Hokt hualen ech dech mat an die aromatisch Welt van der mediterraner an nohöstlicher Këchen. Mein Menü van hokt kombinéiert al dente gekooscht Nuddelen, saaftigt Gehacktes getoppt mat enger erfrëschend Joghurtcrème, mat würziger Paprikabotter an séissen Kiischtentomaten
Zutaten fir meng crémig Gehacktes Pasta mat Paprikabotter
- Gehacktes, d’Gehacktes kann aus verschiddenen Zorten Fleesch bestoen, z.B. Rand, Schwéng, Lamm oder gemëscht. Et ass räich aan Eiwäiss an hat eng angenehm Textur. D’Gehacktes brengt eng saaftig, herzhaft Komponent ant d’Ässen. Du kanns je no Goût Gehacktes der Fleeschzort aanpassen. Kuck just fir ongewürztent ze koofen.
- Ënnen, d’Ënnen sen wie ëmmer Basis van engem gouden Menü, sie han een liit scharefen, äwer séisslichen Aroma deen beim brooden verstiärikt jiët. Sie jiän dem Gehacktes eng angenehm, séiss-würzig Basis an verstiäriken die anner Aromen.
- Knuawelek, de Knuawelek ass genau wie d’Ënnen eng Zutat déi an allen Këchen weltwegt als Aromabasis genotzt jiët. En hat een intensiven, liit scharefen Aroma. De Knuawelek ergänzt d’Gehacktes mat würzigem Goût an verstiärikt den Goût vam Paprikabotter.
- Olivenualig, een hiiwiärtigen Olivenualig extra vergine hat een frëschen, fruuchtigen Goût, en déint hei fir d‘ Aanbrooden vam Gehacktes an den Ënnen.
- Salz an Peffer, D’Salz hiäft die natiirlich Aromen, während den Peffer eng angehem Schiäreft matbrengt. Sie suarigen fir eng ausgeglaschen Würzigkeet am ganzen Menü.
- Tomatenpürée, den Tomatenpürée ass eent konzentréiert Produkt aus gekooschten an püréierten Tomaten, et hat een intensiven Goût an eng déifrugd Faaref. Den Tomatenpürée surarigt fir een kräftigen Tomatenaroma an dësem Ässen an balancéiert datt séisst van den Kiischtentomaten aus.
- Nuddelen, et jiän ganz vill Zorten Pasta, Spaghetti, Fusilli oder Penne sen die beléifsten. D’Nuddelen déinen hei als Grondlaag an dësem Menü. Sie hualen d’Aromen, vam Gehacktes, dem Joghurt an der Paprikabotter perfekt op.
- Botter, de Botter hat een liit nossigen Aroma, datt beim erhëtzen een intensiven Goût krëtt. Sie ass an dësem Menü d’Basis vam Paprikabotter an suarigt fir een angenehmen satten Goût.
- Paprikapolwer, Paprikapolwer jiët et an verschidden Varianten, „edelsüss, rosenscharf an gereechert“. En jiët aus gedrëchenten Paprikaschoten gemahlen. An der Botter suarigt en fir eng kräftig Faaref an eng angenehm Schiäreft.
- Kiischtentomaten, Kiischtentomaten sen kleng an séiss, durich deen hiien Wassergehalt sen sie saaftig an frësch. Sie béiden een fruuchtigen Kontrast zu deen herzhaften Zutaten an suarigen fir eng liäwig Faaref om Teller.
Zoubereedung
- D’Ënnen an den Knuawelek schiälen ech an hacken alles fein.
- Kiischtentomaten wäschen ech an halbéiren se, dann leen ech se mat der Schnëttfläsch no uawen an eng feierfest Form.
De Joghurt mëschen ech mat bëssen Knuawelek, Salz an Peffer an setzen en an de Frigo bis ech en brausch.
De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Ëmloft vir.
An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualig, an brooden do dran Gehacktes brong aan. Datt würzen ech mat Salz an Peffer.
Dann mëschen ech d’Ënnen drënner an brooden déi mat aan bis se aafänken Faaref ze kreien.
An der Zwëschenzékt setzen ech goud gesalzent Waasser op, lossen datt opkooschen an kooschen d’Nuddelen no Packaweisung al dente.
D‘Kiischtentomaten würzen ech liit mat Salz an Peffer, verdeelen bëssen Olivenualig driwer an setzen se an deen waarmen Schiäffchen.
Als nächst mëschen ech den Tomatenpürée an de Knuawelek ënnert Gehacktes an brooden alles fir paar Min. aan.
Ënnert Gehacktes mëschen ech 2 – 3 Louschen Nudelwaasser.
An enger Casserole loossen ech op niddriger Hëtzt Botter schmëlzen, subal deen afänkt mat spruddelen mëschen ech den Paprikapolwer drënner, vermëschen alles goud an driien Plaque dann aus, lossen d’Casserole äwer op der waarmer Plaque stoen.
Nuddelen schëdden ech aaf. TIPP: fir datt Zooss besser aan den Nuddelen haften bleift an ënnen am Teller keen Waasser steht, Nuddelen zeréck an Dëppen schëdden an mat engem gouden Schnatt Botter vermëschen. Op der Plaue stoen lossen an réiren bis den Botter geschmolz an sech iwert die ganz Nuddelen verdeelt hat.
D’Nuddelen verdeelen ech op Telleren an leen eng goud Lousch vam der Gehackteszooss uawen drop. Getoppt jiët meng Pasta mat 2-3 EL Joghurt an deen gebaaschen Kiischtentomaten. Do driwer verdeelen ech 1-2 EL van der Paprikabotter.
Varianten an Inspiratiounen
Dëst Ässen erënnert aan die türkisch „Manti“-Traditoun, kleng gefëllten Deegtäschen mat Joghurtzooss an Paprikabotter oder aan Pastaässen mat frëschen Zutaten. Fir bëssen griechisch Aromen kanns du na Fetakiss driwer streien. Ween et äwer léiwer mi orentalisch hat kann d‘Gehacktes zousätzlich mat Cumin, Harissa oder/an Cannelle würzen.
Tipps
- Pass bei der Paprikabotter op, de Paprika verbennt ganz siier an jiët batter.
- D’Kooschwaasser van den Nuddelen ass deen Geheimtipp fir datt Zooss mi crèmig jiët.
Crémig Gehacktes-Pasta mat Paprikabotter
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen20
Minuten30
MinutenZutaten
- Fir den Joghurt
250 g griechischen Joghurt
1 Ziif Knuawelek, fein gehackt
Salz & Peffer
- Fir Pasta
500 g Gehacktes, Rand, Lamm oder gemëschtent, am besten ongewürzt
Olivenualig, fir ze brooden
1 Ënn, fein gehackt
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
400 g Nuddelen
Salz & Peffer
- Fir den Paprikabotter
50 g Botter
1 TL Paprikapolwer
100 g Kiischtentomaten, halbéiert
Zoubereedung
- De Joghurt mëschen ech mat bëssen Knuawelek, Salz an Peffer an setzen en an de Frigo bis ech en brausch.
- De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Ëmloft vir.
- Kiischtentomaten leen ech an eng feierfest Form, salzen an pefferen se liit.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualig, an brooden do dran Gehacktes brong aan. Datt würzen ech mat Salz an Peffer.
- Dann mëschen ech d’Ënnen drënner an brooden déi mat aan bis se aafänken Faaref ze kreien.
- An der Zwëschenzékt setzen ech goud gesalzent Waasser op, lossen datt opkooschen an kooschen d’Nuddelen no Packaweisung al dente.
- D‘Kiischtentomaten würzen ech liit mat Salz an Peffer, verdeelen bëssen Olivenualig an setzen se an deen waarmen Schiäffchen.
- Als nächst mëschen ech den Tomatenpürée an de Knuawelek ënnert Gehacktes an brooden alles fir paar Min. aan. Do mëschen ech dann 2-3 Louschen Nuddelwaasser drënner.
- Nuddelen schëdden ech aaf. TIPP: fir datt Zooss besser aan den Nuddelen haften bleift an ënnen am Teller keen Waasser steht, Nuddelen zeréck an Dëppen schëdden an mat engem gouden Schnatt Botter vermëschen. Op der Plaue stoen lossen an réiren bis den Botter geschmolz an sech iwert die ganz Nuddelen verdeelt hat.
- D’Nuddelen verdeelen ech op Telleren an leen eng goud Lousch vam der Gehackteszooss uawen drop. Getoppt jiët meng Pasta mat 2-3 EL Joghurt an deen gebaaschen Kiischtentomaten. Do driwer verdeelen ech 1-2 EL van der Paprikabotter.