Geflügelcroquetten

Gefligelcroquetten

Gefligelcroquetten as eng köstlich Entrée, Beilaag oder Hauptplat, déi aus fein gewürztem Houhnerfleesch zoubereed jëtt, an mat enger crémiger Veloutészooss vermëscht an zu klengen, panéierten Croquetten oder Bällercher gefromt jëtt. Anschliessend jänn Croquetten fritéiert oder gebrooden, bis se goldbrong an knusperig sen. Dës Croquetten sen een beléiften Snack an zeechnen sech durich deen zarten Geschmaasch an die knusperig Textur aus.

Zoubereedung

Fir dës klassisch Gefligelcroquetten, kooschen ech firtischt eent Zoppenhouhn, su han ech een gouden Fond fir Zooss ze maan déi hei dobäi as. Houhn kooschen ech den Daag virdraan, datt hëllt nämlich die meesten Zéckt an aansproch.

Den Daag drop, kanns du een hellen Roux aus 125g Botter an 150 g Miähl zoubereeden. Ech han ëmmer färdegen Roux an der Trouh, deen ech an Äiswürfelformen aaffëllen an anfréiren. Subal den Roux zoubereed as, aafkéile loossen an die kooschend Bréit drop schëdden.

Velouté
Velouté

Fir eng Velouté oder Béchamel déi gelengt han ech geliiert, datt de Roux kaal muss sen an Flëssigkeet waarem oder ëmgedrigt. An ech han gesoot krii, datt die ganz Flëssigkeet direkt drop geschott soll jänn. Wanns du äwer besser éins gëss. andeems du et an Etappen mëchs, dann maan et su. Sollten Klëmpercher entstoen has du ëmmer na Optioun Zooss durich Passette ze schëdden. Mat den Joeren han ech festgestallt datt ech am besten kloer kommen wann ech de Roux an die waarem Flëssigkeet zerbröselen. Subal datt gemaat as, ënner stännigem réiren Zooss opkooschen loossen. Schmaaschen an mat Salz, Peffer, bëssen Muskot an Zitrounensaaft würzen. Hëtzt dann raaf driien an Zooss op niddriger Hëtzt ongeféier 30 Min. kooschen loossen an ëmmer mol rëm dran réiren. Datt déint dozou deen miähligen Geschmaasch fort ze kreien.

Kooschelen déi mat dran kommen, jänn graff gehackt an separat an enger Pann mat bëssen Peffer an Salz gebrooden.

Houhn plécken ech auserneen an hacken Fleesch kleng, Zesaammen mat den Kooschelen mëschen ech alles ënnert Zooss an erwiärmen alles. Schmaaschen an evtl. noowürzen.

Hühnerfleisch

Zum Schluss jëtt dann na d’Eijäll ënnergerouert.

Mëschung schëdden ech dann op eent Baaschblech oder an eng anner From an loossen se komplett auskéilen. D’Mëschung soll fest jänn. Du kanns dës Mëschung op deng Aarbichtsplaque stierzen an Croquetten qn Form schnégden, ech han mat engem Glaceläffel Portiounen gemaat an se su geformt.

Är Croquetten panéiert jänn, as et am besten Croquetten ze formen an se paar Stonnen an Truh ze setzen. Croquetten jänn dann ganz klassisch panéiert, firtischt am Miähl driien, dann am Ei an zum Schluss am Panéiermiähl. Su preparéiert kannen Croquetten dann an der Frittös bei 175°C fritéiert oder an enger Pann gebrooden jänn.

Die färdeg Croquetten sën een Genoss an kanne mat verschiddenen Zoossen oder Dips zervéiert jänn. Et as eng gruussartig Miilegkeet fir iwerig gebliwent Houhner- oder Pouletfleesch ze verwiärten.

Varianten

  1. Fleesch-Croquetten: Du kanns dës Croquetten o mat gekooschtem Randfleesch maan. Zoubereedung bleift die selwischt.
  2. Geméiss-Croquetten: Mat engem Geméissfond an verschidden Zorten Geméiss, wie Iärbessen, Muurten, Kooschelen oder Spinat kanns du vegetarisch Croquette zoubereeden.
  3. Krégder-Croquetten: Experimentéier mat verschidden Krégder, wie Péiterilich, Dill oder Basilikum. Fir denger Croquette su een frëschen, würzigen Geschmaasch ze jänn.
  4. Kiiss Croquetten: Mësch Kiss, wie Gouda oder Cheddar mat ënner deng Mëschung, dodurich krëss du een herzhaften Geschmaasch an eng crémig Textur.
  5. Scharef Croquetten: Has du ët jären mi scharef, dann mësch frësch gehackten Chilischot oder Cayennepeffer mat an deng Mëschung.
  6. Exotisch Croquetten: Experimentéier mat Gewürzer an Krégder aus verschiddenen Këchen, su krëss du exotisch Aromen. Z.B. kanns du deng Velouté mat halef Fond an halef Kokosmëlich kooschen an mat Curry würzen an du krëss eng indisch inspiréiert Versioun.
  7. Mini-Croquetten: Form deng Mëschung zu klenge Bällercher, fir su deen perfekten Fingerfood ze kreien.
  8. Zoossen: Zervéier deng Croquetten mat verschiddenen Zoossen, wie enger crémiger Kooschelzooss, enger Zitrounen-Dill.Zooss oder een würzigen Dip z.B. eng Sriracha-Mayonnaise oder ganz klassisch mat enger Remoulade, dodurich erwegders du Aromenvillfalt.

Gefligelcroquetten

Rezept von Josiane
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

1

Stunde 
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 1 gekooschtent Zopphouhn (datt woren ongeféier 1,2kg bis 1,3kg Fleesch)

  • 1,5 L Houhnerbréit

  • 250 g hellen Roux (125 g Botter an 150 g Miähl)

  • Peffer, Salz an bëssen Muskot

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 250 g sparat gebrooden, gehackten Kooschelen

  • 3 Eijäll

  • Fir ze panéieren
  • Miähl

  • opgeschloen Eier

  • Panéiermiähl

Zoubereedung

  • Fleesch vam Houhn kleng hacken.
  • Houhnerbréit opkooschen loossen an den hellen Roux ënnerréiren, ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Schmaaschen an mat Salz, Peffer, bëssen Muskot an Zitrounensaaft würzen. Hëtzt raaf driien en Zooss ongeféier 30 Min. op niddriger Hëtzt kooschen loossen, dobäi ëmmer mol rëm dran réiren.
  • Fleesch zesaammen mat den Kooschelen ënnert Zooss mëschen, an erhëtzen. Schmaaschen an evtl. noowürzen.
  • Zum Schluss Eijäll ënnerréiren.
  • Mëschung op eent Baaschblech schëdden an komplett auskéilen loossen.
  • Du kanns dës Mëschung stierzen an su Croquetten formen, ech han mat engem Glaceläffel Portiounen gemaat an se dann gefprmt.
  • Är Croquetten panéiert jänn, as et am besten se fir paar Stonnen ant Truh ze setzen. Croquetten jänn dann klassisch panéiert an kannen dann an der Frittös bei 175°C frittéiert oder an enger Pann gebrooden jänn.

Notiz

  • Ech han Fleesch gewooscht, su wees du ongeféier wivill Fleesch op die Quantitéit Zooss kënnt. Datt Ganzt muss richtig deckflëssig, pappig sën, soss haalen Croquetten net beineen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*