Herzhaft Frittata mat Wiischtercher, Paprika an Ënnen

Hokt beschreiwen ech dir eent einfascht an siiert Rezept van enger Omlette. Wann een mol net deen richtigen Iddi hat fir gruussartig ze kooschen ass dësen Menü genau datt richtigt.

Frittata hat hir Wuurzelen an der italienischer Këchen an jëtt dachs als deen mediterrane Cousin van der fransiischer Omlette bezeechent. Eent Ässen datt dachs als „aarem Lekt’s-Ässen“ bezeechent jëtt an dofir gedeit wor Rester ze verschaffen. Mëttlerweil fënnt een äwer weltwégt die ënnerscheedlichst Varianten.

D’Zoubereedung ass denkbar einfasch an d’Ergebniss schmëcht raffinéiert an villsegtig. An dëser Variant kombinéiren ech Wiischtercher mat Paprika an Ënnen, fir een liit salzigen an cremigen Goût suarigt den Peynir oder Feta. Ausserdeem kanns du d’Frittata moies fir Frühstück, oder als siiert Mëttig- oder Owesässen genéissen.

Zutaten

1. Eier

  • D’Eier sen Hauptzutat an enger Frittata, sie han een mëllen Goût an hualen goud die anner Aromen op.

2. Ënnen

  • D’Ënnen brengen een natiirlich séissen, liit scharefen Goût an d’Frittata, déi durich d’aanbrooden na verstiärikt jëtt, sie suarigen fir een herzhaften, aromatischen Goût.

3. Paprika

  • Paprika sen knackig an séiss, viraan allem deen rugden. Sie brengen Frëscheet an Biss mat an d’Frittata.

4. Wiischtercher

  • Du kanns natiirlech déi Wuuscht hualen, déi dir am besten schmëcht, datt kann z.B. eng scharef Chorizo, eng gereechert Mettwuuscht, déi na zousätzlich Raucharoma mat brengt oder eng mëll Brootwuuscht sen.

5. Peynir oder Feta

  • Dës 2 Kiiszorten kommen aus der Mëttelmiärregioun an jänn der Frittata een salzigen, liit säierlichen Goût.

6. Salz & Peffer

  • D’Basisgewürzer déi alles richtig würzen. Pass äwer op beim Salzen, de Kiiss an d’Wiischrercher sen zimlich salzig.

7. Olivenualeg

  • Deen duaref an engem mediterranen Ässen net fehlen, en brengt een fruuchtigen liit nossigen Aroma mat.

8. Péitersilich

  • Dëst Krogt brengt Frëscheet an een liit grasigen Aroma mat, deen sämtlich Zutaten ausgläicht. Natiirlech ass den Péitersilich optisch o ëmmer een Highlight.

9. Optional: Schmand oder Mëlich

  • De Schmand déint dozou d’Frittata mi cremig an fluffig ze maan. Dodurich datt ech äwer den Kiiss ënner d’Eier mëschen brausch ech keen Schmand.

Zoubereedung

Natiirlech fänken ech ëmmer domatt aan alles virzebreeden an alles parat ze stellen.

  • De Paprika wäschen ech grëndlich, entkären se an schnegden se an dënn Streifen.
  • D’Ënn schiälen ech, halbéiren se an schnegden se an dënn Streifen
  • D’Wiichtercher schnegden ech an Ronselen.
  • An enger Schossel schloen ech d’Eier op an zerbröselen do dran de Peynir oder Feta, datt vermëschen ech goud mat gehacktem Péitersilich an würzen mat Peffer an nëmmen bëssen Salz.
  • Optional kanns du eng goud Schlupp Schmand drënner mëschen, ech han et nët gemaat, well den Peynir fir die nigdig cremigkeet suarigt. De Peynir ass am Gegensatz zum Feta mi mëll an net su salzig am Goût an en hat mi eng cremig Textur.
  • De Péitersilich hacken ech fein.

De Schiäffchen wiärmen ech mir op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt fir.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech den Olivenualeg an brooden do dran d’Ënnen aan, bis se afänken Faaref ze kreien.

Als nächst mëschen ech d’Wiischtercher an den Paprika drënner, datt brooden ech alles aan, bis die meest Flëssigkeet déi vam Paprika austrëtt verdonst ass.

Dann schëdden ech d’Ei-Peynir-Mëschung drop, verréiren alles an setzen pann an deen waarmen Schiäffchen, su loossen ech d’Frittata ongeféier 10 Min. bis 15 Min. baaschen, bis d’Eier gestockt sen.

Wie d’Ei genau gebrooden muss oder soll sen muss jidefereen fir sech selwer entscheeden, vill han et jären, wann d’Ei na mëll an liit schnuddelig ass, bei mir muss et ganz durich gebaasch sen. Ech sen een Banaus do dran, eent Spéijelei muss bei mir an der Pann o gedrigt jänn fir datt Eijäll hart jëtt, soss ässen ech et net.

D’Frittat vedeelen ech op Telleren, dobäi han ech een Komb Zaloot an Brugd zervéiert

Tipps

  1. Hual am besten eng beschicht Pann, fir datt näist aanpëcht.
  2. Frittatas sen perfekt fir Rester ze verschaffen – anner Geméiss wie z.B. Courgetten, Spinat oder/an Kooschelen passen o wonnerbar an eng Frittata.
  3. Wanns du keng Pann has déi’s du an den Schiäffchen stellen kanns, kanns du d’Frittat o op der Plaque zoubereeden. Op niddriger Hëtzt, evtl. mat Deckel d’Eier stocken loossen, bis se fir dech die gewënschten Konsistenz erreecht han.

Varianten

Die spanisch Tortilla, déi meestens aus Gromperen an Ënnen besteht.

An der Türkei jëtt et en Menü deen Menemen heescht, bei deem d’Eier mat Tomaten an gréinem Paprika zoubereet jänn.

An Griechenland jëtt Feta oder Halloumi gehollt. An am Platz van den Wiischtercher jëtt hei dachs gedrëchent Tomaten oder Oliven ënnergemëscht.

Herzhaft Frittata mat Wiischtercher, Paprik an Ënnen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereeungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten

Zutaten

  • 6 Eier

  • 1 deck Ënn, an dënn Streifen geschnidden

  • 1 jäll an 1 rugd Paprika, an dënn Streifen geschnidden

  • 4 – 6 Wiischtercher, an Ronselen geschnidden

  • 100 g Peynir oder Feta

  • 2 EL bis 3 EL Olivenualeg

  • Salz an Peffer

  • Optional: 50 ml Schmand

  • 2 EL gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • An enger Schossel schloen ech d’Eier op an zerbröselen den Peynir dran. mam Péitersilich, Peffer an bëssen Salz vermëschen ech alles goud mateneen.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden do dran d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Ann mëschen ech d’Wiischtercher an den Paprika drënner an brooden alles su lang bis die meest Flëssigkeet déi vam Paprika ausstrëtt verdonst ass.
  • Als nächst schëdden ech d’Eier-Mëschung drop, vermëschen alles an setzen d’Pann an deen waarmen Schiäffchen.
  • D’Frittata baaschen ech su fir ongeféier 10 Min. bis 15 Min. bis d’Eier gestockt sen.
  • D’Frittata op Telleren verdeelen an mat Brugd an evtl. engem Komb Zaloot zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*