Poulet sauté à la normande

Hogt tauchen ech an d’Welt van der fransiischer Këchen an an bereeden een klassischen “Poulet sauté à la normand” zou. Dësen Menü kënnt aus der Normandie, enger Regioun an Frankreich, déi fir hir goud Zoossen bekannt ass, dachs verfeinert mat Äppel, Cidre oder Calvados.

D’Normandie, mat deen saaftigen Wissen an Obstbéim, ass die perfekt Platz fir dësen herzhaften Menü. D’Geschicht vam Poulet sauté à la normande ass déif verwuurzelt an deen ländlichen Traditiounen, wu d’Baueren Friischten van hirer Aarbischt an köstlich Menüer verwandelen. Dësen Menü spéijelt die einfasch an räich Këchen aus der Normandie.

Zutaten fir Poulet sauté à la normande

Aus dem Buttik brengen ech mir een Poulet mat deen ech vam Metzler well halbéiren loossen. Dann brausch ech na Äppel, hual een säierlichen wie z.B. Boscop, an Calavados. Doheem han ech Bréit, Botterschmalz, Salz an Peffer.

Fir datt mein Menü gelengt brausch ech na eent Messer, eent Schnégdbrett an ech hualen mengt Gossendëppen.

Zoubereedung

De Poulet salzen ech an loossen en iwert Nait am Frigo durich zéien. Moies hualen ech en fréih genou aus dem Frigo fir datt Fleesch Raumtemperatur aanhualen kann, an ech würzen en dann o direkt mat Peffer.

An mengem waarmen Gossendëppen erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden den Poulet op mëttel Hëtzt all rondrëm aan bis en sching goldbrong ass.

D’Äppel wäschen ech grëndlich an schnégden se an aaschtel. Ech han se net geschiällt, datt kanns du äwer maan wies du wëlls.

D’Äppel verdeelen ech rondrëm de Poulet erhëtzen se kuurz an läschen se dann mam Calvados aaf, dann jëtt flambéiert. Maan dofir am besten den Hott een Moment aus, Flamm wor bei mir nawell zimlech gruuss. Deen loossen ech ganz ankooschen.

Als nächst schëdden ech bëssen Bréit drop, driien Hëtzt op niddrig an loossen datt Ganzt mat Deckel op niddriger Hëtzt schmoren bis den Poulet durich gar ass. Ongeféier 40 bis 45 Min. Sollt et mol mi lang dauern, d’Äppel suriagen dofir datt Fleesch net zevill audrëchent.

Wanns du dir lo Froosch stells watt bei dësen Menü passt?

Hei sen paar Iddien déis du dobäi zervéiren kanns.

  1. Pilawreis, eng einfasch Beilaag, fir den Geschmaasch van dësem Menü ze ergänzen.
  2. Gromperngratin: deen klassischen Gratin Dauphinois oder all anneren Grompergratin bilden mat der Rahm an Kiiss eng Beilaag déi satt mëcht.
  3. Gemëschtent Geméiss: eng Mëschung aus verschidden Zorten Geméiss am Botter gedënst béiden eng liit an gesond Begleedung zu dësem Menü.
  4. Frësch Baguette an eng gemëschten Zaloot, passen ëmmer goud bei dësen herzhaften Poulet sauté à la normande.

Poulet sauté à la normande

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 1 Poulet, halbéiert oder an mi Stécker zerdeelt

  • Salz

  • Peffer

  • 400 g Äppel, gewäsch an geaaschtelt

  • 100 ml Calvados

  • 100 ml Houhnerbréit

  • Botterschmalz fir ze brooden

Zoubereedung

  • De Poulet salzen an iwert Nait am Frigo durich zéien loossen.
  • D’Fleesch fréi genou aus dem Frigo hualen, fir datt et Raumtemperatur aanhualen kann, an pefferen.
  • An engem waarmen Gossendëppen op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz erhëtzen an den Poulet rondrëm groldbrong aanbrooden.
  • D’Äppel rondrëm verdeelen kuurz erhëtzen an mam Calvados aafläschen. Flambéiren.
  • D’Bréit drop schëdden an op niddriger Hëtzt mat Deckel su lang schmoren bis den Poulet durich gar ass. Ongeféier 40 Min. bis 45 Min.
  • gouden Appetit!

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*