Topinambur

Kleng Knoll mat engem nossigen, séisslichen Geschmaasch: Topinambur obwohl well su aal, an Vergeessenhet gerooden an van Kritiker als fad an langweilig beschriwen, sen se Hogt een Geheimtipp an der Këchen.

Déi ursprünglich aus Nordamerika stammend Knoll as do well van den Indianer, lang befir Europär se entdeckt han, aangebaut jiänn.

Ween Topinambur na net kënnt, soll se unbedingt mol eng kéier ausprobéiren. Sie lisst sech op vill verschidden Manéier zoubereeden, Optisch erënnert Topinambur bëssen aan eng Gromper, sie kann rii oder gekooscht gässen jiänn. Rii schmëscht dës Knoll liit batter, gekooscht hat sie een séisslichen Geschmaasch.

Topinambur kann mat oder ouni Schal gäss jiänn. Dës Wuurzelen loossen sech ganz einfasch an enger Zopp oder als Pürée verschaffen. An dënn Scheiwen geschnidden kann een se brooden, an Deeg zoppen an frittéiren, am Schiäffchen baaschen…

Annecht wie Gromper enthält Topinambur keng Stärke. Een ganz wichitgen Inhaltsstoff as Inulin, een Balasstoff, deen siier satt mëcht, deen den Zockerspéiel äwer konstant hält, dofir as Topinambur ganz goud fir Diabetiker.

Topinambur zoubereeden

Dofir brausch ech?

  • Topinambur
  • Botter
  • Salz
  • Curyypolwer
  • Muskot
  • Knuawléck
  • Péitersilich

Zoubereedung

Ob’s du Topinambur schiäls oder nët hängt meestens van der Grisst aaf. Kleng Knollen brauschen net geschiällt ze jiänn, mat enger Biischt ënner fléissendem kaalen Waasser proper aafschruppen. Mi déck Knollen han o mi eng fest Schaal, entweeder viraam kooschen wie eng Gromper schiälen oder an der Schaal kooschen an se dono schiälen.

Wann deng Verdauung aan ballaststoffträicht Ässen gewiännt as, kanns du Topinambur rii an engem Zaloot ässen.

Ech han Topinambur proper geschruppt, dann han ech se an dënn Scheiwen geschnidden an am Botter op mëttel Hëtzt an 15-20 Min. gar gebrooden.

Gewürzt han ech se mat Salz, Knuawléck, bëssen Muskot an bëssen Currypolwer.

Zum Schluss han ech na gehackte Péitersilich driwer gestreit.

Topinambur

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 500 g Topinambur

  • 2 Ziiwen gehackten Knuawléck

  • bëssen Botter fir ze brooden

  • Salz

  • Muskot

  • Currypolwer

  • 0,5 Bott gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • Topinambur grëndlich mat enger Biischt ënner fleissendem kaalen Waasser wäschen. Sen et mi deck Knollen dann schiälen.
  • Topinambur an dënn Scheiwen schnegden.
  • Botter an enger waarmer Pann erhëtzten, an d’Scheiwen do dran brooden.
  • Gewürzer an den Knuawléck ënnermëschen.
  • Alles Goldbrong brooden
  • Kuurz viraan Schluss gehackten Péitersilich ënnermëschen. Deen eng kéier kuurz mat schwenken.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*