Involtini di Zucchini, Parmesan, Tomatensosse, Paniermehl

Courgetten-Rouladen

Involtini di Zucchini oder Involtini di Melanzane sen Rouladen, déi aus Courgetten- oder Auberginenscheiwen bestinn. Involtini sen eng köstlich Entrée oder Hauptplat, déi gebaaschen oder gebrooden kanne jiänn. Involtini di Zucchini jiän waarem zervéiert, dachs mat enger liiter Tomatenzooss an eng Sprutz Zitrouensaaft fir zousätzlichen Geschmaasch. Sie sen eng gruusartig Optioun fir Vegetarier, datt traditionellt Rezept besteht nämlich aus enger Fëllung mat Ricottakiis an Spinat.

Déi ech hei gekooscht han, sen gefëllt mat Gehacktes datt ech mat Chimichurry gewürzt han, liit mat Parmesan an Panéiermiähl panéiert an iwerbaaschen. Dobäi han ech Spaghetti an enger Tomatenzooss gemaat.

Zutaten:

  • Courgetten, sen an der Këchen villségtig ansetzbar, mat hirem mëllen liit séisslichen Geschmaasch passen sie an herzhaft Menüer genausu wie an séisst Gebäckt. Ausserdeem liweren sie vill Ballaststoffer, Vitaminen an Mineralstoffer, eng gesond Ergänzung fir eng ausgeglaschen Ernährung.
  • Tomatenzooss, as Basis vir vill italienisch Menüer, sie as reich an Aromen an kann je no Rezept mat verschiddene mediterrane Krégder verfeinert jiänn.
  • Gehacktes, beim Gehacktes as ëmmer opzepassen datt et eng kräftig Faaref hat an frësch rëcht. Schafft een mat Gehacktes as et wichtig Hänn grëndlich ze wäschen an ëmmer drop opzepassen datt et net ze lang ongekéilt leien bleift.
  • Chimichurry, Chimichurry as eng würzig, frësch an aromatisch Zooss aus Südamerika. Sie besteht aus frëschen Krégder, Gewürzer, Olivenualeg, Essig, Knuawléck, Schalotten oder Ënnen an Zitrouensaaft.
  • Salz, Salz würzt net nëmmen eist Ässen, mais et as o een Geschmaaschsverstärker, Salz betount die natiirlech Aromen déi an eisem Ässen virkommen, wie séiss, sauer, batter oder umami.
  • Peffer, Peffer brengt die richtig Schiäreft an dengt Ässen, et intensivéiert an beräichert den Geschmaasch.
  • Cumin (Kreuzkümmel), Cumin hat een liit batteren Geschmaasch an waarmen, erdigen Aroma. Et jëtt Ässen, wie deem indischen Curry, deem mexikanischen Chili con carne, Reis oder engem Eintopf een angenehm würzigen Geschmaasch.
  • Eier
  • Panéiermiähl, Panéiermiähl kënnt net nëmmen als Panade an der Këchen zum Asatz, mais kann o als Bindungsmëttel vir verschidden Zoubereedungen gehollt jiänn
  • Parmesan, de Parmesan, hart, würzig an voller Geschmaasch, datt beschreift dësen italienischen Kiiss am besten.
  • Olivenualeg, Olivenualeg mecht deng Ässen besser an mi gesond, antiirlech ëmmer drop opzepasse datt et gouden Olivenualeg as.

Tomatenzoos virbereeden.

Fir Tomatenzooss han ech eng gehackten Ënn aangebrooden an dann kleng gewürfelt Muurt mat drënner gemëscht an déi o mat aangebrooden. Dann han ech Pelati drop geschott, datt ganz opkooschen geloss, Hëtzt dann raaf gedrigt an op niddreger Hëtzt kooschen geloss. Schmaaschen an würzen.

Courgetten virbereeden.

Firtischt han ech Courgette gewäsch, dann han ech d’Enner aafgeschnidden, an op der Mandoline, längs Scheiwen van 3mm bis 5mm Déckt geschnidden. Scheiwen sen su äwer na zimlech hart an loossen sech net gou anrullen. Fir se mi mëll ze kreien kanns du se 3-4 Min. an kooschen Waasser leen, oder se fir ongeféier 10 Min. bei 200°C an den Schiäffchen stellen. Oder ganz einfasch se op eent Baaschblech op deem Këchenpapeier legt ausbreeden an salzen.

Rester van der Courgette han ech kleng gewürfelt an mat ënnert Tomatenzooss gemëscht. Du kanns Rester natiirlech o mat ant Gehacktes anschaffen.

Gehacktes virbereeden.

Gehacktes, ech koofen ëmmer ongewürztent Gehacktes, deemno bei watt fir een Metzler datts du gehs, as et am besten du bestells et vir oder du keefs rengt Randsgehacktes datt as meestens ongewürzt. Randsgehacktes jëtt drëchen während dem brooden, datt stëmmt, mais dodurich datt Chimichurryzooss, an där Olivenualeg as, ënnergemëscht jëtt bleiwt et saaftig.

Während Courgettenscheiwen mëll jiän han ech Gehacktes färdeg gemaat. Panéiermiähl mat bëssen Chimichurry mëschen, su datt et sech fiit aanféihlt, datt ënnert Gehacktes mëschen, dann na Eier, Peffer, Salz an bëssen Cumin an alles goud durich mëschen.

Rouladen virbereeden.

Op engem Platten Teller Panéiermiähl mam Parmesan mëschen.

An enger feierfester Form just om Buadem bëssen Tomatenzooss verdeelen.

De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Courgettenscheiwen sen noom salzen fiit, mat bëssen Këchenpapeier drëchen tupfen. Dann mat bëssen Olivenualg anpinselen. Just mat enger Ségt déi di baussen kennt ant Pannéiermiähl leen. Op die anner Ségt Gehacktes su dënn wie miilech verdeelen an anrullen, du kanns se lo met engem Zahnstocher fest picken oder mat der oppener Ségt no ënnen an die virbereeten feierfest Form leen oder stellen. Wanns du se stells, dann oppassen datt se su fest beineen stin datt se sech net oprullen.

Zum Schluss na bëssen van der Panéiermiähl-Parmesan-Mëschung an bëssen Olivenualeg driwer verdeelen.

Am virgewiäremten Schiäffchen fir ongeféier 25 Min. brooden.

Deen Rest Tomatenzooss dobäi reechen. Dobäi passen Nuddelen, Reis, Fritten, Gromperen…

Courgetten-Rouladen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 0,5 L Tomatenzooss

  • Fir Courgetten
  • 1 kg Courgetten

  • Salz

  • 150 g Panéiermiähl

  • 80 g Parmesan

  • Fir Gehacktes
  • 500 g Gehacktes

  • 1 Ei

  • 1 Msp Cumin (Kreuzkümmel)

  • Salz & Peffer

  • 3-4 EL Chimichurryzooss

  • 4 EL Paniéiermiähl

Zoubereedung

  • Fir Courgetten
  • Van der Cougette d’Enner aafschnégden an mat der Mandoline längs an dënn Scheiwen van ongeféier 3mm bis 5mm schnégden.
  • Courgettenscheiwen op eent mat Këchenpapeier ausgeleitent Blech leen an liit salzen.
  • Panéiermiähl mam Parmesan mëschen an op Ségt stellen.
  • Fir Gehacktes
  • Panéiermiähl mat der Chimichurryzooss mëschen su datt Panéiermiähl sech fiit aanféihlt.
  • Gehacktes an eng Schossel leen an mam gemëschten Panéiermiähl, dem Ei, Peffer, Salz an Cumin goud vermëschen.
  • Rouladen virbereeden
  • De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • An enger feierfester Form den Buadem mat Tomatenzooss bedecken.
  • Courgetten jiänn durich Salz fiit, mat Këchenpapeier drëchentupfen, an mat Olivenualeg anpinselen.
  • Déi Ségt déi baussen kënnt ant Panéiermiähl-Parmesan-Mëschung leen, op die anner Ségt su dënn wie miilech Gehacktes verdeelen. An dann anrullen.
  • Du kanns se mat engem Zahnstocher festpicken oder mat der oppener Ségt no ënnen an die feierfest Form leen oder stellen. Wanns du se stells kuck datt se fest beineen stinn, net datt se während dem brooden oprullen.
  • Bëssen van der Panéiermiähl-Parmesan-Mëschung an Olivenualeg driwer verdeelen, an fir ongeféier 25 Min. am waarmen Schiäffchen brooden.
  • Deen Rest Tomatenzooss dobäi reechen, dobäi passen Nuddelen, Reis, Fritten, Gromperen…

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*