An mengem Artikel van Hogt drigt sech alles ëm d’Kinigin van den Zoossen: d’Zooss Hollandaise. Sie geségt elegant aus, schmëcht herrlich botterig an hat o iwert Joeren näist van hirem legendären Rouf verluaren. Sie gehiiert zum Spargel, ass äwer o d’Frendin van pochéierten Eier, Fësch an Schnitzel
D’Hollandaise stammt aus Frankreich, et jëtt aangehollt datt dës Zooss firtischt am 17ten Joerhonnert zoubereed jänn ass. D’Hollandaise gehiiert zu deen 5 fransiischen Grondzoossen an bild Grondlaag fir verschidden anner Zoossen, sie ass een wichtigen Bestandeel van der klassische fransiischer Këchen.
Sauce hollandaise: wirwatt heescht Zooss su?
D’Zooss Hollandaise jëtt et well segt 4 Joerhonnerten, o wann se Hollandaise heescht kennt se net aus Holland. Well am Joer 1573 ass an England den Begrëff “Dutch Sauce” opgetaucht, allerdings ouni Rezept. Rischt den Koosch Francois-Pierre de la Varenne hat an sengem Kooschbousch “Le Cuisnier francois (1651)” datt na Hogt bekannt Rezept veröffentlicht, zoubereed mat hiiwärtiger fransiischer Botter. Am ischten Weltkréich ass Produktioun van dëser Botter äwer angestallt jänn, su datt Botter aus Holland importéiert juff. Aus dësem Grond soll Zooss Hollandaise hiren Naam han. Well an der fransiischer Genosskëchen nëmmen datt Best goud genou wor, an die fransiisch Meesterkäch wossten deemools, datt Botter net gläich Botter ass, an datt et enorm Ennerscheeder juff.
Anner Historiker jinn dovaan aus, datt Zooss Hollandaise an den Joeren vam hollänischen Kréich (1672-78) inspiréiert soll sen. Dann jëtt et Legenden datt fransiisch Hugenotten Zooss aus dem hollännischen Exil sollen matbreit han.
Mëttlerweil hat UNESCO die fransiisch Këchen als immateriellt Kulturgut aanerkannt. An Frankreich kann stolz op seng Këchen sen. Die fransiisch Këchen ass vill mi wie Foie gras ässen an dobäi Champes dranken, Zoossen déinen net dozou eent schlecht Steck Fleesch ze verstoppen, sie sen Deel van deem Ganzen, an ënnerstreichen an hiäwen deen ganzen Menü
Zutaten fir Zooss Hollandaise
Vill Zutaten fir eng Hollandaise brauchst du net, Waasser, Wäissenwéngessig, Peffer, Salz, Eijäll, Botter an Zitrounensaaft. Fir datt se gelengt brauchst su eng Schossel, 2 Dëppen, an een Schniibiäsem.
Zoubereedung
D’Zooss Hollandaise ass eng sensibel Fett-Waasser-Emoulsioun, wubäi d’Eijäll als Emulgator funktionéiert. Aus dësem Grond jëtt Hollandaise o als “waarem Mayonnais mat Botter” bezeechent.
Datt ischt watt ech maan, ech setzen eent Dëppen mat Waasser op, datt loossen ech opkooschen, driien Hëtzt dann äwer op ganz niddrig su datt d’Waasser net mi kooscht.
Die klassisch Hollandaise besteht aus enger Reduktioun aus Waasser, Wäissenwéngessig, Salz an Peffer. Datt mëschen ech an loossen et zur Halschent ankooschen. Fëllen et an eng Schossel ëm an loossen et ongeféier 10 Min. durichzéien.
Iwerdems trennen ech d’Eier an ech schmëlzen den Botter. De Botter nëmmen schmëlzen, en soll net spruddelen.
D’Eijäll an 1 EL lookischt Waasser mëschen ech dann ënnert meng Waasser-Wäisswéngessig-Mëschung an réiren kräftig mam Schniibiäsem bis eng crémig Zooss entstannen ass. Dëppen zéien ech dann vam Feier an schëdden ënner stännigem réiren an, an engem dënne Strahl deen flëssigen Botter ënnert Eijällmëschung. Sollt Zooss ze déckflëssig jänn, bëssen lookischt Waasser Läffelweis mat anschaffen.
Zooss schmaaschen an mat bëssen Zitrounensaaft an evtl. na Peffer an Salz aafschmaaschen. Direkt zervéieren
Tipps
- Pass do drop op datt Waasserbad net ze waarem ass, wanns du d’Eier drënner mëchs, an datt den Buadem van der Schossel d’Waasser net beréiert.
- Sollt Zooss ze déckflëssig jänn, bëssen waaremt Waasser Läffelweis mat anschaffen.
- Vermeid et Zooss op direkter Hëtzt ze kooschen, D’Eier stockem soss, an du has eng Omlette an der Schossel.
- Fir eng glatt Konsitenz ze kreien, kanns du Zooss durich eng Passette streichen.
Varianten
Béarnaise, ass eng Hollandaise, déi aus enger Reduktioun aus wäissem Wéng, Wäissewéngessig, Schalotten, Estragon, Kiärwel, Salz an Peffer besteht. Dann mat Eijäll an Botter zu enger crémiger Zooss réiren.
Mousseline, ass eng Hollandaise bei der zum Schluss geschloen Schlagsahn ënnergemëscht jëtt, watt su enger liiter Textur féiert.
Hollandaise
Schwierigkeit: einfaschZutaten
80 ml Waasser
40 ml Wäissewéngessig
bëssen Peffer
bëssen Salz
3 Eijäll
Saaft van 0,5 Zitroun
200 g Botter, geschmolzen
Zoubereedung
- Eent Dëppen mat Waasser opsetzen an opkooschen loossen. Op niddrig Hëtzt driien su datt Waasser nët mi kooscht.
- D’Waasser mam Wäissenwéngessig, Salz a Peffer mëschen, zur Halschent ankooschen loossen, an eng Schossel ëmfëllen an ongeféier 10 Min. durichzéihen loossen.
- D’Eijäll an 1 EL lookischt Waasser ënnermëschen an su lang kräftig réiren bis eng crémig Zooss entstannen ass.
- Vam Feier zéien an ënnerstännigem Réiren an am dënne Strahl den Botter anschaffen.
- Sollt Zooss ze fest jänn evtl. bëssen lookischt Waasser läffelweis ënnermëschen.
- Mam Zitrounensaaft, an evtl. na Salz an Peffer aafschmaaschen an direkt zervéiren.