Poulet gehiiert bei dene meesten well ségt Joeren zum Lieblingsässen. Bei dësem Rezept kanns du een ganzen Poulet hualen oder “Hähnchenbeencher”. Viraan enger partie Joeren han ech mol mat enger Studentin geschafft, déi hat Pouletstrempelen su genannt, an ech fannen datt Wuort sching 😉
Befir et äwer loss geht brausch een na verschidden Liäwensmëttel.
- Poulet, o wann ech dir domatt op Nerven gin, fir eent anständigt Rezept brausche een o anständig Liäwensmëttel. Datt fänkt aan beim Fleesch koofen. Pouletfleesch datt ageschweest as, an nëmmen 2-3 €/kg koost, bei deem kanns du dir sëcher sen, datt Déiererchern net vill Sonn gesehen hat, wann iwerhaupt. Et muss net unbedingt BIO sen, mais et soll van gouder Qualitéit an aus aartgerechert Haltung kommen.
- rugden an jiällen Spitzpaprika
- deck Tomaten
- TK-Iärbessen, ech hualen TK-Iärbessen aus deem Grond, déi sën zu genau der richtiger Zéckt gepléckt jiänn, dann Schockgefruaren su behaalen sie die meest van hire Nährstoffer.
- Olivenualeg
- Zitrounensaaft
- Salz & Peffer
- Oregano
- Chorizo, am Originalrezept as Chorizo mat dran, leider as o Chorizo eent Opfer van der Liäwensmëttelindustrie jiänn. Chorizo as eng Wuust van der iberischer Halefinsel an jëtt an ganz Spanien an Portugal produzéiert. Et as bei eis äwer schwiereg goud Chorizo ze fannen. Der industriell produzéierter Wuuscht fehlt leider datt wichtigst, an datt as Zéckt. Zéckt déi et brausch eent Schwéng anstänndig an richtig ze mästen, su datt Fett Zéckt hat fir ant Fleesch anzedréngen. An Zéckt déi Wuuscht brausch fir die ganz Aromen opzehualen an op natiirlechem Weeg ze drëchnen an su deen richtigen Geschmaasch ze entweckelen. Schmëscht se scharef an nëmmen no Gewürz as datt meestens eent Zeechen fir die schlecht Qualitéit vam Fleesch ze iwerdecken.
- Ech han an dësem Rezept keng Chorizo dran gemaat.
Wie jëtt gekooscht?
De Poulet mat Salz, Peffer an Oregano würzen an eng goud halef Stonn durich zéien loossen. Du kanns o eng Marinade maan. Well ech na Chimicurry haat han ech den Poulet domatt angeriwen an en iwert Näit am Frigo durich zéien geloss.
De Paprika entkären an an kleng Stecker schnegden.
Iärbessen aus der Truh hualen.
Tomaten halbéieren.
An engem waarmen Dëppen Olivenualeg erhëtzen. Tomaten mat der geschniddener Ségt no ënnen kräftig aanbrooden su datt se brong jëtt. Raus hualen an op Ségt stellen.
An deem selwischten Dëppen den Poulet ronderëm kräftig aanbrooden. Raus hualen an op Ségt Stellen.
Rem an deem selwischten Dëppen de Paprika aanbrooden, Iärbessen ënnermëschen an Zitrounensaaft drop schëdden, deen komplett ankooschen loossen. Mat Salz, Peffer an Oregano würzen.
Mëchs du Chorizo mat darn, déi o aanbrooden, an iwert dem Paprikageméiss verdeelen.
Om Paprika die aangebrooden Tomaten verdeelen. De Poulet drop leen, mat Deckel am waarmen Schiäffchen bei 180°C Grad an ongeféier 40-45 Min. färdeg schmooren.
Spanischen Poulet
Schwierigkeit: einfasch4
40
Minuten45
MinutenZutaten
1 Poulet an 4 Stecker geschnidden
100 g gewürfelten jiälen an rugden Spitzpaprika
100 g TK-Iärbessen
Saaft van enger halwer Zitroun
4 déck Tomaten
Olivenualeg
2 TL Oregano
Salz & Peffer
optional 100 g an Scheiwen geschnidden Chorizo
Zoubereedung
- De Schiäffchen op 180°C Grad virwiärmen.
- An engem waarmen Dëppen Olivenualeg erhëtzten
- Tomaten halbéiren an mat der geschniddner Ségt kräftig aanbrooden bis se brong sen. Raus hualen an op Ségt stellen.
- Als nächst Pouletstecker all ronderëm kräftig aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
- optional Chorizo kräftig aanbrooden. Op Ségt stellen.
- Dann de Paprika aanbrooden. Iärbessen ënnermëschen. Mat Salz, Peffer an Oregano würzen, Zitrounensaaft drop schëdden an komplett ankooschen loossen. .
- Tomaten an Chorizo op Geméiss leen, dann de Poulet driwer leen.
- Mat Deckel am waarmen Schiäffchen ongeféier 45 Min. schmoren.
- Dobäi passt, Reis, Nudelen, Gromperen…