Een Balkan Klassiker nei interpretéiert: Cevapcici mat Ajvar-Paprika-Risotto

Hokt hualen ech dech mat an den südosten van Europa, genau gesoot op den Balkan. Mat mengem Menü: Cevapcici mat Ajvar-Paprika-Risotto. D’Iddi fir dëst Ässen ass eigentlich rischt iwert dem Kooschen kommen, déi entstinn meestens wanns du eng Saasch net Doheem has, an ze lidderig bas fir an de Butik ze fahren. Mäin Menü van hokt verbënnt deen rustikalen Charme van saaftigen Gehacktesröllercher mat schlotzigem Risotto deen ech mat Paprika an Ajvar verfeinert han.

Watt mëcht dëst Ässen su besonnig?

Cevapcici ass mi wie nëmmen eent Ässen, et ass Traditioun, Familjiengeschicht an Goût an senger rengster Form. An verschidden Regiounen jiët den Cevapcici direkt vam Grill gäss, dachs jiët Ajvar dobäi gereecht. Et ass eent Ässen datt no Gemeinschaft schmëscht, perfekt fir mat Familjien an Frënn ze deelen.

Meng perséinlich Verbindung zum Cevapcici.

Die ischte Kéier wie ech Cevapcici gäss han, wor op der Fahrt an d’Vakanz. Mir woren zu 4 Fraulékt mam Mobilhome ënnerweesch an Italien. An mir sen bis op Stroossburig kommen, du haaten mir eng Panne mat eiser Maschine. Wie den Zoufall et wollt han mir op engem Parksteifen laanst Strooss geparkt, net wégt van enger Garage. Mais Naits em 2h00 haat déi natiirlich net op. Mir han eis Cevapcici gewiärmet, su kleng Dëppercher mat engem fiärdig gemëschten Produkt mat Reis „et wor eent Festässen“. Nodeems mir an der Garage woren ass eis Réis du ouni wegder Problemer viraan jiangen.

D’Hauptzutaten van mengen Cevapcici mat Ajvar-Paprika-Risotto

  • Gehacktes: Ob Rand, Lamm oder eng Mëschung, d’Qualitéit vam Fleesch ass entscheedend. Et mëcht d’Cevapcici saaftig an aromatisch.
  • Ajvar: Dës Paprikapast ass deen heemlichen Star vam Balkan, fruuchtig, an je no Virléift feierig scharef. Ajvar ass eng Mëschung aus Paprika, Auberginen an Gewürzer, déi su lang gekooscht jiët bis een feinen Pürée entstannen ass. No Regioun ënnerscheeden sech die verschidden Mëschungen. Ech sen net sëcher ob’s du den Ajvar am normalen Butik fënns. Alternativ kanns du deen o fort loossen.
  • Rugden Paprika: Frësch, knackig, jiän sie dem Risotto een authentischen Goût an eng sching rugd Faaref.
  • Risotto: Crémig, würzig an durich deen Ajvar mat engem liiten Reechergoût, séiss durich den Paprika, herzhaft durich den Parmesan an perfekt aafgestëmmt mat deen saaftigen Cevapcici.
  • Knuawelek an Ënnen: D’Basis fir d’Würzigkeet van engem Menü an een onverzichtbaren Bestandeel an der Balkankëchen.

Zoubereedung

Rands- oder Lammgehacktes, suarigt fir deen Typischen Goût an eng saaftig Konsistenz.

Fir d’Cevapcici jiët Gehacktes idealerweis 2 mol gewoleft su krëtt et mi eng fein Konsistenz.

Regional ënnerscheeden sech o d’Gewürzer, während die eng behaupten an d’Cevapcici gehiiert nëmmen Salz an Peffer, würzen anner Regiounen zousätzlich mat Ënnen, Knuawelek an Paprikapolwer. Watt äwer iwerall gläich ass, d’Gehacktes soll lang gekniäd jiän, op mannt 10 Min. datt suarigt dofir datt alles zesaammenhält ouni wegdert Hëlefsmëttel, wie z.B. bei eis an der Boulette, Ei an Brugd.

Aus dem Gehacktes jiän dann fangerförmig Röllercher geformt. Am besten d’Hänn naass maan, datt pëscht et net su an den Fanger fest.

D’Röllercher op mannst 30 Min. an den Frigo leen, am besten iwert Nait, su behaalen sie d’Form besser an d’Aromen verdeelen sech.

  • Fir de Risotto, schiälen ech 1 Ënn an hacken se fein.
  • De Knuawelek schiälen ech an hacken en fein.
  • Rugden Paprika wäschen ech, entkären en an schnégden en an kleng Würfelen.
  • Bréit vermëschen ech mat Pelati an Ajvar datt setzen ech op an loossen et opkooschen, noom kooschen haalen ech se waarem.

An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech bëssen Olivenualig an brooden do dran op mëttel Hëtzt d’Ënnen bis sen mëll sen, äwer ouni datt se Faaref kreien.

Dann mëschen ech den Paprika an den Knuawelek drënner an brooden datt alles mat aan.

Als nächst mëschen ech den Risotto drënner an vermëschen alles goud.

Du kanns den Risotto mat bëssen wäissen Wéng aafläschen, direkt mat der Bréit aafänken oder wie ech et gemaat han mam Saaft van 1 Zitroun aafläschen an deen ganz ankooschen loossen.

Dann schëdden ech eng Lousch van menger Ajvar-Bréit-Mëschung drop vermëschen alles goud an op niddriger Hëtzt loossen ech d’Bréit ankooschen. Dësen Prozess widderhualen ech bis den Risotto al dente ass. Zwëschendurich ëmmer mol schmaaschen an würzen.

Iwerdeems, den Risotto kooscht, erhëtzen ech an enger waarmer Pann bëssen Olivenualig an brooden do dran Cevapcic all rondrëm brong aan.

Zum Schluss mëschen ech dann na Parmesan an Botter ënnert den Risotto. Leen Chevapcici uawen drop an mat Deckel lossen ech alles fir ongeféier 5 Min. durich zéien, su datt sech sämtlich Aromen mateneen verbannen.

Zervéiren an Beilaagen

Traditionelle jiët den Cevapcici mat Fladenbrugd, Ënnen an Kajmak (enger Art Frëschkiiss) zervéiert. Du kanns sie äwer o mat Gromperen oder enger frëscher Zaloot kombinéiren.

Eng Aaladung fir ze Entdecken

Mengt Rezept kombinéiert die rustikal würzigkeet vam Cevapcici mat der feiner crèmigkeet van engem Risotto – een klengen Upgrade fir een klassichen Menü. Probéier et aus an deel den Kreatioun ënnert dem #beijosiane. Ech sen gespannt an freie mech drop!

Een Balkan Klassiker nei interpretéiert: Cevapcici mat Ajvar-Paprika-Risotto

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszékt

30

Minuten
Kooschzékt

25

Minuten

Zutaten

  • Fir Cevapcici
  • 500 g Randsgehacktes

  • 1,5 TL Salz

  • 1 TL Peffer

  • Fir den Risotto
  • 300 g Risottoreis (Arborio oder Carnaroli)

  • 2 rugd Paprika, entkärt an kleng gewürfelt

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • bëssen Olivenualig

  • Saaft van 1 Zitroun

  • 400 ml Bréit

  • 400 ml Pelati

  • 4 EL Ajvar

  • 50 g geriwene Parmesan

  • 1 EL Botter

  • Salz & Peffer

Zoubereedung

  • Fir d’Cevapcici jiët Gehacktes idealerweis 2 mol gewoleft su krëtt et mi eng fein Konsistenz. Datt vermëschen ech mat Salz an Peffer an kniädden et op mannst 10 Min. durich. Doraus formen ech fangerförmig Röllercher an setzen se op mannst 30 Min, an den Frigo, am besten iwert Nait.
  • Fir den Risotto
  • Bréit vermëschen ech mat Pelati an Ajvar datt setzen ech op an loossen et opkooschen, noom kooschen haalen ech se waarem.
  • An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech bëssen Olivenualig an brooden do dran op mëttel Hëtzt d’Ënnen bis sen mëll sen, äwer ouni datt se Faaref kreien.
  • Dann mëschen ech den Paprika an den Knuawelek drënner an brooden datt alles mat aan. Als nächst mëschen ech den Risotto drënner an vermëschen alles goud.
  • Datt läschen ech mam Zitrounensaaft aaf an loossen deen ganz ankooschen
  • Dann schëdden ech eng Lousch van menger Ajvar-Bréit-Mëschung drop vermëschen alles goud an op niddriger Hëtzt loossen ech d’Bréit ankooschen. Dësen Prozess widderhualen ech bis den Risotto al dente ass. Zwëschendurich ëmmer mol schmaaschen an würzen.
  • Iwerdeems, den Risotto kooscht, erhëtzen ech an enger waarmer Pann bëssen Olivenualig an brooden do dran Cevapcic all rondrëm brong aan.
  • Zum Schluss mëschen ech dann na Parmesan an Botter ënnert den Risotto. Leen Chevapcici uawen drop an mat Deckel lossen ech alles fir ongeféier 5 Min. durich zéien, su datt sech sämtlich Aromen mateneen verbannen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*