Chicken Wings à la Genovese mat gebaaschene Gromperen

Et jiän Ässen, déi net nëmmen den Moosch fëllen, mais o d’Séil wiärmen, an genausu eent well ech hokt mat dir deelen! Dës Chicken Wings, marinéiert an Pesto Genovese brengen deen mediterranen Flair direkt an deng Këchen. Kombinéiert mat gebaaschene Gromperen ass datt een perfekten Comfortfood. Een Menü deen einfasch zouzebreeden ass an ganz sëcher Androck hannerlisst.

D’Inspiratioun zu dësem Menü han ech krii, wie ech dës läst am Buttik aan frëschem Basilikum geroosch han. Well den Pesto Genovese eent Multitalent an der Këchen ass, firwatt net experimentéiren an die klassisch Aromen an eent modernt Ässen anfléissen loossen?

Denk lo net, datt dëst eent Ässen ass, dat komplizéiert ze kooschen ass. D’Zoubereedung ass denkbar einfasch an du jiës mat deem besten Goût belount. D’Geheimnis legt an der Marinade, de Pesto mëcht d’Wings wonnerbar saaftig an zaart an d’Gromperen sen die perfekt Beleedung. Ausserdeem kanns du alles op engem Blech maan, datt vill Spoul spart.

D’Hauptzutaten van mengen Chicken Wings à la Genovese

  • Pesto Genovese, die berühmt Zooss aus der italienischer Këchen, sie besteht aus Basilikum, geréistert Pinienkären, Knuawelek, Parmesan oder/an Pecorino, Olivenualig, Peffer an Salz. De Pesto hat sein Ursprong an der italienischer Regioun Ligurien, besonnig an Genua, wu den Pesto die ischte kéier am 19ten Joerhonnert dokumentéiert juff. D’Wuort „Pesto“ leet sech vam italienischen Wuort „pestare“ aaf, watt suvill wie „zerstuussen“ bedeit, eng Aanspillung op die traditionelle Zoubereedung am Mörser. De Basilikum, d’Herzstéck vam Pesto ass van den Réimer kultivéiert jiän an symboliséiert Léift an Fruuchtbarkeet. De Pesto jiët den Wings een frëschen, krégderatigen Aroma an suarigt fir saaftigt Fleesch.
  • Chicken Wings, een Deel vam Poulet, deen durich seng zaart Textur an der Miilischkeet, knusperig gebaasch kannen ze jiän, ideal fir Marinaden geegent ass. Chicken Wings han international Bekanntheet an den USA krii, besonnig an Buffalo, New York, wu an den 60er Joeren déi berühmt „Buffalo Wings“ erfond juffen. De Poulet als Proteinquell reecht äwer bëssen mi wegt zeréck, well am aalen Ägypten ass Gefligel geziischt jiän. Chicken Wings hualen d’Marinade wonnerbar op an bleiwen während dem baaschen van bannen zaart an saaftig.
  • Gromperen, eng Knoll déi gebaasch, gekooscht, püréiert oder frittéiert kann jiän. An dësem Rezept schnégden ech se an mi deck Fritten an baaschen se zesaammen mat den Wings am Schiäffchen. Gromper sen eng perfekt an eng wandelbar Beilaag, déi durich hir zaart Textur een wonnerbaren Kontrast zu den Wings béiden.
  • Olivenualig, een hiiwiärtigen nativen Olivenualig ass een zentralen Bestandeel an der mediterraner Këchen. En drigt d’Aromen am Pesto an déint o zur Ënnerstëtzung beim Baaschprozess.
  • Parmesan oder/an Pecorino (am Pesto), de Parmesan ass een geräiften Hartkiiss aus Kouhmëlich, de Pecorino dogeent jiët aus Schoofsmëlich produzéiert an hat mi een kräftigen Goût. De Kiiss am Pesto brengt een salzigen, umamiartigen Goût an harmonéiert perfekt mam Basilikum.

Zousätzlich brausch ech na:

  • Zitrounensaaft
  • Peffer & Salz
  • Pinienkären
  • Knuawelek

Zoubereedung

Als ischt bereeden ech den Pesto zou, dofir résiteren ech Pinenkären an enger drëchener Pann, bleif dobäi stoen, Pinenkären verbennen ganz siier. Déi setzen ech dann op Ségt, fir datt se komplett auskéilen.

An der Zwëschenzekt wäschen ech den Basilukum an tuppen en mat Këchenpapaier drëchen, deen leen ech an een Blender. Ech verschaffen Stiller ëmmer mat, déi han genausuvil Goût wie d’Bläder.

Als nächt schiälen ech den Knuawelek, reiwen den Kiiss, an leen alles zesaammen mat deen aafgekéilten Pinenkären, Peffer an Salz bei de Basilikum an den Blender. Een Deel vam Olivenualig schëdden ech an den Blender an püréiren alles zu enger grawer Past. No an no schëdden ech deen Rest Olivenualig dobäi an püréiren bis eng crèmig Past entstannen ass. Ech maan ëmmer mol rëm kuurz Pausen, durich püréiren entsteht Hëtzt an datt kann den Pesto batter maan.

Alternativ, kanns du natiirlich op een Pesto aus dem Buttik zereckgräifen, bedenk dann äwer, datt do net vill Basilikum, net vill bis gar keng Pinenkären an gouden Olivenualig dran sen.

Fir d’Marinade mëschen ech 4 deck Ässläffelen Pesto mat Zitrounensaaft, zousätzlich 2 EL bis 3 EL Olivenualig, Peffer an Salz. Dës Marinade schëdden ech iwert Wings an masséiren sen goud an d’Fleesch an. D’Fleesch setzen ech su op mannst 2 Stonnen zougedeckt an den Frigo, am besten ass et natiirlich ëmmer iwert Näit.

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Ëmloft vir.

D’Gromperen wäschen ech grëndlich an schnégden se dan mi deck Frittenform. An enger Schossel mëschen ech d’Gromperen mat 1 EL bis 2 EL Olivenualig, Peffer an Salz.

D’Wings hualen ech eng goud halef Stonn firaam baaschen aus dem Frigo, fir datt se Raumtemeratur aanhualen kanne.

Op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech verdeelen ech d’Gromperen su datt se ne zevill openeen leien, dozwëschen leen ech Cicken Wings. Datt setzen ech dann fir ongeféier 45 Min. bis 60 Min. an deen waarmen Schiäffchen. Zwëschendurich hualen ech Blech raus an pinselen Wings mat der rest Marinade an, an driien se.

Viraam zervéiren verdeelen ech na bëssen frëschen Pesto iwert den Wings.

Watt ass an dësem Ässen su besonnig?

Du kanns et ganz dengem Goût aanpassen. Lost op bëssen mi schiäreft? Mësch Chiliflocken oder frësch Chilischot mat ënnert den Pesto. Keen Fan van gebaaschene Gromperen? Hual Séissgromperen, datt fonktionéiert graad su goud. Lost op Geméiss? Vermësch d’Gromperen mat dengem Lieblingsgeméiss an baasch et mat. Dëst Ässen steht fir een onkomplzéierten Genoss, goud Zutaten an de Mëttelpunkt ze stellen.

Tipps

  1. Marinéiertzékt van den Wings, watt Wings mi lang marinéiert jiän watt den Goût mi intensiv jiët
  2. Fir extra knusperigkeet kanns du 10 Min. viraan Schluss van der Baaschzékt, den Schiäffchen op Grillfunktioun ëmstellen.
  3. Eng einfasch gréin Zaloot oder een Joghurt-Dip passen wonnerbar dobäi.

Ech hoffen dëst Rezept inspiréiert dech, d’Aromen vam Mëttelmiär an deng Këchen ze hualen. Solls du dëst Rezept nookooschen, loss mech woossen wie et dir geschmaascht hat! An deel dein Menü ënner dem #beijosiane – ech sen ëmmer fruh die selwischt oder nei Kreatiounen ze sehen.

Chicken Wings à la Genovese mat gebaaschene Gromperen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszékt

30

Minuten
Kooschzékt

1

Stunde 
Marinéierzékt

2

Stonnen

Zutaten

  • 1 kg Chicken Wings

  • 800 g Gromperen, gewäsch, an deck Fritten geschnidden

  • Salz & Peffer

  • 2EL bis 3 EL Olivenualig

  • Saaft van 1 Zitroun

  • Fir den Pesto
  • 3 EL Pinienkären, geréistert

  • 200 g Basilikum, gewäsch

  • 2 Ziiwen Knuawelek, geschiält

  • 125 ml Olivenualig

  • 2 EL Parmesan oder/an Pecorino, frësch geriwen

  • Salz & Peffer

Zoubereedung

  • Fir den Pesto
  • De Basilikum, Knuawelek, die geréistert an aafgekéilten Pinenkären, deen geriwene Kiiss, Salz an Peffer leen ech an een Blender, schëdden bëssen vam Olivenualig drop an püréiren alles zu enger grawer Past. No an no schëdden ech deen Rest Olivenualig drënner an püréiren bis eng crèmig Past entstannen ass.
  • An enger Schossel mëschen ech 4 deck Ässläffelen Pesto mam Zitrounensaaft, zousätzlich 2 EL bis 3 EL Olivenualig, Peffer an Salz. Dës Marinade schëdden ech iwert Wings an masséiren sen goud an d’Fleesch an. D’Fleesch setzen ech su op mannst 2 Stonnen zougedeckt an den Frigo, am besten ass et natiirlich ëmmer iwert Näit.
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Ëmloft vir.
  • An enger Schossel mëschen ech d’Gromperen mat 1 EL bis 2 EL Olivenualig, Peffer an Salz.
  • Op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech verdeelen ech d’Gromperen su datt se ne zevill openeen leien, dozwëschen leen ech Cicken Wings. Datt setzen ech dann fir ongeféier 45 Min. bis 60 Min. an deen waarmen Schiäffchen. Zwëschendurich hualen ech Blech raus an pinselen Wings mat der Rest Marinade an, an driien se.
  • Viraam zervéiren verdeelen ech na bëssen frëschen Pesto iwert den Wings.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*