Ketchup

Ketchup as eng van de Lieblingszoossen van Kanner, déi bei Fritten, op engem Sandwich oder sugar op den Nudelen gäss jëtt.

Geschicht vam Ketchup

Jidefereen hat bestëmmt eng Fläsch Heinz Ketchup am Frigo stoen, et as datt Erfolegsprodukt van Heinz. Heinz wor deen ischten deen Liäwensmëttel an durichsischtig Fläschen angefëllt hat, aus deem Grond datt all Mënsch gesehen hat wat dran as. Fir datt den Ketchup van Heinz an den Verkoof kënnt jëtt sugar gemoss wie siier de Ketchup fléisst, hat den Ketchup net déi Fléissgeschwënnischkeet van 0,045km/h kënnt en net an den Verkoof.

Heinz hat Rezept vam Ketchup äwer net erfond, die ursprünglich Zooss kënnt aus dem Osten, die deemools Ké-tsiap genannt jiänn as. Eng scharef Würzzooss, déi van den Englänner mat an den Westen breit jiänn as. Englänner han deen stariken, scharefen Geschmaasch net geschätzt an han Kooschelen an Schalotten ënnert Zooss gemëscht. An mat den Siedler as su den Ké-tsiap an Amerika gelandt.

Ëm 1800 as du Tomat dobäi kommen, an Heinz hat just den Zocker mat drënner gemëscht, fir deen séissen Geschmaach an fir Zooss mi lang haltbar ze maan. An mat der richtiger Vermaartung krëtt een Heinz Ketchup hogt Weltwegt ze koofen.

Rezept vam Heinz Ketchup as ënner Verschloss, aus deem Grond, fir datt keen Rezept kopéiert, stinn hannen op der Fläsch keng genau Prozentangaben.

Ketchup van Hogt

Den Ketchup van Hogt besteht zu 80% aus Tomaten, Zocker, Essig an Gewürzer, bei der Gewürzmëschung jiän et äwer Ënnerscheeder zwëschen Europa an Amerika.

Zutaten:

  • Tomaten
  • Ënnen
  • brongen Zocker
  • Rugdewéngessig
  • Dijonmostert
  • schwarz Pefferkäre
  • Neelcheskäpp
  • Lorbeerblaad
  • optional: Paprikapolwer edelsüss
  • Salz

Zoubereedung

Tomaten wäschen, meng woren geschiällt, ech han Tomaten angekooscht an 2 Gläser woren net richtig zou, su datt ech mech dozou entscheed han Ketchup ze maan. Geschiällt mussen se net jiänn, well den färdeg Ketchup na durich eent Saft geschott jëtt. Tomaten an Stécker schnégden an aafdrëpsen lossen.

Ënnen han ech geschiält an graff gehackt. An engerm waarmen Dëppen han ech bëssen Ualeg erhëtzt an Ënnen op mëttel Hëtzt aangedënst.

Dann han ech Tomaten ënnergemëscht an alles fir ongeféier 30 Min. gekooscht. Natiirlech ëmmer mol rëm dran réiren.

No enger gouder halef Stonn alles durich eent Saft schëdden an mat Hëlef van engem Läffel durich drecken an zereck ant Dëppen schëdden.

Pefferkären, Lorbeerblaad an Neelchsekapp an eent Gewürzei maan, an bei Zooss an Dëppen leen. Dann den Zocker an den Essig ënneréiren an alles op niddreger Hëtzt 2 Stonnen kooschen loossen.

No deen 2 Stonnen Gewürzei raus hualen an den Moster an Paprikapolwer ënnerréiren an dann na eng kéier fir 30 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen.

Zum Schluss de Ketchup schmaaschen, evtl mat Salz an Essig nowürzen oder zockeren an durich eent Saft streichen, waarem an Gläser fëllen an fest verschléissen.

Tipp:

  • Wëlls du een Chiliketchup maan, den Chili kleng hacken an die 2 Stonnen mat kooschen.
  • Bei Curryketchup den Curry direkt am Aafank mat den Ënnen andënsten, durich aandënsten entweckelt den Curry mi Geschmaasch.
  • Zum Schluss natiirlech ëmmer schmaaschen op genou van allem dran as.

Ketchup

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

3

Stunden 

Zutaten

  • 500 g graff gehackten Ënnen

  • 1 KG gewürfelt an aafgedrëpsten Tomaten

  • 1 EL schwarz Pefferkären

  • 4 Neelcheskäpp

  • 1 Lorbeerblaad

  • 250 g brongen Zocker

  • 300 ml Rugdewéngessig

  • 1 EL Dijonmostert

  • Salz

  • Optional: 1 EL Paprikpolwer edelsüss

  • Chiliketchup
  • 2 gehackten an entkärten Chilischoten, die 2 Stonnen matkooschen

  • Curryketchup
  • 2-3 TL Currypolwer mat den Ënnen aandënsten

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen bëssen Ualeg erhëtzen an d’Ënnen op mëttel Hëtzt aandënsten.
  • Tomaten ënnerréiren an fir 30 Min. op mëtttel Hëtzt kooschen loossen. Durich eent Saft sreichen.
  • Tomatenzooss zereck ant Dëppen schëdden. Essig an Zocker ënnermëschen. Neelcheskäpp, Pefferkären an Lorbeerblaad an eent Gewürzei maan an ant Zooss leen.
  • 2 Stonnen op niddreger Hëtzt kooschen loossen, dobäi ëmmer mol rëm dran réiren.
  • No deen 2 Stonnen Gewürzei raus hualen, Moster an Paprikapolwer ënnerréiren an na eng kéier fir 30 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen.
  • Schmaaschen, evtl. mat Salz an Essig nowürzen oder zockeren.
  • Durich eent Saft streichen an waarem an Gläser oder Fläschen fëllen, fest verschléissen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*