Pasta Salsiccia mat Burrata

Eng typischt italienisch Pasta.

Dofir hualen ech:

  • Pasta
  • Salsiccia
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • wäisse Wéng
  • Tomatenpürée
  • Pelati
  • Burrata
  • (Basilikum)
  • Peffer & Salz
  • (evtl. bëssen Olivenualeg)

Gekooscht jëtt

Ënnen an den Knuawléck fein hacken.

Dann Salsiccia aus der Hogt drécken an engem waarmen Dëppen kräftig aanbrooden. Et brausch een keen Fett ant Dëppen ze maan Salsiccia sen fettif genou. Hëtzt bëssen raaf driien, Ënnen an den Knuawléck ënnermëschen an déi mat aanbrooden.

Subal déi bëssen Faaref aangehollt han Tomatenpürée ënnermëschen, alles goud vermëschen. Mam wäisse Wéng aafläschen an deen komplett ankooschen loossen.

Als nächst den Pelati drop schëdden opkooschen loossen, Hëtzt raaf driien an alles ongeféier 25-30 Min. kooschen loossen. Schmaaschen an würzen.

Paralell dozou Pasta no Packaaweisung “al dente” kooschen.

Een Zervéierkomb virwiärmen. Bëssen Zooss ënnendran verdeelen. Nuddelen direkt aus dem Waasser an den Zervéierkomb leen. Na bëssen Zooss driwer verdeelen. Burrata drop leen, an mat engem Messer opschnegden, su datt en iwert deene waarmen Nuddelen zerfleeft.

(De Basilikum zerplecken an iwert der Pasta verdeelen. Iwert den Burrata bëssen Olivenualeg verdeelen.)

Ech han hei gedrëchenten driwer gemaat, han vergeess frëschen Basilikum ze koofen.

Pasta Salsiccia mat Burrata

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 400 g Pasta

  • 4 Salsiccia

  • 1 gehackten Ënn

  • 2 Ziiwen gehackten Knuawléck

  • 100 ml wäisse Wéng

  • 2 EL Tomatenpürée

  • 400 ml Pelati

  • 2 Boullen Burrata

  • (2 EL Olivenualeg)

  • (1 Botte Basilikum)

  • Peffer & Salz

Zoubereedung

  • Salsiccia aus der Hogt drécken an datt Bannescht an engem waarmen Dëppen kräftig aanbrooden. Et brausch keen zousätzlicht Fett.
  • Hëtzt bëssen raaf driien, Ënnen an den Knuawléck ënnermëschen an déi mat aanbrooden.
  • Subal déi bëssen Faaref aangehollt han, den Tomatenpürée drënner mëschen an mat brooden.
  • Mam wäisse Wéng aafläschen an deen komplett ankooschen loossen.
  • Pelati ënnermëschen an datt Ganzt opkooschen loossen. Schmaaschen an würzen. Hëtzt raaf driien an ongeféier 25 bis 30 Min. kooschen loossen.
  • Paralell dozou Pasta an vill Salzwaasser al dent kooschen.
  • Een Zervéierkomb virwiärmen. Bëssen Zooss ënnendran verdeelen. Nuddelen direkt aus dem Waasser an den Zervéierkomb leen. Na bëssen Zooss driwer verdeelen. Burrata drop leen, an mat engem Messer opschnegden, su datt en iwert deene waarmen Nuddelen zerfleeft.
  • (Basilikum zerplécken an iwert der Pasta verdeelen. Bëssen Oliwenualeg iwert dem Kiiss verdeelen)
  • Ech han hei gedrëchente Basilikum gehollt, an deen driwer gestreit.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*