Geschnetzeltes vam Schwéng, op Grond van sengem mëllen Geschmaasch harmonéiert et mat ganz villen Liäwensmëttel, Ob am Wok die asiatisch Versioun, oder an enger Rahmzooss.
Hei as eent Rezept an enger Zooss mat Parmesan an Kooschelen.
Dofir hualen ech.
- Schwéngsgeschnetzeltes
- Olivenualeg fir ze brooden
- Ënnen
- Knuawléck
- Kooschelen
- Zitrounensaaft
- wäisse Wéng
- Béchamelzooss
- Rahm
- Parmesan
- Thymian, Rosmarin, Muskot
- Salz & Peffer
- Bratzelen
Gekooscht jëtt.
Fleesch schnegden ech an dënn Streifen, würzen et mat Thymian, Rosmarin, Salz an Peffer an loossen et fir ongeféier 30 Min. bei Raumtemperatur durich zéien.
Iwerdeems hacken ech Ënnen an den Knuawléck kleng.
Kooschelen wann se kleng sen schnegden ech se an véirel sen se mi deck an Scheiwen.
An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech Olivenualeg an brooden Fleesch kräftig aan. Hualen et raus an stellen et op Ségt.



An deem selwischten Dëppen dënsten ech Ënnen an den Knuawléck aan bis se aafänken bëssen Faaref aanzehualen.
Dann mëschen ech Kooschelen drënner an brooden déi mat aan. Liit salzen an pefferen.
Ech pressen eng halef Zitroun aus, schëdden den Saaft drop an loossen en komplett ankooschen
Datt Ganzt läschen ech dann mam wäisse Wéng aaf an deen loossen ech o ankooschen.
Béchamel an Rahm drop schëdden an opkooschen loossen. Schmaaschen an würzen.



Hëtzt raaf drien an deen frësch geraspelten Parmesan ënnermëschen, wann deen ganz geschmolz as Fleesch ënnerréiren.
Mat Deckel loossen ech datt Ganzt op niddreger Hëtzt fir ongeféier 20-30 Min. durich zéien. Schmaaschen an mat Thymian, Rosmarin, Muskot, Salz an Peffer würzen.
Viraam zervéiren die kleng geschnidden Bratzelen ënnermëschen.


Iwerdeems han ech Spaghetti gekooscht, du kanns als Beilaag äwer o Gromperen, Fritten, Reis oder eng anner Zort Nudelen maan.
Schwéngsgeschnetzeltes an enger Kiisszooss
Schwierigkeit: einfasch4
30
Minuten30
MinutenWatt brausch ech?
800 g Schwéngsgeschnetzeltes
Olivenualeg fir ze brooden
1 gehackten Ënn
2 gehackten Ziiwen Knuawléck
250 g an Scheiwen geschnidden Kooschelen
Saaft van enger halwer Zitroun
60 ml wäisse Wéng
0,5 L Béchamelzooss
100 ml Rahm
100 g frësch geraspelten Parmesan
1 EL Thymian
1 EL Rosmarin
bëssen Muskot
Salz & Peffer
1 Botte Bratzelen, kleng geschnidden
Wie jëtt gekooscht
- Fleesch mat Salz, Peffer, Rosmarin an Thymian würzen, an fir ongeféier 30 Min. bei Raumtemperatur durich zéien loossen.
- An engem waarmen Dëppen Olivenualeg erhëtzen an Fleesch kräftig aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
- An deem selwischten Dëppen, Ënnen an den Knuawléck brooden bis se aafänken bëssen Faaref aanzehualen. Dann Kooschelen drënner mëschen an déi mat aanbrooden. Liit salzen an pefferen.
- Zitrounensaaft drop schëdden an ankooschen loossen.
- Dann den Wéng drop schëdden an deen o ankooschen loossen.
- Béchamel an Rahm drop schëdden an opkooschen loossen. Schmaaschen an würzen.
- Hëtzt raaf driien an de Parmesan ënnermëschen, wann deen ganz geschmolz as, Fleesch ënnerréiren.
- Mat Deckel lossen ech datt Ganzt op niddreger Hëtzt fir ongeféier 20-30 Min. durichzéien. Mat Salz, Peffer, Rosmarin, Thymian an Muskot aafschmaaschen.
- Viraam zervéiren Bratzelen ënnerréiren.
- Iwerdeems han ech Spaghetti gekooscht, du kanns äwer o Gromperen, Reis, Fritten oder anner Nudelen dobäi maan.
Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Paprika Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zocker Zooss Zoossenfond Zopp