Streifen, an vermëschen et an enger Schossel mat Salz, Peffer, Paprikapolwer, dem Saaft van enger halwer Zirtoun an bëssen Olivenualeg, su loossen ech d’Fleesch goud 30 Min. durichzéien.
  • Iwerdeems wäschen ech Courgetten an den Paprika. Courgetten schnegden ech op der Mandoline an dënn Scheiwen, leen se an Sei an salzen se liit, déi loossen ech o 30 Min. durichzéien an wäschen se dann ënner fléissendem kaalen Waasser aaf.
  • De Paprika würfelen ech kleng.
  • D’Ënnen an den Knuawelek schiälen ech an hacken se fein.
  • Gromperen schiälen ech an schnegden se op der Mandoline an dënn Scheiwen.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Fleesch goldbrong aan, datt hualen ech raus an stellen et op Segt bis ech et brausch.

An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann mëschen ech den Paprika an den Knuawelek drënner an brooden alles fir paar Min. Würzen mat Salz an Peffer. Datt läschen ech mam Saaft van enger halwer Zitroun aaf an loossen deen ganz ankooschen. Dann mëschen ech d’Fleesch rem drënner.

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

An enger angefetter feierfester Form, d’Halschent van der Fleesch-Paprikamëschung verdeelen. Op dëser Mëschung schichten ech d’Halschent van den Grompern- an Courgettenscheiwen, déi würzen ech liit mat Salz an Peffer.

Dann verdeelen ech den Rest van der Fleesch-Paprikamëschung op den Gromperen, leen dann den Raclettkiiss driwer an verdeelen deen Rest van den Gromperen an Courgetten op mengem Pie. Ech han dës kéier den Kiiss net uawen drop geleit, well den Raclettekiss goud schmëlzt verdeelt en sech su am ganzen Menü.

Dann schmëlzen ech bëssen Botter an würzen deen mat gedrëchentem Thymian, Salz an Peffer. Dësen Botter pinselen ech op Gromperen, decken meng Form dann mat Sëlwerpapaier zou an setzen se fir 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

No deen 30 Min. hualen ech den Sëlwerpapier raaf, pinselen Gromperen na eng kéier mat menger Botter-Mëschung an. De Schiäfchen stellen ech ëm op Ëmloft an setzen su den Pie na eng kéier fir 30 Min. an den Schiäffchen.

Tipps

  1. Kontrolléier op deng Gromperen durich mëll sen, soss den Pie na paar Min. an den Schiäffchen stellen.
  2. Raclettekiss schmëlzt goud een anneren Kiiss wie z.B. Gouda oder Cheddar fonktionéiren o goud. Du kanns den Kiiss o uawen drop leen, ganz su wie et dengem Goût entsprëscht.
  3. Su een Pie eegent sech ganz wonnerbar fir Rester ze verwiärten an iwerig gebliwent Geméiss an Kiiss ze verschaffen.

Würzigen Cottage Pie

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzekt

1

Stunde 

Zutaten

  • 600 g Putenfleesch, an dënn Streifen gechnidden

  • 2 EL Olivenualeg

  • Salz

  • Peffer

  • 1 TL Paprikapolwer

  • Zitrounensaaft

  • 500 g Gromperen, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 1 (ca 200g) Courgette, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 2 rugd Paprika, kleng gewürfelt

  • 1 Ënn, gehackt

  • 1 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 150 g Raclettekiiss

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 2 EL Botter, geschmolz

  • 1 TL gedrëchenten Thymian

Zoubereedung

  • An enger Schossel mëschen ech d’Fleesch mat Salz, Peffer, dem Paprikapolwer, dem Saaft van enger halwer Zitroun an dem Olivenualeg, su loossen ech d’Fleesch ongeféier 30 Min. durichzéien.
  • Courgettenscheiwen leen ech an eng Sei, salzen se an loossen déi o 30 Min. durichzéien, dann wäschen ech se ënner fléissendem kaalen Waasser grëndlich aaf.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Fleesch goldbrong aan, datt hualen ech raus an stellen et op Segt bis ech et brausch.
  • Als nächst brooden ech an der selwischter Pann d’Ënnen op mëttel Hëtzt aan bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann mëschen ech den Paprika an den Knuawelek drënner an brooden alles fir paar Min. Würzen mat Salz an Peffer.
  • Datt läschen ech mam Saaft van enger halwer Zitroun aaf an loossen deen ganz ankooschen.
  • Dann mëschen ech d’Fleesch rem drënner.
  • De Schiäffchien wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • An enger gebotterter feierfest From verdeelen ech d’Halschent van der Fleesch-Paprikamëschung. Do drop verdeelen ech d’Gromperen- an d’Courgettenscheiwen, salzen an pefferen se liit.
  • Als nächst verdeelen ech den Rest van der Fleesch- Paprikamëschung driwer an do drop leen ech den Raclettekiss.
  • Om Raclettkiss verdeelen ech deen Rest van den Gromperen- an Courgettenscheiwen,
  • Deen geschmolzene Botter vermëschen ech mam Thymian, bëssen Salz an Peffer an pinselen datt iwert Gromperen.
  • Form decken ech dann mat Sëlwerpapeier zou an setzen su ongeféier 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
  • No deen 30 Min. stellen ech den Schiäffchen op Ëmloft ëm. Dann hualen ech den Sëlwerpapeier van mengem Pie raaf, pinselen d’Gromperen na eng kéier mat der Bottermëschung an an setzen datt Ganzt na eng kéier fir 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*