Bauernfrühstück as eent tradtionellt däitscht Ässen. – Gehaltvoll, deftig jëtt et aus Gromperen, Eier, Ënnen, Bratzelen an gereechertem oder gebroodenem Fleesch, Speck oder Hamm zoubereed.
All dës Liäwensmëttel jänn en enger Pann vermëscht an mat den Eier wie eng Omlette gekooscht. Normal jëtt eng Tomatenzaloot oder sauer Cornichons dobäi zervéiert, äwer all Regioun hat hir eegen Rezepter.
Ähnlich Rezepter sen z.B. Omlette Paysanne aus Frankreich, Pyttipanna an Schweden, oder Tortilla de Patátas aus Spanien.
Oder bei den Italiener mat Speck, Ënnen, an Eier net opgklappt, mais die kommen su drop an alles jëtt rischt vermëscht wann Eier aafänken ze stocken. Datt Ganzt jëtt aus der Pann gäss, mat frësch gemahlenem Peffer an paar Drëpsen Balsamico.
Jidfereen kennt natiirlich datt Englischt Breakfast, mat sengen klenge Wuuschten, Black Pudding, Tomaten, Kooschelen, Spéieleier an Toastbrugt, an datt wichtigst net vergeessen hier wäiss Bungen mat Tomatenzooss.
Fir mengt Frühstück han ech:
- Gromperen (festkooschend)
- frëschen Speck
- Ënnen
- Knuawléck
- Tomaten
- Eier
- Peffer & Salz
- Frühlingszwibbelen oder Bratzelen fir hanneno driwer ze streien.
gehollt.
Gekooscht han ech:
Gromperen han ech net wie et üblich as gekooscht, mais geschiällt an, an Daaleren geschnidden.
Dann han ech eng gruuss pann op Plaque gesatt an déi gewiärmet, subal déi waarem has Ualeg oder Botterschmalz dran maan an Gromperen rii aangebrooden. Hëtzt dann raaf driien an se su viraan brooden loossen. Ëmmer rëm dran réiren.
Iwerdeems Gromperen brooden han ech Ënnen an den Knuawléck kleng gehackt, no 20 Min. han ech déi ënnert Gromperen gemëscht. An hei han ech dann o alles mat bëssen Salz gewürzt.
Deen riien Speck han ech an dënn Streifen geschnidden, an en kräftig an enger annerer Pann aangebrooden an mat Peffer an Salz gewürzt. Deen han ech dann bei Gromperen gemëscht.
Tomaten han ech an Véirel geschnidden an Kären raus gehollt, déi han ech dann an dënn Spalten geschnidden, an o ënnert Gromperen gemëscht. Tomaten han ech entkärt, well se soss zevill Waasser zéien an dann jëtt alles mi matschig.
Noodeems alles goud vermëscht as, han ech paar Kaulen gebaut 😉 dodrann han ech dann Eier geschott, mat Deckel han ech datt Ganzt dann na bessen kooschen gelooss bis Eiwäiss gestockt as.
Die kleng geschnidden Frühlingszwibbelen oder Bratzelen driwer verdeeln an Pann su op den Dësch stellen.
Frühstück
Schwierigkeit: einfasch4
Portionen30
Minuten50
MinutenZutaten
4 fangerdeck Scheiwen frëschen Speck
600 g Gromperen festkooschend
2 gehackten Ënnen
1 gehackten Ziif Knuawléck
4 an dënn Spalten geschnidden an entkärten Tomaten
8 Eier
Salz & Peffer
Frühlingszwibbelen oder Bratzelen
Zoubereedung
- Gromperen schiälen an Daaleren schnegden.
- Eng gruus Pann wiärmen, an do drann Ualeg oder Botterschmalz erhëtzen. Gromperen rii aanbrooden an Hëtzt raaf driien. Ëmmer rëm dran réiren.
- Iwerdeems Geméiss schnegden.
- De Speck an dënn Streifen schnegden. An enger annerer Pann kräftig aanbrooden an mat Salz an Peffer würzen. Op Ségt stellen.
- No 20 Min. d’Ënnen an den Knuawléck ënnermëschen. Würzen
- Alles goud mëschen an 5 Min. brooden loossen, dann Tomaten an Fleesch drënner mëschen. An rëm 5 Min. brooden loossen.
- Als nächst 8 Läscher maan an all Loosch eent net geklapptent Ei schëdden.
- Den Deckel drop leen, an alles na fir 5-10 Min. brooden loossen, bis Eiwäiss gestockt as.
- Die kleng geschnidden Frühlingszwibbelen driwer verdeelen, an Pann op den Dësch stellen.
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten