Saumon’s Frëll mat Dattelen an Cannelle

Ween et jiären bëssen mi oriantalisch hat as mat dësem Rezept genau richtig.

Dofir hualen ech:

  • Saumon’s Frëll
  • Ingwer
  • Botter
  • Cummin
  • Cannellstangen
  • Koriander
  • Mandelspliter
  • Salz & Peffer

Wie kooschen ech?

Botter schmëlzen ech, mëschen den Ingwer, Cummin, Salz an Peffer drënner.

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Grad vir

Als nächst leen ech de Fësch op Baaschpapeier würzen van bannen liit mat Salz an Peffer, an pinselen de Fësch bannen mat der Bottermëschung an. Dann leen ech 2-3 Dattelen dobäi, paar Bläder frëschen Koriander, an Mandelspliter. Päckelcher maan ech dann zou, an leen se op eent Baaschblech.

Ongeféier 15-20 Min. am waarmen Schiäffchen baaschen.

Ech haat Filet, well et just eng Entrée wor wollt ech keng ganz Frëll hualen. Beim Filet as Zeckt fir ze baaschen dann bëssen mi kuurz ongeféier 10-15 Min.

Saumon’s Frëll mat Dattelen an Cannelle

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 4 Saumon’s Frëllen

  • 100 g Botter

  • 2 EL geraspelten Ingwer

  • 4 TL Cummin

  • Salz & Peffer

  • 16-24 Dattelen

  • 4 Cannellstangen

  • 40 g Mandelspliter

  • frësch Korianderbläder

  • 4 Bläder Baaschpapeier

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 180°C Grad virwiärmen
  • Frëllen bannen salzen an Pefferen
  • Botter schmëlzen, Ingwer, Cumin an bëssen Salz an Peffer ënneréiren. Frëllen domatt van bannen anpinselen.
  • De Fësch op Baaschpapeier leen, 2-3 Dattelen, 1 Stang Cannelle, paar Bläder Koriander an Mandelspliter dobäi leen. An de Papeier anwecklen.
  • Päckelcher op een Baaschblech leen an 15-20 Min. am waarmen Schiäffchen baaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*