Iwerbaaschen Koteletten

Moien an menger kulinarischer Welt! Dës selwergemaaten iwerbaaschen Koteletten sen eent köstlicht Ässen, mat enger Kombinatioun aus karamelsiséierten Ënnen, an enger aromatischer Kooschel-Tomaten-Kiis-Mëschung. Een perfekten Menü fir eent gemütlicht Ässen. An dësem kulinarischen Abenteuer entdecks du vill Aromen, eng raffinéiert Kreatioun an deen puren Genoss. Gouden Appetit!

Zutaten

  • Schwéngskotletten
  • bëssen Botterschmalz fir ze brooden
  • Ënnen
  • Kooschelen
  • Tomaten
  • Knuawléck
  • frëschen Dill
  • frëschen Péitersilich
  • Salz & Peffer
  • geraspelten Kiiss (z.B. Emmentaler)

Zoubereedung

Koteletten würzen ech mat Salz an Peffer an loossen se ongeféier 30 Min. bei Raumtemperatur durich zéien.

D’Ënnen schiälen, halbéieren an längs an dënn Streifen schnégden. De Knuawléck fein hacken.

Tomaten würfelen ech an Kooschelen han ech graff gehackt, déi leen ech an eng Schossel.

De Péitersilich an den Dill jiänn fein gehackt.

De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.

Am enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden Koteletten rondrëm kräftig aan. Déi hualen ech raus an stellen se op Ségt.

An der selwischter Pann, evtl. na bëssen Botterschmalz erwiärmen, brooden ech d’Ënnen mam Knualwéck op mëttel Hëtzt an loossen se karameliséiren, bis se goldbrong sen. Déi verdeelen ech om Buadem van enger feierfest Form. Do drop leen ech die aangebrooden Koteletten.

Tomaten an Kooschelen mëschen ech mam Kiiss, mat Peffer, Salz dem gehackten Péitersilich an Dill. Goud vermëschen an op den Koteletten verdeelen.

Am waaremen Schiäffchen fir ongeféier 20 Min. bis 25 Min. baaschen.

Dobei han ech gebrooden Gromperen gemaat.

Tipps:

  1. Hual Fleesch van gouder Qualitéit, déi net ze dënn geschnidden sen, déi drëchnen beim baaschen net su siier aus.
  2. Loss den Ënnen genou Zéckt fir ze brooden, sie sollen mëll an séiss jiänn.
  3. Haal Baaschzéckt am Au, fir datt den Kiiss komplette geschmolzen an Fleesch durich gegart as.

Varianten:

  • Mediterran Variant: Am Platz van Kooschelen an Tomaten kannst du Oliven, gedrëchent Tomaten, Knuawléck an mediterran Krégder wie Rosmarin an Thymian hualen.
  • Cordon-Bleu: Du kanns Koteletten mat Hamm an Kiiss fellen, befirs du se iwerbaachs. Ähnlich wie beim Cordon-bleu, äwer op engem Ënnenbett mat wegderen Zutaten.
  • Grieschisch Variant: Hual Feta-Kiiss, Tomaten an Oliven. Zervéier eng hausgemaaten Tzatziki an Pita-Brugt dobäi.
  • Tex-Mex Variant: Würz Fleesch mat enger Tex-Mex-Mëschung an iwerbaasch Koteletten mat enger Salsa, Jalapeños an Cheddar.
  • Verschidden Kiiss-Zorten: Experimentéier mat verschiddene Kiiss-Zorten, wie Mozzerella, Parmesan, goud as bestëmmt o een würzigen Raclette-Kiiss.

Miilechkeeten sen onendlich. Du kanns kreativ sen, fir nei Variatiounen ze entweckelen, die dengem perséinlichen Geschmaasch entspreechen.

Iwerbaaschen Koteletten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 4 Schwéngskoteletten

  • bëssen Botterschmalz fir ze brooden

  • 3 gruuss Ënnen, an dënn Streifen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 2 Tomaten, gewürfelt

  • 250 g Kooschelen, graff gehackt

  • 1 TL frëschen Dill, gehackt

  • 1 TL frëschen Péitersilich, gehackt

  • Salz & Peffer no Geschmaasch

  • 200 g geraspelten Kiiss (z. B. Emmentaler)

Zoubereedung

  • Koteletten mat Salz an Peffer würzen an se ongeféier 30 Min. bei Raumtemperatur durich zéien loossen.
  • De Schiäffchen op 180°C virwiärmen.
  • An enger waarmer Pann bëssen Botterschmalz erhëtzen an Koteletten kräftig all ronderëm aanbrooden. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann, evtl. na bëssen Botterschmalz dran maan, d’Ënnen an den Knuawléck op mëttel Hëtzt brooden bis se karamelsiséiren an goldbrong sen. D’Ënnen an enger feierfester Form om Buadem verdeelen. Koteletten op d’Ënnen leen.
  • An enger Schossel, Tomaten, Kooschelen, Kiiss, Dill, Péitersilich, Peffer an Salz goud vermëschen.
  • Dës Mëschung gleichmässig om Fleesch verdeelen.
  • Am waarmen Schiäffchen ongeféier fir 20 Min. bis 25 Min. baaschen.
  • Dobaï han ech gebrooden Gromperen gemaat,

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*