Loaded oder gefëllten Gromperen

Van den Anden bis an eisen Schiäffchen: eng kleng Liebeserklärung aan d’Gromper!

Wann ech aan Ässen denken, datt zur gläicher Zékt herzhaft, villségtig, buademstännig an kreativ ass, dann kommen mir direkt gefëllten oder belaaden Gromperen an de Sënn. Eent Ässen, datt wie eent goud Gespréich aam Dësch ass, éierlich, onkomplizéiertm, an mat dem gewëssen Extra. Eent Ässen datt am Gedächtnis bleift. An wann een, su wie ech viraan paar Deeg, na Rester vam Poulet Cacciatore iwerig hat, jiët aus der simpler Knoll ganz siier een kulinarischen Highlight.

Äwer befir ech an d’Gegenwart kommen an ech dir beschreiwen wie ech meng Gromperen belaaden, maan ech een klengen Ëmweesch an d’Vergangenheet.

Wie d’Gromper Europa erobert, een historischen Maufel.

Ursprünglich kënnt d’Gromper aus Südamerika, genau gesoot aus den Anden. Well viraan 7000 Joer ass do d’Gromper van den indigenen Völker kultivéiert jiän, net als Beilaag mais als zentralt Nahrungsmëttel. Mat den spanischen Eroberer ass sie am 16ten Joerhonnert an Europa aankommen. Firtischt mat vill Skepsis an mat dem Gedanken: Watt den Bauer net kennt…

D’Knoll hat sech äwer durichgesatt, viraan allem an der Nugd. An Däitschland wor et Friederich der Grosse, den den Aanbau gefördert hat. Angeblich mat engem Trick andeems heen, fir der Gromper viärtigkeet ze jiän, Garde rondrëm d’Felder gestallt hat. Su jiät lisst de Furwatz natiirlich waassen, an wor gar keng su eng domm Iddi.

Van der Aarem-Lékts-Knoll zum Star op eisem Teller.

Hokt ass d’Gromper längst mi, wie nëmmen eng Beilaag die satt mëcht. Sie ass eng Bühn, fir Goût, fir Konsistenz an Kreativitéit. Besonnig an Form van belaaden oder gefëllten Gromperen, eng Variant déi wahrscheinlich hiren Weesch aus den USA iwert Foodtrucks an Blogs an eis heemisch Këchen fond hat, meest opulent beleit mat Kiss, Speck, Sauerrahm an allem watt een su am Frigo fënnt.

Watt ech do draan su goud fannen, et kann een wonnerbar Rester veschaffen, saisonal Zutaten notzen, experimentéiren an su Aaffall vermeiden. An genau su han ech et gemaat mat mengem Rest Poulet Cacciatore.

Zoubereedung

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

Dann wäschen ech d’Gromperen grëndlich, reiwen se mat Olivenualig an an schnégden se längs bis ongeféier an d’Halschent an. Du kanns se o einfasch mat enger Forschette paar mol anpicken, fir ze fëllen ass d’Anschnégden äwer mi einfasch.

Déi setzen ech dann fir, je no Déckt, 2 Stonnen an deen waarmen Schiäffchen.

Iwerdeems kanns du deng Fëllung virbereeden, well ech Rester verschaffen han ech den Poulet nëmmen kleng geschnidden, mat der Zooss vermëscht an datt Ganzt erhëtzt.

Wann d’Gromperen durich mëll sen, kontrolléier datt am besten mat enger Forschette oder engem Knäipchen, hualen ech se raus. De Schiäffchen äwer net ausschalten. Déi hualen ech mat der Händsch an d’Hand drécken se liit ausserneen an kratzen datt Bannëcht mat der Forschette looss. Datt vermëschen ech an der Gromper mat bëssen Botter an Salz an setzen se su an eng feierfest Form.

Do leen ech dann meng Fëllung drop an verdeelen an Scheiwen geschniddenen Mozzarella driwer. Hual deen Kiiss deen dir am besten schmëscht, een würzigen Gruyère passt hei o ganz goud.

De Schiäffchen stellen ech ëm op Ëmloft an setzen datt Ganzt na eng kéier fir ongeféier 20 Min. an den Schiäffchen, bis den Kiiss goldbrong gebaasch ass.

Dobäi passt een frëschen Zaloot, Pickles oder einfasch eent Steck Baguette.

Firwatt Regional an Noohaltig einfasch besser schmëscht?

Ech passen generell dorop op, regional Zutaten ze koofen, et ass äwer net ëmmer miilisch. D’Gromperen koofen ech meestens om Frëschemaart, den Mozzarella äwer net, deen kënnt vam Italiener. Tomaten jiän am Summer zu Pelati angekooscht, su datt, ech datt ganzt Joer dovaan profitéiren kann. Et schmëscht een den Ënnerscheed an et féilt een sech verbonnen, mat der Joereszékt, der Regioun an den Mënschen déi hannert dësen Produkter stin.

Noohaltigkeet ass dobäi keen Dogma, mais eng Haltung. Et fänkt alles beim Ankoof aan. Watt hat graad Saison, watt wiist an der Regioun an et jieet vriaan mat der Lagerung an dem Haltbar maan. Dobäi notzen ech meestens d’Metoud vam Ankooschen an vam Drëchnen. Eng Tomatenzooss am Glas aus dem August ass am Januar puurt Soulfood.

De Bléck an d’Zukunft.

D’Gromper kann ëmmer rëm nei entdeckt jiän. An enger Welt déi sech geféilt ëmmer mi siier drigt, séichen vill Lekt no jiät Echtem an fannen datt ganz dachs an der Këchen. Den Trend jieet zereck op den Ursprong, zur éierlicher Zoubereedung, zu Rezepter déi generatiounsiwergräifend fonktionéiren. D’Gromper ass do een Anker, wandelbar, nahrhaft an traditiounsräich.

An mat modernem Anfloss wie international inspiréiert Fëllungen, denken do aan Currys, Ratatouille oder sugar Kimchi, jiët datt Ganzt nie langweilig.

Tipps aus menger Këchen

Ween jiären experimentéiert kann:

  • Speckwürfel knusperig brooden an déi drënner mëschen
  • Fir all déi et jiären scharef han, Ciliualig oder Harissa als Topping notzen
  • Als Virbereedung, gebaaschen Gromperen haalen sech am Frigo 2-3 Deeg.
  • Fill van den Fëllungen loossen sech wonnerbar anfréiren oder am Glas ankooschen.

Firwatt han ech gefëllten Gromperen jiären?

Et legt villäicht do dran datt Gromper jiät ass, wie eng wäiss Leinwand? Oder datt sie einfasch eent goud Geféihl am Bausch hannerlisst? Gefëllten Gromper erzällen net nëmmen van hokt, sie droen Geschicht an sech van Feldaarbischt, vam Familjendësch, van Improvisatioun an Kreativitéit, van Vergangenheet an Zukunft.

Hual dir deng Rester, deng Lieblingsknoll an bëssen Courage fir Improvisatioun. Die best Këchen entsteht net aus Rezeptbéicher, mää aus dem Moment.

Loaded oder gefëllten Gromperen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

30

Minuten
Kooschen

2

Stunden 

20

Minuten

Zutaten

  • 4 deck Gromperen oder 8 mëttelgruusser, am besten miähligkooschender

  • Fëllung, bei mir Poulet Cacciatore, Bolognese, Curry, Speck, Gehacktes…

  • 1 Boule Büffelmozzazrella, an Scheiwen geschnidden, oder een anneren geriwene Kiiss

  • Bëssen Botter

  • Salz

  • Optional: Päffer an frësch Krégder wie Rosmarin, Thymian, Péitersilich

Zoubereedung

  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt fir.
  • D’Gromperen wäschen ech grëndlich, reiwen se mat Olivenualig an an schnégden se längs ongeféier bis an d’Halschent durich. Déi leen ech op een mat Baaschpapaier ausgeleitent Blech an setzen se, je no Déckt, fir ongeféier 2 Stonnen an deen waarmen Schiäffchen.
  • Iwerdeems bereeden ech d’Fëllung fir. Bei mir wor datt Poulet Cacciatore, do han ech den Poulet kleng geschnidden, dann rëm ënnert Zooss gemëscht an erhëtzt.
  • Subal d’Gromperen mëll sen, datt kontrolléieren ech mat enger Forschette oder Knäipchen, hualen ech se aus dem Schiäffchen. Mat der Händsch hualen ech d’Gromper an d’Hand an kratzen mat enger Forschette datt Bannëscht looss, datt vermëschen ech mat Salz an bëssen Botter.
  • De Schiäffchen stellen ech op Ëmloft ëm.
  • D’Gromperen setzen ech an eng feierfest Form an fëllen se mat der Fëllung, do drop leen ech den Mozzarella an setzen datt Ganz fir ongeféier 20 Min. an deen waarmen Schiäffchen bis den Kiiss goldbrong gebaasch ass.
  • Dobäi passt een frëschen Zaloot, Pickles oder einfasch eent Steck Baguette.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*