Batata Harra

Batata Harra ass eng würzig Gromperenbeilaag, déi aus dem Herzen vam nohen Osten kënnt. Dës Gromperen sen bekannt fir hiren scharefen Aroma an die aromatisch Mëschung aus Gewürzer an Krégder. Et ass eng beléift Beilaag, déi dachs am Lybanon, Syrien an anner arabischen Länner zervéiert jëtt.

Batata Harra, datt iwersatt “würzig Gromper” heescht, ass eent Ässen, datt su aal ass wie Zéckt selwer. Et jëtt aangeholt, datt dës Gromperen hiren Ursprong an der Levante-Regioun han, déi fir hir reich kulinarisch Traditiounen bekannt sen. Et ass rëm eent van deene Beispiller, déi weisen, wie einfasch Zutaten an jätt aussergewéinliches verwandelt jänn. Et ass net nëmmen een gouden Maufel, mais o eent Fest fir d’Auen mat der schinger jäller Faaref an deem frëschen gréin van den Krégder.

Fir dës Missioun brausch ech:

Die best Spiounen an Form van festkoochenden Gromperen, den Olivenualeg duaref natiirlech o net fehlen. Fir den Spiounen eng sching sonnig Faaref ze jänn suarigt Kurkuma. De Cumin ass under cover ënnerweesch an suraigt fir eng richtig Geschmaaschsexplosioun. Fir datt nigdischt Feier ass frëschen Chili zoustännig. De Knuawléck muss bei dësem Team natiirlech o dobäi sen. Zitrounensaaft suraigt fir deen richtigen Frëschekick. An voller Courage schmäisst sech den Koriander mat drënner, an fir déi die net suvill Courage han steht den Péitersilich well parat.

Fir datt dës Missioun geléngt brausch ech na eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eent Baschblesch mat Baaschpapeier, eng Pann oder Casserolle, een Holzeläffel an eng Zitruspress.

Zoubereedung

Gromperen schiälen ech an schnégden se an ongeféier glaichmässig, net ze gruuss Würfelen.

Dann kann een Gromperen frittéieren. Sie jiänn zwar dann knusperig schmaaschen äwer o no deem Fett an deem se frittéiert jiänn sen. Natiirlech kann een se o am “Air fry” maan.

Ech han se bei hiier Temperatur mat bëssen Olivenualeg, Salz an Peffer am Schiäffchen gebaasch. Bei 250 °C Grad 25 Min. baaschen, dann eng kéier driien an dann na fir 10-15 Min. baaschen an su jiänn sie o am Schiäffchen knusperig.

Iwerdeems Gromperen am Schiäffchen stinn kann een Zooss maan déi hanneno driwer kënnt.

De Knuawléck schiälen ech an hacken en fein.

Chilischot entkären ech an hacken se fein.

Ech erhëtzen eng Pann oder Casserolle op niddrig bis mëttel Hëtzt, do dran réisteren ech Korianderpolwer, Cumin an Kurkuma aan. Goud oppassen datt verbrennt ganz siier, subal et rëcht, den Olivenualeg drop schëdden. De Knuawléck an Chilischot drënner mëschen kuurz erwiärmen vam Feier zéien an am besten an eng kaal Schossel ëmfëllen.

D’Halschent vam frëschen, gehackten Koriander drënner mëschen. Well ech selwer net su een gruussen Frënd vam Koriander sen, han ech mir Koriander an Péitersilich gemëscht.

Zooss an eng Schossel ëmfëllen an op Ségt stellen bis Gromperen färdeg sen.

Subal Gromperen färdeg sen, an eng Schossel fëllen an Zooss driwer schëdden an goud mëschen. Den Rest van der Koriander-Péitersilich-Mëschung an den Zitrounensaaft mat ënnermëschen.

Tipps fir datt Batata Harra geléngen

  1. Behaal Gromperen am Au, sie sollen baussen knusperig an bannen mëll sen.
  2. Gewürzer kanns du ganz dengem Geschmaasch aanpassen, wanns du et net su scharef wëlls dann looss Chilischot einfasch fort, an mësch bëssen Paprikapolwer mat drënner.
  3. Bei dësen Gromperen ass Koriander een Muss, deen brengt Frëscheet an dës Gromperen. Mam Koriander ass et äwer su. Bei villen hannerlisst den Koriander een seefigen Geschmaasch am Mond, du kanns den Koriander o ganz durich Péitersilich ersetzen.

Batata Harra

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

6

Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 1 kg geschiällt an gewürfelt Gromperen

  • 80 ml Olivenualeg

  • 1 TL Salz

  • 0,5 TL Peffer

  • 1 TL Kurkuma

  • 2 TL Korianderpolwer

  • 0,5 TL Kreuzkümmel (Cumin)

  • 4 Ziiwen gehackten Knuawléck

  • 1 frësch Chilschot, entkärt an gehackt. Alternativ fir déi et net su scharef wëllen 1 TL Paprikapolwer

  • 0,5 Botte frëschen gehackten Koriander

  • 0,5 Botte frëschen gehackten Péitersilich

  • Saaft van 0,5 Zitroun

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 250°C Grad virwiärmen.
  • Gromperen goud aafwäschen an aafdrëpsen loossen. An eng Schossel maan, an mat 2-3 EL Olivenualeg, Salz an Peffer mëschen.
  • Gromperen op enger Baaschplaque mat Baaschpapeier verdeelen su datt se net openeen leien.
  • Am waarmen Schiäffchen ongeféier 30-35 Min. baaschen. No 25 Min. Gromperen mëschen an driien, an fir wégder 15 Min. baaschen.
  • Iwerdeems Gromperen am Schiäffchen stinn. Eng Pann oder Casserolle op niddrig bis mëttel Hëtzt erwiärmen.
  • De Korianderplower, Cumin an Kurkuma anréisteren, goud oppassen Gewürzer verbennen ganz siier.
  • Den Olivenualeg, Knuawléck an Chili ënnermëschen an kuurz erwiämren.
  • Vam Feier zéien an am besten an eng kaal Schossel ëmmfëllen
  • Ongeféier Halschent vam Koriander-Péitersilich-Mëschung ënnermëschen.
  • Gromperen an eng Schossel fëllen, Zooss driwer schëdden alles goud vermëschen. Deen Rest Koriander-Péitersilich an Zitrounensaaft ënnermëschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*