Eng Variabel Beilaag: Gromper aus dem Schiäffchen

Et jiän Ässen, déi ëmmer rem durich hir Einfascheet begeesteren. Do gehiiert d’Gromper defintiv dobäi. Sie sen net nëmmen variabel, mais o die perfekt Kombinatioun aus deem knusperigen Baussen an dem mëllen Kär.

Ob als Beilaag zu engem saaftigen Stéck Fleesch, als Hauptplat mat engem erfrëschenden Dip oder als einfaschen klengen Snack fir zwëschendurich. D’Gromper aus dem Schiäffchen jieet ëmmer. Mat paar klengen Tricks an deen rischtigen Gewürzer kanns du se ganz einfasch dengem Goût no verfeineren.

D’Zutaten, d’Geheimnis hanner der perfekter Gromper aus dem Schiäffchen

All gruussartigt Ässen fängt mat deen rischtigen Zutaten aan, bei der Gromper aus dem Schiäffchen ass datt net annëcht. D’Wiäll van den Zutaten maan den Ënnerscheede zwëschen „ganz OK“ an „Wow, jiëf mir d’Rezept“. Hei kucken ech mir d’Hauptrollen van dësem Rezept mi genau aan.

Die perfekt Gromper aus dem Schiäffchen.

Et ass net nëmmen d’Gromper selwer, mais o d’Léift zum Detail, die zällt. Ob’s du deng Gromper schiälls oder mat der Schaal zoubereets, d’Wiäll vam Fett, een gouden Olivenualig, oder äwer léiwer den Botterschmalz. Gewürzer wie Salz, Peffer an séisst, schareft oder gereechert Paprikpolwer. Krégder wie Rosmarin, Thymian oder Krégder aus der Provence mat baaschen oder als „Finish“ driwer verdeelen. Knuawelek an/oder Ënnen. Frësch Krégder wie Péitersilich an Bratzelen als Topping, oder fir bëssen crunch na Fleurs de sel. All datt maan aus denger Gromper aus dem Schiäffchen een Highlight.

D’Gromper, d’Basis vam Genoss

  1. festkooschend Gromperen: fir knusperig Gromperen aus dem Schiäffchen, déi baussen sching goldbrong jiän an bannen een mëllen Kär behaalen. Perfekt fir Spalten, Scheiwen oder Würfel ze schnégden.
  2. miählisch kooschend Gromperen: Ideal, wanns du se fluffig-mëll wëlls han z.B. als gefëllten Gromper. Du kanns die miählisch kooschend Gromper o fir Spalten, Würfel oder Scheiwen hualen, pass dann just op, wanns du se zwëchendurich drigs, datt se dir net auserneen fällen.
  3. Séissgromperen: Die exotisch Alternativ, séiss, nossig an een Hauch Hiärest an all Maufel.

Pass do drop op, datt d’Gromperen frësch sen, goud gewäsch an wann se ze knubbelig sen, einfasch schiälen.

Olivenualig

Een hiiwiärtigen Olivenualig ass den Schlëssel zu knusperigen Gromperen mat vollem Goût. En suarigt dofir, datt Gewürzer pëchen bleiwen an datt d’Gromper eng sching goldig Faarf krëtt.

EXTRA TIPP: Du kanns o probéiren deng Gromper an geschmolzenem Botterschmalz ze driien, si kreien sie na zousätzlich een botterigen Aroma. Oder du entscheeds dëch fir een Würzualig, z.B. een Knuawelekualig oder een Chiliualig fir den Goût mi intensiv ze kreien.

Salz, den klengen äwer grussen Detail

Eent goud Salz brengt d’Gromper rischtig zur Geltung:

  • Miärsalz: fir deen knackigen Biss an liit Mineralnuancen.
  • Krégdersalz: fir jidfereen deen etjiären aromatisch hat.
  • Fleur de Sel: Viraam zervéiren driwer gestreit brengt dëst Salz bëssen Crunch mat.

Gewürzer, hei kanns du kreativ jiän!

De Klassiker ënnert den Gewürzer fir Gromperen aus dem Schiäffchen ass Paprikpolwer en brengt bëssen Faaref an waarem Nuancen. Fir Aafwiässelung kanns du gereechter Paprikapolwer hualen so krëss du zousätzlich na liit Reecheraromen mat. An fir mi eng würzig Variant schareft Paprikapolwer, datt mëcht d’Gromper würzig äwer net su scharef wie wanns du Chiliflocken oder Chilipolwer hëlls, Datt ass natiirlech o eng Optioun fir jidfereen deen et jiären su rischtig scharef hat.

Een anneren Klassiker ass Rosmarin, Thymian, Krégder aus der Provence oder italienisch Krégdermëschung, ob frësch oder gedrëchent, brengen sie deen mediterranen Flair an d’Gromper aus dem Schiäffchen.

Kregder aus der Provence
italienisch Kregdermëschung

Knuawelek, gehackt, zerriwen oder die ganz Ziiwen, de Knuawelek mëcht alles besser!

Frësch Krégder wie Péitersilich, Dill oder Bratzelen hiäwen d’Gromper aus dem Schiäffchen op een neien Level, sie sen den „Finish“ deen fir Frëscheet an Aroma suarigt.

Peffer, ech maan op meng Gromper aus dem Schiäffchen ëmmer bëssen Peffer mat drop, dofir hualen ech jiären deen faarwigen Peffer fir mëch hat deen, niäwent deem schwarze Peffer, deen besten Aroma.

Zoubereedung

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Ëmloft vir.

Gromperen wäschen ech grëndlich an schnégden se an die gewënschten From. Hei kanns du ganz Kreativ sen, et steht néirens geschriwen datt Grompern an Spalten geschnidden mussen sen. Ob’s du deng Gromper Fächerartig anschnégs, se würfels, an Spalten oder Scheiwen schnégs, ass ganz dir selwer iwerloss, probéier dech einfasch aus an fann raus watt dir am besten gefällt.

Als nächst leen ech meng Gromperen an eng gruuss Schossel an würzen se mat Olivenualig, Salz an Peffer. Ech han dës kéier nëmmen déi Gewürzer gehollt, well all die anner Zutaten van mengem Menü würzig genou woren. Du kanns denger Kreativiét äwer freien Loof loossen. TIPP: wann ech Krégder op meng Gromper aus dem Schiäffchen maan, hualen ech viraam Baaschen meestens gedrëchent Krégder, an wann se fiärdig sen streien ech ne bëssen frësch Krégder drop.

Die goud gemëschten Gromperen leen ech dann op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech, verdeelen se, su datt se net zevill openeen leien, Dann setzen ech se an deen waarmen Schiäffchen an baaschen se fir ongeféier 45 Min. bis se mëll an goldbrong sen,

Noom Baaschen verdeelen ech d’Gromperen an Schosselen, an als Topping han ech eng Mëschung aus frësch gehacktem Péitersilich, Bratzelen an Dill driwer gestreit an fir bëssen zousätzlichen Crunch Fleur der Sel.

Eng Variabel Beilaag: Gromper aus dem Schiäffchen

Rezept von Josiane
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszékt

15

Minuten
Kooschzékt

45

Minuten

Zutaten

  • 1 kg Gromperen, gewäsch an, an die gewënschten from geschnidden

  • 3-4 EL Olivenualig

  • 1 TL Salz

  • frësch gemahlene Peffer

  • Fir Garnitur: Fleur de Sel, frësch gehackten Péitersilich, Dill an Bratzelen.

Zoubereedung

  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Ëmloft fir.
  • Grompern vermëschen ech an enger Schossel mam Salz, Peffer an Olivenualeg, su datt alles goud verdeelt ass.
  • Op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech verdeelen ech d’Gromperen su datt se net zevill openeen leien.
  • Su setzen ech d’Blech an deen waarmen Schiäffchen an loossen d’Gromperen ongeféier 45 Min. baaschen bis se mëll an goldbrong sen.
  • Noom Baaschen verdeelen ech Gromperen an Schosselen an streien die frësch Krégder an Fleur de sel driwer.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*