Poulet gefëllt mat Duxelles

Fir dëst Rezept brausch ech?

  • Pouletfilet
  • Kooschelen
  • Zitrounensaaft
  • Peffer, Salz & Thymian
  • Olivenualeg
  • Rahm

Wie jëtt gekooscht?

Firtischt eng Duxelles virbereeden.

Du kanns de Pouletfilet einfasch nëmmen bëssen anschnégden, su datt Fleesch eng art Täsch hat, oder du schnégs en längs durich an du klapps et platt. Liit salzen an ongeféier 30 Min. durich zéien loossen.

Iwerdeems de Poulet durich zéiht, Kooschelen an dënn Scheiwen schnégden an eng feierfest Form leen. Bëssen Olivenualge driwer verdeelen an mat Salz, Peffer an bëssen Thymian würzen.

Den Zitrounenjus drop schëdden.

De Poulet, ech han en platt geklappt, mat der Duxelles besträichen an anrullen, mat engem Zahnstocher fixéiren. Wanns du eng Täsch dran geschnidden has, déi mat der Duxelles fëllen.

Op déi gewürzte Kooschelen leen, mat Deckel ongeféier 15-20 Min. am waarmen Schiäffchen bei 180°C pochéiren.

Wann den Poulet färdeg as, raus hualen an waarem stellen. Kooschelen an die Flëssigkeet, déi sech während dem pochéiren gebild hat, opkooschen loossen. Bëssen Rahm dran schëdden an bis op die gewënschte Konsitenz ankooschen loossen. Schmaaschen evtl. noowürzen.

Zooss bei den Poulet zervéiren.

Ech han hei Rosmarinchipsen dobäi gemaat, Reis oder Nuddelen passen o goud dobäi.

Poulet gefëllt mat Duxelles

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 4 Pouletfilet

  • 250 g Kooschelen

  • 200 g Duxelles

  • Saaft van 1 Zitroun

  • Salz, Peffer, bëssen Thymian

  • Olivenualeg

  • 100 ml Rahm

Zoubereedung

  • De Poulet anschnégeden su datt eng art Täsch entsteht, oder längs halbéiren an platt klappen. Liit salzen an 30 Min. durich zéien loossen.
  • De Schiäffchen op 180°C Grad virwiärmen.
  • Kooschelen an dënn Scheiwen schnégden, an eng feierfest Form leen.
  • Bëssen Olivenualeg driwer verdeelen, mat Salz, Peffer an bëssen Thymian würzen.
  • De Poulet, ech han en platt geklappt, mat der Duxelles besträichen an anrullen, mat engem Zahnstocher fixéiren. Wanns du eng Täsch dran geschnidden has, déi mat der Duxelles fëllen. Op die gewürzte Kooschelen leen.
  • Am waarmen Schiäffchen an mat Deckel ongeféier 15-20Min. pochéiren
  • Wann den Poulet färdeg as, raus hualen an waarem stellen. Kooschelen an die Flëssigkeet, déi sech während dem pochéiren gebild hat, opkooschen loossen. Bëssen Rahm dran schëdden an bis op die gewënschte Konsitenz ankooschen loossen. Schmaaschen evtl. noowürzen.
  • Zooss bei den Poulet zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*