serbischt Reisfleesch

Hokt han ech eent herzhaft Rezept aus dem Balkan – serbischt Reisfleesch o genannt “Srpski Duvec”. Ursprünglich aus dem ländlischen Serbien, hat sech dëst Ässen an der ganzer Regioun verbreet an hat sech zu engem Klassiker entweckelt. Et vereent Reis mam vollen Goût vam Fleesch an enger wonnerbarer Paprika-Tomatenzooss. Wie datt mat Klassiker ass, hat all Familjen hirt ganz eegent Rezept, äwer am Enn geht et nëmmen em eent: Comfort Food vam feinsten!

Zutaten fir mengt serbischt Reisfleesch

1. Fleesch

  • D’Fleesch ass d’Herzstéck van dësem Menü, datt kann Schwengefleesch, Randfleesch, Gehacktes, Poulet oder Pute sen. Beim schmoren jëtt et zart an hëllt den Goût van der Zooss perfekt op. Ech han fir mein Menü een ganzen Poulet gehollt, deen ech zerklengert han, Schanken brengen na zousätzlichen Aroma mat ant dëst herrlicht Ässen.

2. Reis

  • Am besten eegent sech een Langkärenreis, deen bleift beim Kooschen locker an jëtt net matschig. Den Reis hëllt Bréit an d’Gewürzer op, watt him eng sching Textur jëtt. Natiirlich kanns du o een Basmati- oder Jasminreis hualen.

3. Ënnen

  • D’Ënnen bilden die aromatisch Basis van dësem Menü. Durich aanbrooden vam de Ënnen krëtt Reisfleesch sein charakteristischen séisslichen – herzhaften Goût.

4. Knuawléck

  • Fir die nigdig Würzigkeet suarigt den Knuawléck. En brengt een liit scharefen Aroma an jëtt dem Ässen sein typischen Balkan Charakter.

5. Paprika

  • De Paprika jëtt dem Ässen Faaref an brengt een angenehm fruuchtigen Aroma. Die rugd an die jiäll sen mi séiss, während deen gréinen Paprika een liit herben Goût hat. Zesaammen ergänzen sie sech perfekt.

6. Pelati

  • D’Grondlaag van der Zooss, natiirlech mein Pelati mat sonnengereiften San Marazano Tomaten aus Italien. Sie brengen Saier an een frëschen Aroma.

7. Muurten

  • D’Muurten brengen een séisslichen Goût deen perfekt mat deen anneren Aromen harmonéiert. Sie brengen net nëmmen Faaref sie maan datt Ganzt o mi herzhaft.

8. Gromperen

  • Gromperen suarigen dofir datt dech dësen Menü richtig satt mëcht, ausserdeem maan sie dëst Ässen ne mi rustikal.

9. séisst Paprikapolwer

  • Een absoluten Muss an der Balkan-Këchen! Paprika brengt een séissen Aroma an suarigt fir die sching rugd Faaref.

10. Salz & Peffer

  • Die klassisch Gewürzer duarefen néirens fehlen. Salz hiäft d’Aromen während de Peffer eng liit Schiäreft mat brengt.

11. Olivenualeg oder Botterschmalz

  • Fir d’Aanbrooden vam Fleesch an van den Ënnen. Du kanns natiirlech o een neutralen Ualeg hualen.

12. Bréit

  • Et béid sech natiirlech eng Fleeschbréit aan, sie brengt deen vollen Fleescharoma an dëst Ässen. Mat enger Geméissbréit krëss du een mi mëllen liit séisslichen Aroma.

13. Optional: scharfet Paprikapolwer oder Chilischoten

  • Fir all déi et jären mi scharef han, brenbt datt deen nigdigen Kick. Iwerdreif et just net, et soll ëmmer na no deem schmaaschen watt dran ass.

Zoubereedung

Virbereedung ass alles, ech fänken domatt aan, datt ech den Poulet zerdeelen, liit salzen an iwert Nait an den Frigo stellen. Op manns 2 Stonnen am Frigo durich zéien loossen.

Den Daag drop schiälen ech d’Ënnen an ech hacken se fein.

De Knuawléck schiälen ech an ech hacken en fein.

D’Muurten schiälen ech an schnégden se an kleng Würfelen.

D’Gromperen jänn geschiält an a Mondgerecht Stécker geschnidden.

De Paprika wäschen ech, entkären en an schnégden en an kleng Würfelen.

An engem klengen Dëppchen mëschen ech mir den Paprikapolwer mat bëssen Cumin (Kreuzkümmel)

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran den Poulet all rondrëm goldbrong aan an würzen en mat bëssen frësch gemahlenem Peffer, deen hualen ech raus an stellen en op Ségt.

TIPP: Loss dir Zéckt beim aanbrooden vam Fleesch, wann et vill Fleesch ass, broot et an Etappen aan, et soll brooden an net kooschen.

An der selwischter Pann brooden ech d’Ënnen bis se aafänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech den Knuawléck mat deem gemëschten Paprikapolwer drënner an réisteren datt kuurz mat aan. Subal datt aafänkt mat rauschen mëschen ech d’Muurten, Gromperen an den Paprika drënner. Datt Ganzt brooden ech paar fir paar Min.

Als nächst schëdden ech den Pelati drop an leen d’Fleesch rem dran. Su loossen ech datt ganzt fir ongeféier 10 Min. mat Deckel op niddriger Hëtzt kooschen.

Dann mëschen ech den Reis drënner an schëdden d’Bréit drop su datt alles just bedeckt ass, datt loossen ech eng kéier opkooschen an mat Deckel kooschen ech datt bis den Reis mëll ass. Zwëschdndurich ëmmer mol rëm alles vermëschen an evtl. na bëssen Bréit nooschëdden.

Wann alles mëll ass, schmaaschen an evtl. na bëssen noowürzen.

TIPP: Wann Reisfleesch färdig ass, loos et paar Min. ruhen. Den Reis zéiht na Flëssigkeet an mëcht datt Ganzt na mi intensiv am Goût!

Varianten

  1. Nordserbien: Hei jëtt dachs Sauermouss ënnert reisfleesch gemëscht fir een sauren Aroma ze kreien.
  2. Zentralserbien: Hei jëtt Reisfleesch ënner annerem mat Lamm zoubereet.
  3. Küstenregioun: An dëser Regioun jëtt dësen Menü o alt mat Fësch gekooscht
  4. Bosnisch Variant: die bosnisch Variant jëtt dachs mat Ajvar, een Paprika-Auberginen-Past gekooscht, fir su na mi Goût dran ze kreien.

serbischt Reisfleesch

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

25

Minuten

Zutaten

  • 1 Poulet, an 8 Stécker zerdeelt

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • Salz & Peffer

  • 2 Ënnen, gehackt

  • 1,5 EL Paprikapolwer, edelséiss

  • 0,5 TL Cumin

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 3 Paprika, kleng gewürfelt

  • 2 Muurten, kleng gewürfelt

  • 4 mëttelgruuss Gromperen, an mondgerecht Stécker geschnidden

  • 400 ml Pelati (1 Bëchs)

  • 250 g Langkärenreis

  • 500 ml Bréit

  • Optional: 1 TL schareft Paprikapolwer oder 1 Chilischot, entkärt an gehackt

Zoubereedung

  • De Poulet han ech gesalz an iwert Nait am Frigo durich zéien geloss. Op mannst 2 Stonnen am Frigo durich zéien loossen.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Fleesch all rondrëm goldbrong aan, d’Fleesch würzen ech mat frësch gemahlenem Peffer. Datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.
  • An der selwischter Pann brooden ech d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Als nächst mëchen ech den Knuawkléck, Paprikapolwer an Cumin drënner an réisteren kuurz alles aan.
  • Subal datt aafänkt mat rauschen mëschen ech de Paprika, d’Muurten an Gromperen drënner an brooden kuurz alles mat aan.
  • Dann schëdden ech den Pelati drop an leen d’Fleesch rem dran, datt vermëschen ech goud an op niddriger Hëtzt loossen ech datt Ganzt mat Deckel ongeféier 10 Min. kooschen.
  • Ech mëschen dann den Reis drënner an schëdden d’Bréit drop, datt just alles bedeckt ass, datt loossen ech eng kéier opkooschen an mat Deckel op niddriger Hëtzt kooschen ech d’Reisfleesch su lang bis den Reis mëll ass. Zwëschendurich ëmmer mol rëm dran réiren an evtl. na bëssen Bréit nooschëdden.
  • Schmaaschen an evtl. na noowürzen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*