Rugd Rommel Zaloot

Die rugd Rommel as eent richtigt Wonner van der Natur. Mat hirem eerdigen Geschmaasch an der liäwiger rugder Faaref, as sie nët nëmmen jätt fir d’Au mais si as o een richtig gouden Maufel. An dësem Blogartikel weisen ech dir, wie’s du een erfrëschenden Rommelszaloot mat enger einfascher Vinägrette mëchs. Loss eis gemeinsam entdecken, wie aus dëser einfascher Zutat een Zaloot entsteht, deen net nëmmen gesond, mais o richtig lecker as. Hogt sugar mat engem klengen Abléck an eent van mengen Kooschbéicher 😉

Zutaten

  • rugd Rommelen
  • Olivenualeg
  • Balsamicoessig
  • Hunnig
  • Zitrounensaaft
  • Peffer & Salz
  • bëssen Rucola
  • Péitersilich & Bratzelen

Zoubereedung

Ech han aagefongen Rommelen ze schiälen, an währenddeem ech datt gemaat han, han ech gedeit, “du häs o kënnten Händschen aan doen”. Lo sen Fanger rugd an Rommelen geschiält. Déi han ech dann op der Raspel graf geraspelt an an eng Schossel geleit.

An enger klenger Schossel han ech den Olivenualeg mam Balsamico, Hunnig de Gewürzer an dem Zitrounensaaft goud vermëscht, bis den Hunnig sech opgeliest hat.

Dës einfasch Vinägrette han ech dann iwert Rommelen geschott an alles goud vermëscht, Su han ech Schossel dann an den Frigo gestallt an onfegéier 30 Min. durich zéien geloss.

Iwerdeems Zaloot am Frigo steht, Krégder kleng schnégden an den Rucola wäschen an der Zalootenschleider drëchnen.

Viraam zervéiren han ech den Rucola an die frësch Krégder ënnergemëscht.

Tipps

  1. Rommelen fiärwen zimlech starik, schaff op enger Fläsch déi sech goud proper maan lisst an do Händschen aan.
  2. Vermësch Zaloot goud, su datt Vinägrette goud ënnergemëscht as, an d’Aromen sech ausbreeden kannen.
  3. Jëff der Zaloot op mannst 30 Min. zéckt fir durich ze zéien.

Varianten

Mat Kiiss

Een Kiiss deen besonnëch goud zu deem eerdigen Geschmaasch van der rugder Rommel passt as Geesekiiss, en brengt ausserdeem mi crémigkeet an gleicht datt Séisst vam Hunnig aus.

Mat Nëss

Fir bëssen knusperigkeet an een nossigen Geschmaasch kanns du Walnëss oder anner Nëss ënnermëschen.

Mat Avocado

Crémigkeet van der Avocado passt goud zum Geschmaasch van der rugder Rommel, einfasch an Würfel schnégden an ënnermëschen.

Frësch Krégder

Ganz goud an dës Zaloot passen frësch gehackten Dill an Kiärwel. sie brengen een erfrëschende Krégdergeschmaasch.

Mat Saumon

Wëlls du dës Zaloot bëssen mi Chic han, kanns du gereecherten Saumon ënnermëschen.

Experimentéier an probéier verschidden Kombinatiounen aus, fir een eenzigartigen rugden Rommelszaloot ze kreéiren. Et hänn onendlich vill Miilëchkeeten.

Rugd Rommel Zaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • 2 rugd Rommelen

  • 2 EL Olivenualeg

  • 2 EL Balsamicoessig

  • 1 TL Hunnig

  • Saaft van 1 halwer Zitroun

  • Salz & Peffer

  • eng goud Handvoll Rucola

  • 2 EL gehackten Péitersilich an Bratzelen

Zoubereedung

  • Rommelen schiälen an op der Këchenraspel graff raspelen, an eng Schossel leen.
  • An enger klenger Schossel den Olivenualeg, Balsamico, Hunnig, Peffer, Salz an Zitrounensaaft goud vermëschen bis den Hunnig sech opgeliest hat.
  • Vinägrette op Rommelen schëdden an alles goud vermëschen. Ongeféier fir 30 Min. am Frigo durich zéien loossen.
  • Iwerdeem Zaloot am Frigo steht, den Péitersilich hacken an Bratzelen kleng schnégden. De Rucola wäschen an der Zalootenschleider drëchnen
  • Viraam zervéiren den Rucola an Krégder ënnermëschen. Gouden Appetit!

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*