Geméissgratin

Dësen würzigen Geméissgratin as net nëmmen fir Vegetarierer o fir Fleeschliebhaber as et eng aromatisch säftig Beilaag, an ech muss soen en klaut dem Fleesch sugar Show, en schmëscht wirklich goud. Ausserdeem kann een dësen Gratin o mat Séissgromperen maan.

Dofir brausch ech.

  • Gromperen oder Séissgromperen
  • Pastinaken
  • rugd Rommelen
  • Schalotten
  • Knuawléck
  • Rahm
  • geraspelten Parmesan
  • geraspelten schweizer Kiiss
  • Salz, Peffer an Oregano, am Platz nëmmen Oregano ze hualen kanns du o herbes de Provences hualen.
  • bëssen Botter fir Form an ze fetten

Gekooscht jëtt:

Wie ëmmer fänken ech aan alles su ze schnégden wie ech et brausch. Geméiss schiälen, wäschen an op der Mandoline an dënn Scheiwen huwelen. Geméiss getrennt an eenzel Schosselen leen. Ech lossen déi dann ongeféier 15-20 Min. durich zéien. Kuck beim Geméiss, datts du ongeféier selwischt vill van all Zort has

Schalotten an den Knuawléck fein hacken.

An all Schossel 3-4 EL Rahm, 50 g Parmesan, bëssen Oregano, Salz an Peffer ënnert Geméiss mëschen.

De Schiäffchen op 200°C Grad virwiärmen.

Eng feierfest Form botteren Schalotten an den Knuawléck ënnen dran verdeelen, deen rest Rahm drop schëdden.

Dann Geméiss an Form Schischten, wies du datt mëchs as denger Fantasie iwerloss, ech han hei 3 Streifen geleit.

Na eng kéier mat Salz an Peffer würzen an bëssen Oregano driwer streien.

Form mat Sëlwerpapeier zoudecken an fir ongeféier 45 Min. am waarmen Schiäffchen baaschen. Mam Kniäppchen kontroléiren op Geméiss bëssfest as.

Dann den Sëlwerpapeier raaf hualen, deen rest Parmesan an den Gruyère driwer verdeelen. Am waarmen Schiäffchen fir ongeféier 15 Min. gratinéiren.

Geméissgratin

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 3 geschiälten rugd Rommelen

  • 3-4 geschiälten Gromperen oder Séissgromperen

  • 1-2 geschiälten Pastinaken

  • Salz & Peffer

  • Oregano

  • 200 ml Rahm

  • 200 g geraspelten Parmesan

  • 2 gehackten Schalotten

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • bëssen Botter

  • 50 g geraspelten schweizer Kiiss

Zoubereedung

  • Geméiss getrennt an Schosselen leen, an all Schossel 50 ml Rahm, 50 g Parmesan, Salz, Peffer an Oregano mam Geméiss goud vermëschen. 15-20 Min. durichzéien lossen. Et as leider net su einfasch ze soen wivill Geméiss, kuck datts du van all Zort ongeféier selwischt vill has.
  • De Schiäffchen op 200°C Grad virwiärmen
  • Eng feierfest Form Botteren. Schalotten an den Knuawléck ënnen dran verdeelen. Deen Rest Rahm drop schëdden.
  • Geméiss ant Form schischten, na eng kéier mat Peffer, Salz an Oregano würzen.
  • Mat Sëlwerpapeier zougedeckt ongeféier 45 Min. am waarmen Schiäffchen baaschen. Kontroléier mam Kniäppchen op Geméiss bëssfest as.
  • No deen 45 Min. den Sëlwerpapeier raaf hualen, deen rest Parmesan an den Gruyère driwer verdeelen an na eng kéier fir 15 Min. am Schiäffchen gratinéieren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*