Sie schmëscht nët nëmmen goud, sie as o Gesond. Nooforschungen van der Universitéit Nebraska han noogewiesen, datt Houhnerzopp sech mat enger heelender Wirkung, positiv op den mënschliche Kierper auswirikt.
Houhnerzopp hemmt Aktivitéit van den wäissen Bloutkierpercher, et drigt also dozou bei, datt bei enger Bronchit die iäwischt Otemweer net su extrem schwëllen. Sugar den Damp van der Zopp drikt dozou bei, datt de Schleim sech besser liesst an aaffléissen kann.
Ech sen äwer keen Unimënsch an o keen Doktor, ech soen dir nëmmen wie’s du eng goud Houhnerbréit kooschs.
Watt maan ech an meng Houhnerbréit
- Zoppenhouhn
- Muurten
- Poretten
- Pastinake
- wäiss Navet
- Ënnen
- Neelchskäpp
- Knuawléck
- Zellerie
- Salz
Wie kooschen ech meng Houhnerbréit
Geméiss schnegden ech an graff Würfelen, Ënnen halbéieren, den Knuawléck get just zerdreckt. Ech schiälen o näist vam Geméiss, ech wäschen alles just grëndlich ënner kaalem Waasser.
Et kann een Houhn virtischt eng kéier blanchéieren.
Ech maan datt äwer nët, ech setzen direkt alles mateneen, am kaalen Waasser op.
FIRWATT kaalt Waasser, ech hätt jiären deen meesten Goût an der Bréit. Mat waarmem Waasser bleift mi Goût am Fleesch.
Ech schaimen meng Bréit o net aaf. De Schaum deen entsteht as d’Eiwäiss aus dem Fleesch. Bréit krëtt dodurich na mi een intensiven Gesschmaasch. An sie jëtt jo na passéiert dann as den Schaum o fort.
Subal Houhn mam Geméiss an den Gewürzer kooscht, driien ech Hëtzt raaf, datt se sech just na ganz liit beweegt, an ech loossen se su 5 Stonnen kooschen. Heinsdo kucken ech äwer ant Dëppen.
An datt wor et o well, no deen 5 Stonnen jëtt se na passéiert an Bréit as fiärdig, an kann dann viraanverschafft jiänn.
Houhnerbréit
Schwierigkeit: einfasch10
Liter15
Minuten5
StundenZutaten
2-3 Zoppenhouhner (ongeféier 7 Kg)
100 g Muurten (4-5 Steck)
900 g wäiss Navet (6 bis 6 Steck)
500 g Poretten
200 g Pastinake
200 g Ënnen (2-3 Steck)
3 Neelcheskäpp
3 Ziiwen Knuawléck
120 g Zellerie (Knoll oder Stangen, datt as egal)
14 L Waasser
60 g Salz
Zoubereedung
- Geméiss grëndlich wäschen an graff Würffelen schnegden. Et brausch net geschiällt ze jiänn.
- Ënnen halbéiren, de Knuawléck zerdrecken.
- Houhner an een gruust Dëppen leen. Geméiss, Gewürzer dobäi leen an kaalt Waasser drop schëdden.
- Opkooschen loossen. Hëtzt dann raaf driien datt se just na liit bewegt an su 5 Stonnen kooschen loossen.
- Bréit passéiren an viraan verschaffen.