Randfleeschpann mat Broccoli an Gromperen

Eng herzhaft Pann mat saaftigem Randfleesch, begleet van Broccoli an Grompren, datt ganzt jëtt dann na verfeinert mat Knuawlécksbotter. Eent siiert Rezept datt einfasch ze kooschen ass.

Zutaten

  • Randfleesch
  • Olivenualeg
  • Mëllich
  • Peffer & Salz
  • Thymian
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Gromperen
  • Broccoli
  • Knuawlécksbotter
  • gehackten Péitersilich

Zoubereedung

Fleesch, ech han Randsgulasch gehollt, schnégden ech an dënn Streifen. Den Olivenualeg, d’Mëlich, Salz Peffer an den Thymian vermëschen ech an marniéiren Fleesch ongeféier 30 Min. domatt. Durich Mëllich jëtt den Goulasch zart an saaftig.

Gromperen schiälen ech an schnégden se an glächmässig gruuss Stécker. An engem waarmen Gossendëppen erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden Gromperen do dran op mëttel Hëtzt bis se mëll sen.

De Broccoli zerdeelen ech an die eenzel Ruussen, an blanchéiren en fir 5 Min. am kooschenden Salzwaasser, aafschëdden an ënner kaalem Waasser aafschrecken.

D’Ënnen an den Knuawléck han ech fein gehackt.

Wann Gromperen mëll sen hualen ech déi aus dem Dëppen an stellen se op Ségt.

An deem selwischten Dëppen brooden ech Fleesch all rondrëm kräftig aan. Driien Hëtzt dann raaf an mëschen d’Ënnen an den Knuawléck drënner.

Subal déi sching brong aangebrooden sen mëschen ech den Broccoli an d’Gromperen drënner. Schmaaschen an evtl. noowürzen.

Wann alles waarem ass mëschen Knuawlécksbotter drënner.

Mat bëssen gehacktem Péitersilich an Knuawlécksbotter garnéiert zervéiren.

Tipps

  1. Hual frësch an hiiwärtig Zutaten fir deen besten Geschmaasch ze kreien.
  2. Du kanns Gromperen o firtischt kooschen an dann brooden, oder wanns du na Gromperen vam Daag virdraan ass kanns du déi firtischt liit brong brooden.
  3. Experimentéier mat verschidden Gewürzer an Krégder, deemno wie scharef du et han wëlls.
  4. Du kanns natiirlech o all anner Zort Fleesch hualen fir dësen Menü ze kooschen.

Randfleeschpann mat Broccoli an Gromperen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

35

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 500 g Gromperen

  • 400 g Broccoli, an die eenzel Ruusen zerdeelt

  • 600 g Randfleesch

  • 5 EL Mëllich

  • 5 EL Olivenualeg

  • 1 TL Salz an Peffer

  • 1 TL gedrëchenten Thymian

  • 1 Ënn, gehackt

  • 1 Ziif Knuawléck, gehackt

  • 3 EL Knuawlécksbotter

  • gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • Gromperen schiälen, an gläch gruuss Stecker schnégden. An enger waarmer Gossenpann Gromperen op mëttel Hëtzt mëll brooden.
  • De Broccoli am kooschende Salzwaasser ongeféier 5 Min. blanchéiren. Aafschëdden an ënner kaalem Waasser aafschrecken.
  • Fleesch an dënn Streifen schnégden an mam Olivenualeg, der Mëllich, Peffer, Salz an Thymian mëschen an ongeféier 30 Min. durich zéien loossen.
  • Subal Gromperen Mëll sen raus hualen an op Ségt stellen.
  • An der selwischter Pann Fleesch all rondrëm kräftig aanbrooden. Hëtzt raaf driien an d’Ënnen an den Knuawléck ënnermëschen.
  • Subal déi sching brond aangebrooden sen, Gromperen an den Broccoli ënnermëschen.
  • Wann alles waarem ass, 2 EL Knuawlécksbotter ënnermëschen.
  • Viraam zervéiren mat deem rest Knuawlécksbotter an gehacktem Péitersilich garnéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*