Pesto Genovese

Pesto Genovese as eng kulinarisch Kreatioun aus Genua, Ligurien, déi ségt Joerhonnerten sämtlich Sënner van Feinschmecker verzaubert. Dës Zooss vereent die besten Zutaten aus dëser Regioun. Noom Traditiounsrezept besteht den Pesto Genovese aus 7 Zutaten. Frëschen Basilikum, dozou geréistert Pinienkären an Knuawléck. Den Charakter van dësem Pesto jëtt durich ënnermëschen van Parmesan oder Pecorino na verfeinert. Kroun krëtt den Pesto Genovese äwer durich ischtklassigen Olivenualeg deen him seng ségdig Textur an sein onvergläichlichen Geschmaasch jëtt. Gewürzt mat Peffer an Salz jëtt den Pesto an der itlalienischer Këchen als Kinik van den Zoossen veréiert, en regéiert iwert Pasta, Sandwiches an Dips, bereet fir all Genéisser op eng kulinarisch Réis ze entféiren.

Wat mëcht een gouden Pesto aus?

  1. frësch Zutaten: Et as Entscheedent datts du frësch Zutaten hëlls, Frëschen Basilikum as Herzstéck vam Pesto Genovese, an soll van hiier Qualitéit sen. Genausu sollen Pinienkären, den Knuawléck an den Kiiss frësch an van gouder Qualitéit sën.
  2. Die richtig Balance: Een gouden Pesto soll die richtig Balance zwëschen deene verschiddenen Zutaten han. Datt bedeit, datt keng van deen eenzelnen Zutaten dominéiren duaref. Verhältnis van Basilikum zu Pinienkären, Knuawléck an Olivenualeg soll harmonisch sën.
  3. Olivenualeg: Olivenualeg spillt eng ganz wichtig Roll beim Pesto, well et Textur an de Geschmaasch beaflosst. Hual een gouden extra nativen Olivenualeg, fir deen besten Geschmaasch ze kreien.
  4. Richtigt Mixen oder Zerstuussen: Traditionell jëtt den Pesto an engem Mörser zoubereed fir sämtlich Zutaten schounend ze zerklengeren an su hir Aromen frei ze setzen. Hëlls du een Mixer, kuck datts du en nëmmen kuurz driien liss, net datt den Pesto iwermahlen jëtt.
  5. Aafschmaaschen: Pesto soll richt noom Mëschen gewürzt jiänn, fir sëcherzestellen, datt die richtig Meng Salz an Peffer dran kënnt. Datt kann natiirlech ganz no dengem perséinlichem Geschmaasch variéiren.
  6. Laagerung: Pesto soll frësch zoubereed an direkt verschafft jiänn, fir seng Aromen ze bewahren. Sollt en äwer obbewahrt jiänn, dann bedeck de Pesto mat enger dënner Schicht Olivenualeg fir eng Oxidatioun ze verhënnern, an den Pesto muss am Frigo gelagert jiänn.

Wu kann ech Pesto iwerall ansetzen?

Pesto as een beléiften Pastabelaag. Verdeel den Pesto iwert denger frësch gekooschter Pasta, leng datt Ganzt bëssen mat Nuddelwaaser an mat konstantem Schwenken oder Réiren mëchs du de Parmesan drënner bis en geschmolz as an su eng crémig Zoss entsteht.

Verdeel de Pesto wie Botter op enger Bottisch, an all Panini oder sugar een Croque Monsieur krëtt na zousätzlichen Aroma.

Als Dressing an enger Nudelzaloot oder Gewürz op Geméiss oder Gromperen aus dem Schiäffchen.

Op der Pizza, als alternativ zur Tomatenzooss kanns du den Pesto o als Basis fir deng Pizza hualen. Zesaammen mam Kiss an mat dengem Lieblingsbelaag kann datt just eng köstlich Kombinatioun erjiänn.

Gefligel oder Fësch; Pesto kann als Marinade fir Fësch, Miäresfriischten, oder Gefligel déinen, befir se gebrooden, gegrillt oder gebaaschen jiänn. Fleesch krëtt dodurich eng würzig Krust.

Fir Garnitur an enger Zopp, viraan allem bei Geméisszoppen.

Als Dip bei Geméiss, Brugd oder Chipsen.

Du kanns de Pesto an dengem Brugddeeg mat anschaffen an su eent Pesto-Brugd oder Pesto-Foccacia baaschen.

An enger Eiertriwel, Omlett oder pochéiertem Eier jëtt den Pesto een interssanten Geschmaasch.

Verwendung vam Pesto an der Këschen as praktisch onbegrenzt, an et lungt sech kreativ ze sen an de Pesto an verschiddene Menüer auszebrobéiren, fir rauszefannen watt wir eng Kombinatioun dir am besten gefällt.

Watt brausch ech fir een gouden Pesto?

  • Basilikum
  • Pinienkären
  • Knuawléck
  • Parmesan
  • Olivenualeg
  • Salz
  • Peffer

Zoubereedung

Als ischt fänken ech domatt aan, datt Pinienkären geréistert jiänn, Dofir leen ech se bei mëttel Hëtzt an eng drëchen Pann, dann lossen ech se réisteren bis se liit goldbrong sen. Dono aafkéilen loossen.

Vam Basilikum plécken ech Bläder raaf, wäschen se an drëchnen se an der Zalootenschleider, déi zerrappen ech dann graff mat den Fanger an zerreiwen se no an no am Mörser.

Als nächst maan ech den graff gehackten Knuawléck dobäi, dann die aafgekéilten Pinienkären an de Parmesan. Fir datt sech am Mörser alles besser zerreiwen lisst kann een paar Kären grafft Salz dobäi maan.

Jëtt Past mir ze fest schëdden ech ëmmer rëm Olivenualeg dobäi bis ech een crémigen Pesto han.

Zum Schluss schmaaschen ech den Pesto an würzen mat Salz an Peffer an passen de Pesto su mengem Geschmaasch aan.

Varianten

Pesto Rosso:

Dës Versioun enthält gedrëchent Tomaten anstatt vam Basilikum an de Pinienkären. Dodurich krëtt de Pesto eng déifrugd Faaref an een intensiven Tomatengeschmaasch.

Pesto mat Rucola:

Statt ausschliesslich Basilikum kanns du o Rucola hualen, fir dem Pesto een würzigen Geschmaasch ze jiänn.

Pesto mat Nëss:

Anstatt van Pinienkären kanns du Wallnëss, Mandelen oder Cashewnëss hualen, dodurich krëss du eng anner Textur an anner Geschmaaschsnuancen.

Annere Kiiss:

Traditionell jëtt den Pesto Genovese mat Parmesankiis gemaat. Du kanns äwer o anner Kiiszorten wie Pecorino oder Grana Padano hualen, fir ënnerscheedlich Aromen ze kreien.

Pesto mat Knuawléck

Am Pesto as jo well Knuawléck, fir deen richtigen Knuawléckfan kanns du na geréisterten gehackten Knauwléck ënnermëschen, dodurich krëtt dein Pesto na mi een kräftigen Geschmaasch.

Pesto mat Spinat:

Ënnermëschen van Spinat jëtt dem Pesto na mi eng gréin Faaref an en krëtt zousätzlich eng anner Geschmaaschsdimensioun.

Pesto mat Zitroun:

Eng Sprutz Zitrounensaaft oder bëssen Zitrounenzesten kann dem Pesto een erfrëschende Goût jiänn.

Pesto mat Chili

Fir dem Pesto eng pikant Nout ze jiänn kanns du frësch gehackten Peperoncini ënnermëschen.

Vegane Pesto:

Fir déi die op sämtlich déirisch Produkter verzichten wëllen, kanns du den Kiiss durich Haferflocken oder een veganen Parmesan ersetzen.

Dës Varianten béiden eng Villzahl van Miilechkeeten, fir deen klassischen Pesto Genovese dengem Geschmaasch aanzepassen. Expirimentéier mat verschiddene Krégder an Gewürzer an probéier su deng eegen Versioun ze entdecken.

Pesto Genovese

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 3 EL geréistert Pinienkären

  • 200 g gewäsch an graff zerappeten Basilikum

  • 2 graff gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 125 ml Olivenualeg

  • 2 EL frësch geraspelten Parmesan

  • Salz an Peffer

Zoubereedung

  • De Basilikum am Mörser zerreiwen.
  • No an No die aafgekéilten Pinienkären, de Knuawléck an de Kiiss mat anschaffen
  • Fir datt et sech besser zerreiwen lisst paar Kären graft Salz mat ënnermëschen.
  • No an no den Olivenualg anschaffen, bis eng crémig Paste entsteht.
  • Schmaaschen, an mat Salz an Peffer dengem Geschmaasch aanpassen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*