Simpel an einfasch! Pasta an enger crémiger Kooschelzooss. Eent Ässen datt d’Erdigkeet van der Kooschel mat deem feinen Séissen van der Porette kombinéiert. Dës Kombinatioun ass net nëmmen vam Goût hiär een Genoss, mais o eng Miilischkeet, regional an saisonal Zutaten ze notzen. Besonnig an der italienischer an fransiischer Këchen sen Kooschelen eng beléift Zutat fir Zoossen, sie liweren een herzhaften, räichen Umami-Goût!
Historisch gesehen han d’Kooschelen well ségt Joerhonnerten een festen Platz an der europäischer Këchen. An Italien jiän sie an crèmigen Zoossen mat Pasta kombinéiert, während se an Frankräich an engem delikaten Ragout oder enger herzhafter Zooss fir Fleesch genotzt jiän. Poretten ass eng van deen älsten kultivéierten Geméisszorten an wor well am aalen Ägypten beléift an am aalen Roum woren se besonnig goud fir d’Gesondheet.
Den Zauber van den Zutaten
- Kooschelen, Umami pur, ech hualen hei wäiss Champignons, du kanns äwer déi Kooschelen hualen déi dir am besten schmaaschen, die Brong oder Kräuterseitlingen han mi een intensiven Goût. Äwer o Steinpilze oder Pfifferlinge maan sech goud an dëser Zooss.
- Poretten, datt ënnerschätzt Këchenwonner. Poretten gehiiren zur der Familjien van den Ënnen, sie sën äwer mi mëll an brengen een liiten séissen Goût. Sie harmonéiren perfekt mat der erdigkeet van den Kooschelen an suarigen fir eng crèmig Textur an der Zooss.
- Schmand an Parmesan, fir die perfekt Crèmigkeet. De Schmand ëmhëllt Pasta mat engem segdigen Glanz, während de Parmesan fir herzhaft, liit salzig Umami-Nuancen suarigt.
- fir datt Ganzt ze kooschen brausch ech dann na zousätzlich, Bréit, Botter an Miähl fir een Roux, bëssen Knuawelek, wäissen Wéng Salz & Peffer, meng nei Gewürzmëschung aus Steinpilzpolwer an natiirlich Pasta.
Zoubereedung
An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech op mëttel Hëtzt de Botter bis en aafänkt mat spruddelen, dann mëschen ech d’Miähl drënner, réisteren datt kuurz mat aan, äwer ouni datt et Faaref krëtt an bereeden su een Roux zou. Do drop schëdden ech die kaal Bréit an ënner stännigem réiren loossen ech Zooss opkooschen. Well ech ëmmer Roux an der Truh parat han erhëtzen ech firtischt Bréit an réiren dann mein Roux ënnert Zooss. Subal Zooss kooscht driien ech d’Hëtzt raaf an loossen se op niddriger Hëtzt eng goud halef Stonn auskooschen. Datt maan ech fir deen miähligen Goût fort ze kreien, an Zooss jiët durich d’Auskooschen su richtig sämig, crèmig. Während dem Auskooschen würzen ech meng Zooss mat Salz, Peffer an menger Steinpilz-Gewürzmëschung op den Punkt. Zum Schluss schëdden ech dann na de Schmand an meng Zooss.
- D’Poretten halbéiren ech längs wäschen se grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser, an schnégden se an dënn Halefronselen.
- De Knuawelek schiälen ech an hacken en fein.
- Kooschelen schnégden ech an dënn Scheiwen.
An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel bis hii Hëtzt bëssen Botterschmalz, an brooden do dran d’Kooschelen brong aan. Dann mëschen ech d’Poretten an den Knuawelek drënner an brooden alles aan. Datt läschen ech dann mam wäissen Wéng aaf an loossen deen ganz ankooschen. Op dës Mëschung schëdden ech dann meng fiärdig Zooss an vermëschen alles goud mateneen. Op niddriger Hëtzt haalen ech meng Zooss waarem bis Pasta fiärdig ass. Well:
Zooss waart ëmmer op d’Pasta an net ëmgedrigt!
Zur gläicher Zékt setzen ech eent gruust Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op. Subal d’Waasser kooscht, kooschen ech d’Pasta no Packaaweisung al dent.
An villen Rezepter liäsen ech ëmmer van enger Faustregel beim Salzen vam Waasser: 1L Waasser an 10g Salz op 100g Pasta, datt ass an mengen Auen Blödsinn. D’Waasser kann oder soll su salzig sen wie d’Miärwaasser, rischt su krëtt deng Pasta deen rischtigen Goût an zéiht dir net deen ganzen Goût aus denger Zooss. Schmaasch d’Nuddelwaasser wanns du dir onsëcher bas, ech maan datt o! Solls du dir Gedanken maan, datt deng Nuddelen evtl. versalzen se, nee sen se net, datt meest Salz land hanneno suwiesu am Aaffloss.
D’Pasta schëdden ech wann se al dente ass, aaf an mëschen se ënnert Zooss. Dann streien ech deen geriwene Parmesan driwer an schwenken oder réiren mengt Dëppen bis alles goud vermëscht ass an den Parmesan komplett geschmolz ass.
D’Pasta verdeelen ech dann op Telleren, reiwen na bëssen Parmesan driwer an streien bëssen gehackten Péitersiich driwer.
Gouden Appetit!
Watt passt bei dës Pasta?
- eent goud Glas wäissen Wéng
- eng gréin Zaloot als liit Beilaag
- Knusperig Ciabatta oder Baguette fir die goud Zooss opzehualen.
Varianten an Aanpassungen
- Vegan: Am Platz vam Schmand Hafer- oder Sojacrème hualen an den Parmesan durich eng vegan Alternativ ersetzen.
- Mat Fleesch: Gebrooden Pouletsträifen oder knusperigen Speck brengen herzhaft Nuancen.
- Extra würzig: bëssen Chiliflocken suarigen fir eng angenehm Schiäreft.
Kann ech Zooss virbereeden?
Jo! Dës Zooss hällt sech am Frigo ongeféier 2 Deeg an lisst sech goud opwiärmen.
Watt fir eng Nuddelzorten kann ech hualen?
Ech han dësen Menü mat Linguine gekooscht, et passt äwer all Pastazort, hual einfasch deng Lieblingspast.
Schmëscht dës Zooss o ouni Wéng?
Du kanns den Wéng fort loossen an am Platz bëssen Zitrounensaaft hualen.
Fazit
Dës Pasta ass voller Aromen. D’Kombinatioun aus Kooschelen, Poretten an der crémiger Zooss, gewürzt mat menger Steinpilz-Gewürzmëschung ass een Gewënner, fir all Geleenheet! Probéier et aus an verroot mir an de Komentaren wie dir dës Pasta geschmaascht hat. Deel deng Kreatioun ënnert dem #beijosiane.
Crémig Kooschel-Pasta
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
Minuten30
MinutenZutaten
400 g Pasta (z.B. Tagliatelle, Spaghetti, Penne oder Linguine..)
500 g Kooschelen, an dënn Scheiwen geschnidden
2 dënn Stangen Poretten, an dënn Ronselen geschnidden
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
1L Bréit, Geméiss- oder Fleeschbréit
50 g Botter
50 g Miähl
Botterschmalz fir ze brooden
100 ml wäissen Wéng
2 TL Steinpilz-Gewürzmëschung oder alternativ: Peffer, Salz, Muskot an bëssen Thymian
100 ml Schmand
60 g Parmesan, frësch geriwen
gehackten Péitersilich fir Garnitur
Zoubereedung
- An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech op mëttel Hëtzt de Botter bis en aafänkt mat spruddelen, dann mëschen ech d’Miähl drënner, réisteren datt kuurz mat aan, äwer ouni datt et Faaref krëtt an bereeden su een Roux zou. Do drop schëdden ech die kaal Bréit an ënner stännigem réiren loossen ech Zooss opkooschen. Op niddriger Hëtzt loossen ech Zooss ongeféier 30 Min. auskooschen, an würzen se op den Punkt.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel bis hii Hëtzt bëssen Botterschmalz, an brooden do dran d’Kooschelen brong aan. Dann mëschen ech d’Poretten an den Knuawelek drënner an brooden alles aan. Würzen meng Mëschung
- Subal datt alles goud rëscht an paar Min. gebrooden hat, läschen ech et mam wäissen Wéng aaf an loossen deen ganz ankooschen.
- Op dës Mëschung schëdden ech dann meng fiärdig Zooss an vermëschen alles goud mateneen. Op niddriger Hëtzt haalen ech meng Zooss waarem bis Pasta fiärdig ass. Well: Zooss waart ëmmer op Pasta an net ëmgedrigt!
- Zur gläicher Zékt setzen ech eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op, subal datt kooscht, kooschen ech Pasta no Packaaweisung al dente.
- D’Pasta schëdden ech wann se al dente ass, aaf an mëschen se ënnert Zooss. Dann streien ech deen geriwene Parmesan driwer an schwenken oder réiren mengt Dëppen bis alles goud vermëscht ass an den Parmesan komplett geschmolz ass.
- D’Pasta verdeelen ech dann op Telleren, reiwen na bëssen Parmesan driwer an streien bëssen gehackten Péitersiich driwer.
- Gouden Appetit!