Rahmchicorée mat bronger Botter

Iwert den Chicoree jëtt et net vill ze soen, ausser datt en Meenungen deelt, fir die Eng as en einfasch nëmmen batter an fir die Anner as et een Genoss. Ech gehiiren zu deen Anneren, an zwar an alle Variatiounen, van rii bis gekooscht, gebrooden oder gedënst.

Hei as dann mol eent Rezept mat Rahmzooss an bronger Botter.

Dofir hualen ech:

  • Chicorée
  • Zitrounensaaft
  • Geméissvelouté oder Béchamel
  • Rahm
  • Botter
  • Salz, Peffer
  • an jo hei hualen ech o bëssen Zocker, äwer net mi wie eng Messerspëtzt

Gekooscht han ech den Chicorée:

am Salz-Zitrounenwaasser 😉 noodeems ech en gebotzt an gewäsch han. De Chicorée net mi lang wie 10 Min. kooschen en soll net ganz mëll sen. Ech schnegden am Chicorée nie den Stronk raus, well ech net agesehn eppes fort ze werfen watt goud schmëscht.

Deen han ech dann ënner kaalem Waasser aafgeschreckt an goud ausgedreckt.

Als nächst han ech en dann an graff Stecker geschnidden, na eng kéier liit ausgedreckt an en dann an eng feierfest Form geleit. Do driwer han ech dann bëssen Geméissveloutée (Béchamel) verdeelt, net zevill en soll net dran schwammen. De Chicorée zéiht ëmmer na Waasser, ischter manner drop maan wie zevill.

Am virgewiärmten Schiäffchen bei 180°C Grad han ech den Chicorée goud 40 Min. gebaasch.

Iwerdeems han ech Botter an enger Kassrolle geschmolz an bronge Botter gemaat. Bëssen oppassen well de Botter verbrennt ganz siier. Wann ech mir meng Foto su aankucken hätt mein Botter o na eng Hëtzt verdroen.

No deen 40 Min. han ech alles an eent annert Dëppen gefëllt an kuurz opkooschen geloss. Geschmaascht an gewürzt. Do han ech dann o eng Messerspëtzt Puderzocker ënnergemëscht.

Dann Rahm dobäi schëdden bis eng sämig Konsitenz erreecht as, alles kuurz wiärmen.

Kuurz viraam zervéiren han ech dann 1-2 EL bronge Botter driwer verdeelt.

Rahmchicorée mat bronger Botter

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 600 g Chicorée

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 500 ml Geméissvelouté oder Béchamel

  • 100 ml Rahm

  • Salz, Peffer

  • 1 Msp. Puderzocker

  • Botter

Zoubereedung

  • De Chicorée botzen, wäschen an 10 Min. am Salz-Zitrounenwaasser kooschen.
  • Aafschëdden, ënner kaalem Waasser afschrecken an goud ausdrecken.
  • De Schiäffchen op 180° C Grad virwiärmen.
  • De Chicorée an graff Stécker schnegden, na eng kéier liit ausdrécken an en eng feierfest Form leen
  • Geméissvelouté oder Béchamel driwer vedeelen, pass äwer op datt en net dran schwëmmt. De Chicorée zéiht ëmmer na Waasser, et kann ischter manner drop sen wie zevill.
  • Ongeféier 40 Min. am waarmen Schiäffchen baaschen.
  • Iwerdeems Botter schmëlzen an bronge Botter maan. Hei bëssen oppassen well en verbrennt dir ganz siier.
  • No deen 40 Min. den Chicorée an eent anner Dëppen fëllen an kuurz opkooschen loossen. Schmaaschen, würzen an Puderzocker ënnerréiren.
  • Rahm ënnermëschen bis eng sämig Konsitenz entsteht.
  • Kuurz viraam zervéiren 1-2 Läffelen bronge Botter driwer verdeelen.

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*