Andéiven mat Ham: Chicon au Gratin eent traditionellt Ässen aus der Belsch, Nidderlande an Nord-Frankreich.
Dofir brausch ech.
- Andéiven (Chicon)
- Botter
- Miähl
- Mëlich
- gekooschten Hamm
- gemahlene schweizer Kiiss
- Salz, Peffer an Muskot
Gekooscht jëtt den Gratin:
Ech fänken aan mat den Andéiven, déi verbotzen ech, mi Decker schnégden ech längs durich, de Stronk raus schnégden, an wäschen se.
An engem waarmen Dëppen bëssen Botter erwiärmen, d’Andéiven am Botter op niddreger Hëtzt mat Deckel dënsten. D’Andéiven zéihen suvill Waasser datt se an hirem eegen Saaft kanne gekooscht jiänn.
Et kann een se äwer o an vill Salzwaasser mat bëssen Zitroun kooschen.
Pick mam Kniäpchen dran fir ze kontrolléiren op se mëll sen, sie kanne na bëssen Biss han.
Während d’Andéiven kooschen, préparéiren ech eng Mornay-Zooss. Ech maan aus Botter an Miähl een helle Roux, schëdden kaal Mëlich drop an ënner stännigem réiren loossen ech Zooss opkooschen. Op niddreger Hëtzt an ëmmer dran réiren loossen ech se ongeféier 20 bis 25 Min. kooschen. Würzen se mat Salz, Peffer an Muskot. Dann mëschen ech geraspelten Kiiss drënner an deen loossen ech an der Zooss schmëlzen.
Fir eng goud Béchamel ouni Klëmpercher, soll eng Saasch kaal sen an die anner waarem. Datt heescht, waarmen Roux mat kaaler Mëlich oder kaalen Roux mat waarmer Mëlich. Datt mi langt kooschen op niddreger Hëtzt déint dozou den miähligen Goût vam Roux fort ze kreien.
D’ Andéiven wecklen ech an eng Scheif Ham an leen se an eng feierfest Form. Schëdden dann bëssen Zooss driwer an streien geraspelten Kiiss driwer.
Am waarmen Schiäffchen gratinéiren ech d’Andéiven dann bis den Kiiss aafänkt goldig brong ze jiänn.
Dobäi passt Pürée, Fritten, Nuddelen, Reis…
Chicon au Gratin
Schwierigkeit: einfasch4
30
Minuten20
MinutenZutaten
8 Andéiven (Chicon)
8 Scheiwen Hamm
4 EL Botter
3 EL Miähl
0,5 L Mëlich
150 g Kiiss
Salz, Peffer & Muskot
Zoubereedung
- D’Andéiven verbotzen an wäschen.
- 1 EL Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzten an d’Andéiven op niddreger Hëtzt mat Deckel gar dënsten. Oder an vill Salzwaasser mat bëssen Zitrounensaaft mëll kooschen. Mam Kniäpchen dran picken sie kann na bëssen Biss han.
- De Schiäffchen op 180 °C Graad virwiärmen.
- Aus 3 EL Botter an 3 EL Miähl een helle Roux (Mehlschwitze) zoubereeden, kaal Mëlich drop schëdden an ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an Zooss na fir 20-25 Min. kooschen loossen, emmer mol rëm dran réiren. Mat Salz, Peffer an Muskot würzen.
- 50 g Kiiss ënnert Zooss mëschen an schmëlzen loossen.
- D’Andéiven an eng Scheif Hamm anrullen an eng feierfest Form leen.
- Kiisszooss driwer verdeelen.
- Deen geraspelten Kiss driwer streien an am waarmen Schiäffchen goldbrong gartinéiren.
- Dobäi passt Pürée, Fritten, Nuddelen, Reis…