Wirsing-Paprika-Geméiss

Hallo an menger virtueller Këchen! Hogt deelen ech eent einfasch an äwer leckert Rezept mat dir: Wirsing-Paprika-Geméiss. Dëst Ässen ass net nëmmen eng wonnerbar Beilaag, mais o eng faarwig an gesond Optioun déi o een Kooschaanfänger zoubereed krëtt. Tauch mat mir an ant Welt van den Aromen an frëschem Geméiss an deem herzhaften Zesaammensipll van Wirsing an Paprika.

Zutaten

  • Wirsing
  • ruge Paprika
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Olivenualeg
  • Salz an Peffer
  • Zitrounensaaft
  • optional: bëssen Cumin (Kreuzkümmel)

du brauschs

  1. eent grusst Messer
  2. eent Schnègdbrett
  3. eng gruuss Pann
  4. een Kooschläffel

Zoubereedung

Ech fänken domatt aan, datt ech den Wirsing halbéieren, an véirel, an dann den Stronk raus schnégden. De Kappes schnégden ech dann an dënn Streifen.

De Paprika entkären ech an schnégden den an Würfel oder an dënn Streifen.

D’Ënnen an den Knuawléck hacken ech.

Als nächst setzen ech eng Pann op Kooschplaque an erhëtzen déi op mëttel Hëtzt. Dodran erwiärmen ech den Olivenualeg an brooden d’Ënnen an den Knuawléck aan bis se aafänken Faaref ze kreien.

Dann mëschen ech den Kappes an de Paprika drënner an brooden datt su lang bis alles mëll ass. Datt dauert ongeféier 8 Min. bis 10 Min. Dobäi ëmmer mol rëm dran réiren.

Geméiss würzen ech mat Salz an Peffer. du kanns o na Cumin (Kreuzkümmel) ënnermëschen fir zousätzlichen Geschmaasch ze kreien. Ausserdeem mëschen ech na eng Sprutz Zitrounensaaft drënner, datt brengt Frëscheet an hiäft d’Aromen.

Subal Geméiss mëll ass hualen ech Pann van der Plaque an zervéiren et als Beilaag oder wie bei mir als vegetarischen Menü mat Gromperen aus dem Schiäffchen oder Reis.

Tipps

  1. Pass do drop op datt dir Geméiss net ze mëll jëtt, et soll na liiten Biss han.
  2. Experimentéier mat verschidden Gewürzer, fir den Geschmaasch dengem Wonsch aanzepassen.

Gewürzvarianten

  • Gereechert Paprikapolwer jëtt dësem Ässen een liiten Raucharoma.
  • Een Hauch Thymian brengt eng erdig an würzig Dimensioun an dengt Geméiss.
  • Fir deen mediterranen Touch kanns du bëssen Oregano ënnermëschen.
  • Gemahlenen oder frëschen Koriander jëtt dem Geméiss een frëschen zitrusartigen Geschmaasch.
  • Frësch geriwenen Ingwer brengt eng angenehm Schiäreft an dengt Geméiss.
  • Kümmel jëtt dem Kappes een liiten Anisaroma eent Gewürz datt ganz goud mam Kappes harmonéiert.
  • Geréistert Mosterkären, suarigen fir een interessanten Crunch an een würzigen Geschmaasch.

Wirsing-Paprika-Geméiss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 1 mëttelgruussen Wirsnig, an dënn Streifen geschnidden

  • 2 rugd Paprika, entkärt an gewürfelt oder an dënn Streifen geschnidden

  • 1 Ënn, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawkléck, gehackt

  • Salz & Peffer

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 2 EL Olivenualeg

  • Optional: 1 TL Cumin (Kreuzkümmel)

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann, den Olivenualeg erhëtzen an d’Ënnen mam Knuawléck do dran aanbrooden bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • De Kappes an den Paprika drënner mëschen an a 8 Min. bis 10 Min. mëll brooden.
  • Mat Salz, Peffer, Zitrounensaaft an evtl. Cumin würzen.
  • Van der Plaque hualen an als Beilaag oder mat Gromperen aus dem Schiäffchen oder Reis zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*