Chimichurri

Die traditionelle Chimichurri-Zooss, Dip oder Marinade stammt aus Argentinen. Grondbestandeeler van dëser Zooss sen, Péitersilich, Oregano, Knuawléck, Frühlingszwibelen oder Schalotten, Paprika oder/an Chili, Essig an Ualeg.

Am einfachsten an am siiersten jëtt dës Zooss an der Këchenmaschin préparéiert. Wanns du äwer Zéckt has, maan se am Mörser an schnég alles op der Hand kleng. Näist geent Këchenmaschine, mais wie bei villen kaalen Zoossen kann datt den Goût verdiärwen. Durich die siier Reiwung an der Maschin entsteht Hëtzt an dodurich kann Zooss batter jiänn.

Fir Chimichurri hualen ech:

  • Péitersilich
  • Knuawléck
  • Schalotten
  • Olivenualeg
  • Rugdewéngessig
  • Zitrounensaaft
  • Oregano
  • frësch rugd Chilischoten oder gedrëchent Chiliflocken
  • frësch gemahlene Peffer
  • Salz

Wie fänken ech aan?

Firtischt han ech Geméiss mol all kleng geschnidden. Schalotten an den Knuawléck fein gehackt.

De Péitersilich fein hacken an wanns du eng frësch Chilischot hëlls, entkären, die wäiss Fädem rausschnegden an o kleng hacken.

Ess du nët jiären scharef, kanns du o einfasch eng normal rugd Paprika hualen.

Dann han ech alles mam Ualeg, Essig, Zitrounensaaft, Peffer an Salz an enger Schossel goud vermëscht.

Verfeineren kanns du dësen Dipp na mat frësch gehacktem Koriander an gemahlenem Kreuzkümmel

Dës Zooss am besten am Frigo lageren an sen ënnerhalb van 24-48 Stonnen ässen.

Chimichurri

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 30 g gehackten Péitersilich

  • 40 g gehackten Koriander

  • 20 g gehackten Knuawléck

  • 40 g gehackten Schalotten

  • 1-2 TL Chiliflocken oder 1 gehackten an entkärten rugd Chilischot

  • 2 TL gedrëchenten Oregano oder 1-2 EL frësch gehackten Oregano

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 70 g Olivenualeg

  • 100 g Rugdewéngessig

  • 0,5 TL frësch gemahlene Peffer

  • 1 TL Salz

Zoubereedung

  • Geméiss all kleng hacken.
  • Mat dem Ualeg, dem Essig, Zitrounensaaft an den Gewürzer goud mëschen.
  • Wie’s du datt würz, muss du selwer wossen, wann dir den Chilli ze scharef ass, dann huale eng rugd Paprika
  • An o den Ualeg kanns du durich einfaschen Ualeg ersetze, et muss keen Olivenualeg sen.
  • verfeineren kanns du dësen Dip na mat 1 EL frësch gehacktem Koriander an 0,5 TL gemahlenem Kreuzkümmel.
  • Zooss soll kéil gelagert jiänn an ënnerhalb van 24-48 Stonnen verbrauscht jiänn.

Notiz

  • dës Zooss kann als Zooss, Dip oder Marinade verschafft jiänn.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*