Broccoli-Chouxfleurs Gratin

Mein Broccoli-Chouxfleurs Gratin mat Tomaten vermëscht mat enger crémiger Mornayzooss an iwerbaaschen mat gewürztem Panéiermiähl. Eent einfascht Familjenässen datt Gruuss an Kleng schmëscht. An ganz niäwenbei gesegt dësen Gratin o na richtig goud aus.

Zutaten fir dësen Gratin sen:

  • Broccoli an Chouxfleurs
  • Kiischtentomaten, alternativ kanns du kleng Rispentomaten oder Cocktailtomaten hualen
  • Pasta, ech han Maccheroni gehollt, du kanns Penne, Rigatoni, Fusilli oder eng anner kuurz Pastazort hualen.
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Zitrounensaaft
  • Panéiermiähl
  • italienisch Krégdermëschung

Fir Zooss has du bestëmmt du meest Zutaten doheem

  • Botter
  • Miähl
  • Mëlich
  • Gewürzer
  • Mozzarella, alternativ kanns du geriwene schweizer Kiiss oder Gruyère hualen. Fir den Zooss na mi würzig ze kreien kanns du Raclette-Kiiss dran schmëlzen

Ausserdeem brauchst du na eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eng Zitruspress, 2 Dëppen, eng Pann an eng feierfest Form

Zoubereedung

Ech fänken domatt aan, datt ech eng Béchamel kooschen, dofir loossen ech an engem Dëppen den Botter schmëlzen an mëschen Miähl drënner, an schweesen datt Ganzt ongeféier 3-4 Min. aan. Den Roux setzen ech op Ségt an loossen en aafkéilen.

Zur gläicher Zéckt erhëtzen ech d’Mëlich, dobäi äwer oppassen datt se dir net iwerkooscht an aanbrennt.

Die kooschend Mëlich schëdden ech op deen aafgekéilten Roux, an ënner stännigem réiren loossen ech Zooss opkooschen. Hëtzt raaf op niddriger driien an Zooss ongeféier 20 Min. op niddriger Hëtzt kooschen loossen. Béchamel kann mi flëssig gehalen jänn.

Zooss würzen ech an mëschen den Kiiss drënner réiren bis en ganz geschmolz ass. De Mozzarella brausch do bëssen mi lang an bëssen mi Hëtzt, bis en wirklich ganz opgeliesst ass, dobaï stoen bleiwen an ëmmer rëm dran réiren.

De Broccoli an den Chouxfleurs zerdeelen ech an Ruusen, wäschen en grëndlich an blanchéiren en am kooschenden Salzwaasser fir 3 Min. bis 4 Min. Noom blanchéiren den Broccoli am Aiswaasser aafschrecken.

Eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser opsetzen, opkooschen loossen an Pasta do dran no Packaaweisung al dent kooschen.

De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Tomaten wäschen ech an leen se mat dem Geméiss an eng feierfest Form.

D’Ënnen schiälen ech, halbéiren se an schnégden se an dënn Streifen.

De Knuawléck schiälen ech an hacken en fein.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden d’Ënnen do dran aan bis se sching goldbrong sen, dann mëschen ech den Knuawléck drënner brooden kuurz mat aan an läschen datt ganzt mat bëssen Zitrounensaaft aaf. Dës Mëschung leen ech bei d’Geméiss an die feierfest Form an vermëschen alles goud.

Nuddelen aafschëdden an bei d’Geméiss ant Form leen an alles vermëschen.

Zooss driwer schëdden.

Panéiermiähl mat bëssen italienisch Krégdermëschung mëschen an iwert dem Gratin verdeelen. Na paar Botterflocken driwer verdeelen an am waarmen Schiäffchen ongeféier 20 Min. bis 25 Min. baaschen.

Dësen Gratin virbereeden

Datt best an engem Gratin du kanns en am viraus Virbereeden, an den Frigo stellen bis en gebrauscht jëtt. Schreck dann äwer viramm vermëschen Nudelen mat kaalem Waasser aaf an verdeel Panéiermiähl rischt kuurz viraam baaschen iwert dem Gratin.

Du kanns dësen Gratin o mat enger einfascher Béchamel mëschen an mat Kiiss iwerbaaschen, ganz wie et dir am besten schmëscht.

Broccoli-Chouxfleurs Gratin

Rezept von Josiane
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 1 Broccoli, an Ruusen zerdeelt

  • 0,5 Chouxfleurs an Ruusen zerdeelt

  • 200 g Kiischtentomaten, gewäsch

  • 400 g Pasta

  • 1 Ënn, an dënn Streifen geschnidden

  • 1 Ziif Knuawléck, gehackt

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 100 g Panéiermiähl

  • 1-2 TL italienisch Krégdermëschung

  • Fir Zooss
  • 40 g Miähl

  • 30 g Botter

  • 1 L Mëlich

  • 1 Boule Mozzarella, alternativ 150 g geriwene schweizer Kiiss oder Gruyère

  • Salz & Peffer

  • Muskot

Zoubereedung

  • Aus dem Miähl an der Botter een Roux zoubereeden an aafkéilen loossen.
  • Die kooschend Mëlich drop schëdden an ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an ongeféier 20 Min. op niddriger Hëtzt kooschen loossen.
  • Würzen an no an no den Kiiss ënnermëschen an ganz schmëlzen loossen.
  • De Broccoli an den Chouxfleurs am kooschenden Salzwaasser 3 Min- 4 Min. blanchéiren. De Broccoli am kaalen Waasser aafschrecken.
  • An enger waarmer Pann Botterschmalz erhëtzen an d’Ënnen do dran brooden bis se sching Goldbrong sen, de Knuawkléck ënnermëschen an kuurz mat brooden, datt ganzt mam Zitrouensaaft aafläschen.
  • Am vill kooschendem Salzwaasser Nuddelen no Packaaweisung al dent kooschen.
  • De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • De Broccoli, Chouxfleurs, gebrooden Ënnen mam Knuawléck, Tomaten an Nuddelen an eng feirfest Form leen an goud vermëschen.
  • Zooss driwer schëdden.
  • Panéiermiähl mat den italienischen Krégder vermëschen an iwert dem Gratin verdeelen. paar Botterflocken driwer verdeelen an ongeféier 20 Min. am waarmen Schiäffchen baaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*