Italienisch Nuddelzaloot

Den italiensichen Nuddelzaloot as eent beléift Ässen, datt aus gekooschten Nuddelen, frëschen an gedrëchenten Tomaten, Rucola, Mozzarella… an je no perséinlichem Geschmaasch, Oliven, Paprika, Cornichon an enger würziger Vinägrett besteht. Dëst as een erfrëschenden Zaloot an kann mat verschiddenen Zutaten denger Wahl verfeinert jiänn.

Fir dës Zaloot brausch ech:

  • Nuddelen, ech han Farfalle gehollt, mais anner Zorten passen o
  • Kiischtentomaten, eegne sech goud fir Zalooten, Snacks oder als Garnitur op engem Ässen. Sie han een séissen Geschmaasch an sen doweenst bei villen Mënschen beléift.
  • gedrëchent Tomaten, han een intensiven séisslichen Geschmaasch, sie sen villségtig asetzbar an jiänn dachs an Pasta, Zalooten, Warps, Pizza oder als Snack verschafft.
  • Pinienkären, sie han een zarten nossigen Geschmaasch an jiän als Topping an villen Ässen verschafft. Dachs jiänn se geréistert fir hiren Geschmaasch na mi intensiv ze maan.
  • Rucola, hat een liit scharefen, nossigen geschmaasch. Bläder sen donkel gréin an gezackt. Sein pikanten Aroma harmonéiert mat vill verschiddenen Menüer.
  • Mozzarella, dësen Kiis hat eng mëll, crémig Textur, an as durich sen mëllen Geschmaasch, villségtig an der Këchen ansetzbar.
  • ween well kann o na Oliven mat drënner mëschen. Oliven sen eng beléift Zutat an Zalooten, op der Pizza oder an der Pasta, genausu jiären sie als Snack bei Apéritif zervéiert.
  • Olivenualeg, de¨sen Ualeg as den Hauptbestandeel van der mediterraner Këchen. Weltwégt bekannt fir sein Geschmaasch an deen gesondheetlichen Notzen.
  • Balsamico, as een besonnegen Essig, deen sein Ursprong an Italien hat, an der Regioun Modena an Reggio Emilia. En zeechent sech durich een séissen an intensiven Geschmaasch aus.
  • Zitrounensaaft, déint dozou Geschmaasch ant Ässen ze brengen, et intensivéiert en Geschmaasch an jëtt dem Ässen een erfrëschende Kick.
  • Basilikum Pesto, dësen Pesto jëtt an der italienischer Këchen hii geschätzt. En jëtt villen Menüer een aromatischen Geschmaasch
  • Peffer & Salz, no Geschmaasch.

Zoubereedung:

Nuddelen an vill Salzwaasser no Packaweisung al dente kooschen, aafschëdden an ënner kaalem Waasser aafschrecken.

Die gedrëchent Tomaten schnégden ech an dënn Streifen an Kiischtentomaten halbéiren ech.

De Rucola botzen an grëndlich wäschen, an der Zalootenschleider drëchnen.

Den Mozzarella, hei han ech die kleng Boulen kooft, du kanns se ganz loossen, ech han se äwer an véirel geschnidden.

Pinienkären an enger drëchener waarmer Pann réisteren, bleif dobäi stoen, ee Moment net opgepasst an si verbrennen.

Mëchs du na Oliven mat dran, déi halbérien an entkären.

Fir den Dressing, mëschen ech Olivenualeg, mat donklem Balsamico, Basilikum Pesto an Zitrounensaaft, würzen mat Peffer an Salz.

An enger gruuser Schossel mëchen ech alles goud mateneen, setzen den Zaloot dann na fir eng Stonn an de Frigo, schmaaschen an evtl. na mat Peffer, Salz, Zitrounensaaft an Balsamico nowürzen.

Italienisch Nuddelzaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 500 g Nuddelen (Farfalle)

  • 600 g halbéiert Kiischtentomaten

  • Rucola, no Geschmaasch

  • 120 g gedrëchent an dënn Streifen geschnidden Tomaten

  • 120 g geréiestert Pinienkären

  • 200 g kleng geschniddene Mozzarella

  • Halbéiert an entkärten Oliven, no Geschmaasch

  • Fir den Dressing
  • 200 ml Olivenualeg

  • 3 EL Basilikum Pesto

  • Saaft van 0,5 – 1 Zitroun

  • 100 ml donklen Balsamico

  • Peffer & Salz

Zoubereedung

  • Nuddelen an vill Salzwaasser no Packaaweisung al dente kooschen, aafschëdden an ënner kaalem Waasser aafschrecken.
  • Nuddlen mat den Tomaten, de Pinienkären, dem Rucola, den Oliven an enger gruusser Schossel mëchen.
  • Fir den Dressing
  • Olivenualeg, Pesto an Balsamico goud mëschen, (maan firtischt nëmmen Saaft van enger halwer Zitroun dran), mat Salz an Peffer würzen.
  • Den Dressing iwert den Zaloot schëdden, goud mëschen an 1 Stonne am Frigo durich zéien loossen.
  • Schmaaschen an evtl. mat Peffer, Salz, Zitrounensaaft an Balsamico nowürzen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*