Hokt beschreiwen ech dir eent Ässen datt su einfasch wie spektakuliär ass. Et vereent crèmig wäiss Bungen, zart Fleesch an enger würziger Tomatenzooss, déi van waarmen Gewürzer wie Cumin an Paprika gedroen jiët.
Watt ass Loubia?
Loubia ass bëssen mi wie nëmmen een Eintopf! Et erzällt Geschichten van Bomi’en, déi dëst Ässen stonnenlang op klenger Flamm kooschen loossen, van Gemeinschaften déi sech ëm eent goud rauschend Dëppen sammelen, an fruh sen, eent éierlicht, einfascht Ässen ze genéissen. Ursprünglich aus Marokko an Algerien stammend ass d’Loubia eent Grondnahrungsmëttel, datt iwerall am Maghreb beléift ass.
D’Maghreb-Këchen ass starik geprägt van regionalen Zutaten an Gewürzer, déi d’Handelsrouten aus der Antik spéijelen. D’Bungen déi aan der nordafrikanischer Sonn gedrëchent jiän, träffen op Cumin an Paprika. D’Randfleesch jiët an der würziger Zooss gemellige gegaart an mat den Bungen entsteht su eent Ässen datt satt mëcht.
Werfen mir een Bléck op Zutaten an wie se verschafft jiän!
Die wäiss Bungen sen d’Herzstéck van dësem Ässen. Sie se kleng, zaart an han eng wonnerbar crèmig Konsistenz, déi perfekt an d’Zooss passen. Dobaï han gedrëchent Bungen mi een intensiven Goût wie d’Bungen aus der Béchs, ausserdeem hualen sie den Goût besser op. Du kanns äwer Bungen aus der Béchs hualen, datt spaart Aarbicht. Die gedrëchent Bungen mussen nämlich op mannst 12 Stonnen är se gekooscht jiän, gewässert jiän, dobäi kanns du well bëssen Salz an d’Waasser maan, datt spars du dir hanneno beim würzen. Noom wässeren jiän d’Bungen am Salzwaasser mëll gekooscht. Niäwent deem wonnerbaren Goût sen die wäiss Bungen eng fantastisch Quell fir Ballaststoffer an planzlischt Eiwäiss, eng nahrhaft Basis, déi satt mëcht.
Den Olivenualig ass net nëmmen eent Fett, et drigt de Goût van dësem Ässen. Een gouden Olivenualig hiäft d’Aromen van den Gewürzer an jiët dem Ässen eng liit crémig Textur.
D’Randfleesch, fir dësen Goulasch, wie fir all Goulasch hualen ech am léifsten eent Steck aus der Schëller datt goud durichwaass ass, an während dem schmooren zart an saaftig jiët. D’Fleesch brengt een wonnerbaren Aroma, deen d’Bungen perfekt ergänzt. Wanns du jiären eent mi moojiert Steck hëlls kanns du o Filet hualen, äwer een gouden Goulasch liäft van engem robusten Schnatt, deen während dem Schmooren säin Zauber entfaalt. D’Fleesch jët kräftig aangebrooden, dann op Ségt gestallt bis et gebrauscht jiët.
Ënnen, fein gehackt bilden sie d’Basis van all goudem Eintopf, gemellig gegart entwéckelen sie een natiirlich séissen Aroma, déi d’Säier van der Tomat ausgläicht. O wanns du se net wirklich schmëchs, jiff et direkt opfällen wann se net dran ass.
De Knuawelek ass den Booster vam Goût an dësem Menü. fein gehackt brengt en die richtig Würzigkeet mat där Tomatenzooss hiren vollen Aroma entwéckelt. En suarigt dofir datt all Maufel eent Erliäfnis ass.
D’Muurten gläichen mat hirem natiilrich séissen Goût d’Säier van den Tomaten aus. Eng besser an mi gesond alternativ, wie Zocker an enger Tomatenzooss ze verschaffen.
Cuminsoom (Kreuzkümmelsoom) as d’Séil van der nordafrikanischer Këchen. Sein erdigen Goût jiët der Loubia hiren onverwiässelbaren Charakter. Frësch gemahlen oder am Mörser zerstuuss, dann mat aangebrooden, verdeelt de Cumin säin wonnerbaren Aroma.
D’Paprikpolwer suarigt fir waarem, liit séiss Nuancen an eng sching rugd Faaref. Je no virléift kanns du séissen oder scharefen Paprika hualen. Ech selwer hualen léiwer die mi séiss Variant, sie ënnersträicht die natiirlich erdigkeet van den Bungen.
De Kurkuma jiët der Zooss een goldigen Glanz an een dezent batteren Goût, deen sämtlich Aromen aafronnt. De Kurkuma drigt net nëmmen de Goût, en ass o bekannt dofir datt en Entzündungshemmend ass.
Tomatenpürée an frësch Tomaten oder een gouden Pelati aus der Béchs bilden d’Basis van der Zooss. Hir fruuchtig Säier brengt Frëscheet an d’Ässen, während den Tomatenpürée eng intensiv Faaref matbrengt an den Goût verstiärikt. D’Zesaammenspill van Tomaten an Tomatenpürée suarigt fir eng aromatisch Zooss.
D’Lobreerbläder jiän der Loubia een liit batteren aromatischen Profil, deen sech dezent am Hannergrond entfaalt. Dës Bläder maan Zooss na mi komplex, äwer ouni opdränglich ze sen. Een Geheimtipp fir eng perfekt Balance.
Optional, kanns du Harissa oder eng anner Chilipast drënner mëschen. Sie ass su ze soen „das gewisse Extra“
Tipps aus menger Këchen
- Wie well gesoot kanns du Bungen aus der Béchs hualen, wäsch se just grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser aaf, fir d’Konservéirungsflëssigkeet looss ze jiän. An loss den Goulasch eng kéier kräftig opkooschen noodeems du d’Bungen drënner gemëscht has. Ech han well mi wie eng kéier déi Erfahrung gemaat datt een Menü mat Bungen déi net gekooscht han den Daag drop sauer jiän ass.
- Expermentéier mat den Gewürzer, zousätzlich bëssen Canelle kann dësem Ässen dein perséinlichen Stempel opdrécken.
- Den Daag drop, wann sech d’Aromen voll entfaalt han, schmëscht dësen Goulasch na besser.
Wanns du dëst Ässen ausprobéieres, loss mech et wossen, ech jiff mech freien iwert deng Erfahrung ze hiiren! Schrief mir een Kommentar oder deel deng Kreatioun ënner dem #beijosiane.
Nordafrikanisch Loubia
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
Minuten40
MinutenZutaten
- D’Basis
200 g wäiss Bungen, gedrëchent oder aus der Béchs
500 g Randsgoulasch
- Gewürer an d’Aromen
Olivenualig, fir ze brooden
1 Ënn, fein gehackt
3 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
2 Muurten, kleng gewürfelt
1 EL Tomatenpürée
0,5 TL Cuminsoom, frësch gemahlen
1 TL Paprikpolwer
1 TL Kurkuma
2 Lorbeerbläder
Optional: 1 Tl Harissa oder eng anner Chilipast
Salz an Peffer, no Goût
4 frësch Tomaten oder 400 g Pelati
500 ml Bréit oder Waasser
Zoubereedung
- Gedrëchent Bungen ongeféier 12 Stonnen an liit gesalzenem Waasser wässeren, dann mëll kooschen. D’Bungen aus der Béchs grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser afwäschen.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualig an brooden do drann d’Fleesch all rondrëm brong aan, datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.
- An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien.
- Dann mëschen ech den Knuawelek an d’Muurten drënner an brooden alles aan.
- Als nächst mëschen ech de Cumin, d’Paprikapolwer an de Kurkuma drënner, subal Gewürzer aafänken mat rauschen jiet den Tomatenpürée drënner gemëscht an kuurz mat aangeréister.
- Lo kommen Tomaten dobäi, alles goud vermëschen.
- D’Fleesch an d’Lorbeerbläder an Zooss leen an alles mat Bréit oder Waasser opfëllen su datt et just bedeckt ass.
- Dann mëschen ech d’Bungen drënner, loossen den Goulasch eng kéier opkooschen an mat Deckel op niddriger Hëtzt ongeféier 1,5 Stonnen schmooren loossen.
- D’Loubia jiët mat Brugd zervéiert, garnéiren kann een se na mat frësch gehacktem Koriander.