Gebroodene Poulet mat Gromperenrand

Hogt hualen ech dech mat an d’Welt vam gebroodene Poulet! Dësen Menü ass eng Hommage aan die traditionell Këchen, verbonnen mat modernen Nuance an deem Virdeel, datt alles an engem Dëppen zoubereed jëtt.

Poulet wor meestens an deen ländlichen Regiounen eng traditionell Zoubereedung, déi meestens Sonndes op den Dëch kommen ass.. Noodeems am 18ten Joerhonnert Gromper an Europa aankommen ass, hat sie sech ganz siier an deen verschiddensten Menüer integréiert. Gebroodene Poulet verkörpert net nëmmen den Geschmaasch, mais o d’Geschicht van eiser kulinarischer Réis.

Den Virdeel van mengem Menü Hogt, ass datt alles an engem Dëppen gemaat jëtt. Watt jëtt et angenehmeres no der Schaff, Dëppen an den Schiäffchen ze stellen an deem die ganz Aarbicht ze iwerlossen. Et bedeit winiger Stress, miniméiert Spoul an et bleift vill mi Zéckt deen verdéinten Feierowend ze genéissen. Dës onkomplizéiert Art bedeit äwer net op Geschmaasch an Aafwiässlung ze verzichten – et mëcht Dirren op, zu kreativen zécktsparenden Menüer, bei deem sämtlich Zutaten mateneen verschmëlzen an die ganz Aromen sech an engem Dëppen entfaalen.

Zutaten

du brauschs

  1. eng feierfest Form oder Pann
  2. eent Schnégdbrett an Messer
  3. eng Mandoline

Zoubereedung

De Poulet tuppen ech mat Këchenpapeier drëchen an salzen en van baussen an bannen, dann setzen ech en iwert Nait an de Frigo.

Den Daag drop schiälen ech Gromperen an schnégden se op der Mandoline an dënn Scheiwen.

De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

D’Ënnen schiälen ech, an déi schnégden ech o op der Mandoline an dënn Ronselen.

Zitrounen wäschen ech grëndlich an schnégden se an véirel.

De Knuawléck schiälen ech, dann hacken en an zerreiwene fein.

An enger Pann oder Casserolle lossen ech den Botterschmalz op niddriger Hëtzt schmëlzen, do dran mëschen ech den Knuawléck, Salz, Peffer an Krégder aus der Provence.

De Poulet würzen ech van bannen mat dëser Marinade, steechen dann Zitrounenspalten drann an dann würzen ech en mat der Marinade van baussen..

D’Ënnen verdeelen ech om Buadem van enger feierfester Form, an leen do den Poulet drop.

Rondrëm verdeelen ech Gromperenscheiwen an würzen déi liit mat bëssen Salz.

Datt Ganzt setzen ech dann fir eng goud Stonn an deen waarmen Schiäffchen.

Tipps

  1. Pinsel den Poulet ëmmer mol rem zwëschendurich mat der Marinade an.
  2. Notz een Fleeschthermometer fir ze kontrolléiren op den Poulet durich gegart ass (75°C-80°C)
  3. Wann Gromperen dir ze donkel jänn, dann deck Form mat Sëlwerpapeier zou.

Varianten

Experimentéier mat verschidden Gewürzmëschungen, fir su dein perséinlichen Geschmaasch ze kreien.

Gebroodene Poulet mat Gromperenrand

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 1 Poulet (ca. 1,5 KG)

  • 1 kg Gromperen, geschiält an dënn Scheiwen geschnidden

  • 4 Ziiwen Knuawléck, fein zerriwen

  • 2 Ënnen, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 2 Zitrounen, grëndlich gewäsch an gevéirelt

  • 2-3 TL Krégder aus der Provence

  • Botterschmalz

  • Salz & Peffer no Geschmaasch

Zoubereedung

  • De Poulet mat Këchenpapeier drëchen tuppen, van bannen an baussen salzen an iwert Nait an den Frigo stellen.
  • De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • D’Ënnen om Buadem van enger feierfester Form verdeelen.
  • Den Botterschmalz schmëlzen, mam Knuawléck, den Gewürzer an den Krégder vermëschen.
  • De Poulet domatt van bannen würzen an Zitrounenspalten dran steechen. Dann den Poulet van baussen mat dëser Marinade anpinselen an op d’Ënnen an die feierfest Form leen.
  • Gromperen rondrëmm den Poulet verdeelen an liit salzen.
  • Datt Ganzt fir ongeféier eng Stonn an deen waarmen Schiäffchen stellen. Zwëschendurich ëmmer mol rëm mat der Marinade anpinselen.
  • Gouden Appetit!

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*