Poulet mat gedrëchent Tomaten

Poulet as watt würzen betrëfft su flexibel datt et baal bei alles passt. An ganz villen Rezepter kanns du annert Fleesch durich Pouletfleesch ersetzen, ouni vill mussen am Rezept ze änneren.

Hei as lo eent Rezept watt ganz einfasch zouzebreeden as, an net nëmmen datt. Fir Lékt die hirt Ässen vir die ganz Woosch virbereeden passt datt hei o. An Portiounen verpackt as et ongeféier 4 Deeg am Frigo haltbar.

Ech hualen,

  • Poulet, ech haat na een ganzen an der Truh, du kanns äwer o Pouletfilet hualen.
  • Salz
  • Peffer
  • bëssen Olivenualeg fir ze brooden
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • wäisse Wéng
  • Rahm
  • Bréit
  • gedrëchent Tomaten
  • Oregano
  • Chiliflocken
  • Parmesan
  • frëschen Estragon, has du den Estragon net jiären kanns du o Basilikum hualen.

Wie jëtt gekooscht?

Ech fänken aan datt ech Ënnen an den Knuawléck fein hacken. Tomat schnegden ech an fein Streifen. De Parmesan raspelen ech. De Wéng, Bréit, an die ganz Gewürzer stellen ech mir grëffbereet dohin.

De Schiaffchen wiärmen ech op 170°C Graad.

De Poulet würzen ech mat Salz an Peffer.

An engem waarmen Dëppen oder Pann, brooden ech den Poulet kräftig van deen 2 Ségten aan. Hualen en raus an stellen en op Ségt.

Am deem selwischten Dëppen brooden ech op mëttel Hëtzt Ënnen an den Knauwléck aan. Wann déi bëssen Faaref aangehollt han läschen ech datt Ganzt mam wäisse Wéng aaf. Deen loossen ech ganz ankooschen.

Dann schëdden ech Bréit drop, du kanns hei Fleeschbréit hualen oder Geméissbréit. Déi loossen ech opkooschen an ongeféier bis op Halschent ankooschen.

Als nächst mëschen ech Rahm drënner, loossen rëm alles opkooschen an bëssen reduzéiren.

Die gedrëchent Tomaten, Gewürzer an de Parmesan mëschen ech dann drënner, subal den Parmesan ganz geschmolz as leen ech den Poulet rëm dran an setzen datt Ganzt an deen waarmen Schiäffchen. Ouni Deckel loossen ech alles ongeféier eng halef Stonn durich zéihen.

No der halwer Stonn Dëppen aus dem Schiäffchen hualen, deen zerzupften Estragon drënner mëschen, schmaachen evtl. nowürzen an mat Deckel 5 Min. durich zéien loossen.

Ech han frësch Pasta dobäi gemaat, et passen äwer o Gromperen, Reis oder einfasch nëmmen eng Kuuscht Brugd dobäi.

Poulet mat gedrëchent Tomaten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 1 Poulet an 4 geschnidden oder 4 Pouletfilet

  • Salz & Peffer

  • bëssen Olivenualeg

  • 1 gehackten Ënn

  • 3 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 50 ml wäisse Wéng

  • 150 ml Bréit

  • 100 ml Rahm

  • 150 g gedrëchent Tomaten

  • 100 g geraspelten Parmesan

  • 1 TL gedrëchenten Oregano

  • 0,5 TL Chiliflocken

  • frëschen Estragon

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 170°C Graad virwiärmen.
  • De Poulet mat Salz an Peffer würzen. An engem waarmen Dëppen oder Pann bëssen Olivenualg erhëtzen an den Poulet kräftig van 2 Ségten aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An deem selwischen Dëppen op mëttel Hëtzt Ënnen an den Knauwléck aanbrooden. Subaal déi bëssen Faaref aangehollt han, mam wäisse Wéng aafläschen, an deen ganz ankooschen loossen.
  • Bréit drop schëdden opkooschen loossen an ongeféier bis op Halschent ankooschen loossen.
  • Als nächst Rahm drop schëdden an déi opkooschen loossen an nëmmen liit reduzéiren.
  • Die gedrëchent an a fein Streifen geschnidden Tomaten, Gewürzer an den Paremsan ënnermëschen. Subal den Parmesan ganz geschmolz as den Poulet dran leen.
  • Datt Ganzt an deen waarmen Schiäffchen stellen an ouni Deckel ongeféier 30 Min. durich zéihen loossen.
  • No der halwer Stonn, Dëppen aus dem Schiäffchen hualen, deen zerzuptfen Estragon drënner mëschen, schmaaschen evtl. nowürzen an mat Deckel 5 Min. durich zéihen loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*