Et mëcht ëmmer rem Spass einfasch ze kooschen. Net no enger Auer, net no Gramm, mee just no Geroosch, Klang an Geféihl. Su kann aus enger Geméissmëschung mat Bouletten ganz siier een Sonndesmenü jiän. Et as näist spektakuläres, mee dofir richtig goud.

Fänke mir mat den Tomaten aan
Hëlls du frësch Tomaten, watt ech bal ëmmer maan, fängt well alles beim Ankoof aan. Am Summer zegdig Tomaten, déi aam Stillaansatz goud rauschen. Keng wässerig, mee su eng, déi beim Opschnegden bal Kärig wiriken. De Wanter gräifen ech ischter zu Kiischtentomaten, déi kommen zwar o aus der Zär han äwer mi Goût wie die deck.
Fir eng goud Zooss:
- Tomaten mat engem Knäipchen liit anritzen, dann kuurz an kooschend Waasser leen, kaal aafschrecken an schiälen. D’Schiälen ass keen muss, wann d’Hogt dech net stiiert.
- Ech halbéiren se en entkären se graff, datt maan ech äwer nëmmen wann se wirklich wässerig sen.
- D’Fruuchtfleesch schnegden ech dann an graff Würfelen.
De Schiäffchien wiärmen ech mir op 200 °C Ëmloft fir.
Tomaten leen ech an eng feierfest Form, dann jiän se liit gesalz an gepäffert an ech verdeelen bëssen Olivenualig driwer. Su setzen ech se dann fir eng deck halef Stonn (35 bis 45 Min.) an deen waarmen Schiäffchien. Su entsteht durich winig Zutaten ganz vill Aroma.
Sen sie fiärdig, schëdden ech se an Casserolle an loossen se su op niddriger Hëtzt kooschen, ech schmaaschen, würzen evtl. na no an verfeineren meng Zooss mat menger italienischer Kregdermëschung.

D’Bouletten, bëssen mi wie nëmmen eng Beilaag
Hei entscheed sech vill.
Hual Fleesch mat bëssen Fett wie z.B. Schëller oder eng Mëschung aus Rand an Schweng, äwer am besten ongewürzt. Ze mooert Gehacktes bleift drëchen. Wanns du et selwer wolefen kanns ass datt sugar na besser. Net ze fein et soll Struktur behaalen.
Eent an bëssen Mëlich angeweechtent an ausgedreckent Steck Brugd oder Brigdchen vam Daag virdraan am Platz Panéiermiähl mëcht d’Bouletten na mi saaftig. Datt ass die klassisch fransiisch Farce-Technik.
Wichtig: D’Masse mëschen, net kniädden. Zevill Aarbicht mëcht datt Ganzt zevill Kompakt.
Dann d’Bouletten formen, ech hualen dofir meestens een Glaceläffel dann hat een ongeféier ëmmer die selwischt Portioun. Su setzen ech d’Bouletten meestens na fir goud 30 Min. an de Frigo, dann han d’Aromen Zekt fir sech ze verbannen.

Als nächst jiän se dann an enger waarmer Pann kräftig all rondrëm aangebrooden. Net dran réihren oder reckelen, einfasch brooden loossen. Rischt wann sie sech vam selwen liiesen, dann driien. Dës Röstaromen droen hanneno die ganz Zooss.

Zum Geméiss, Respekt viraan der Garzekt.
Gromperen brooden bis se goldbrong sen, sie brauschen na net durich gar ze sen. Genausu maan ech mat den Muurten. Fir sëcher ze goen datt se hanneno am Schiäffchien ganz durich garen kanns du se fir ongeféier 10 Min. am kooschen Salzwaasser kooschen. Noodeems du se aafgeschott has, looss se kuurz ausdämpen, fir datt se hanneno net wässerig jiän.
D’Ënnen, de Knuawelek an den Paprika brooden ech nëmmen kuurz am Olivenualig. Just su lang bis sie hiren riien Biss verléiren an goud rauschen. Datt intensivéiert den Aroma van dengem ganzen Ässen.
D’Geméiss leen ech dann an eng feierfest Form. Verjiäss d’Iärbëssen net mat drënner ze mëschen. Do driwer schëdden ech dann Tomatenzooss an vermëschen na eng kéier alles mateneen.

De Schiäffchien als ruhigen Koosch
Su Ässen loossen ech jiären bei 170 °C – 175 °C Iäwischt- an Ënnischhëtzt schmooren. Zevill Ëmloft mëcht datt Ganzt drëchen.

Firtischt verdeelen ech äwer na Bouletten om Geméiss an dann setzen ech datt Ganzt an deen virgewiäremten Schiäffchien. Dann loossen ech deem Ganzen Zekt. Et soll gemellig blubberen. Wann d’Bouletten dann liit karameliséiren an wann Zooss aan den Ränner pecht an sech konzentéiert, dann entsteht genau deen Doft deen no Doheem rëcht.
Wëlls du dein Menü mat Kiiss iwerbaaschen, dann hual een Kiiss mat Charakter. Villäicht een aalen Comté, ganz fransiisch gedeit. Oder een würzigen Pecorino fir mediterran Aromen.

Een Gedanken zur Balance
Dëst Ässen liäft van 3 Saaschen:
- D’Röstaromen vam Fleesch
- Datt Séisst an Sauert van den Tomaten
- D’Erdikeet van den Gromperen an den Muurten
Wanns du beim Aafschmaaschen d’Geféihl has et fehlt na jiät, denk net direkt aan Salz. Heinsdo ass et een Hauch Säier. Eng Sprutz Zitrounensaaft kann zum Schluss Wonner bewiriken. Oder paar Drëpsen Olivenualig iwert deen fiärdigen Menü.
Geméiss mat Bouletten
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen1
Stunde45
MinutenEent herzhaft Ässen aus dem Schiäffchien, mat klengen Bouletten, Geméiss an enger würziger Tomatenzooss déi alles mateneen verbënnt.
Zutaten
- Fir d’Bouletten
500 g Gehacktes
1 Ënn
2 Ziiwen Knuawelek
1,5 TL Salz
1 TL Päffer
1 Tl séisst Paprikapolwer
1 TL Mostert
1 Birgdchen vam Daag vridraan, oder 2 EL Panéiermiähl
bëssen Mëlich
1 Ei
2 EL Péitersilich
- Fir d’Geméiss
600 g Gromperen
1 Ënn
2 Ziiwen Knuawelek
1 rugd Spitzpaprika
1 gréin Spitzpaprika
2 Muurten
150 Iärbëssen (TK)
Salz
Päffer
- Fir Zooss
1 bis 1,2 KG frësch Tomaten oder 500 ml Passata
Salz
Päffer
bëssen Olivenualig
Italienisch Kregdermëschung
Zoubereedung
- Virbereedung
- D’Ënnen an de Knuawelek schiälen ech an hacken alles ganz fein.
- D’Brigdchen weechen ech an bëssen Mëlich an, datt drecken ech dann goud aus.
- An enger Schossel mëschen ech d’Gehacktes, mat deem ausgedrecken Brigdchen, de gehackten Ënnen an Knuawelek, Salz, Päffer, Paprikapolwer, Péitersilich, Ei an Mostert. Doraus formen ech dann kleng Bouletten. An setzen se fir ongeféier 30 Min. an de Frigo.
- D’Gromperen an d’Muurten schiälen ech an schnegden se an Stecker. De Spitzpaprika wäschen ech grëndlich, halbéiren en an hualen Kären raus, deen schnegden ech dann an dënn Sträfen. D’Ënn schälen ech an schnegden se an dënn Sträifen. De Knuawelek schiälen ech an hacken en fein. D’Iärbessen hualen ech aus der Truh.
- Tomaten iwerbréihen ech an ech schnegden se an graff Würfelen. Déi leen ech an eng feierfest Form verdeelen bëssen Salz, Päffer an Olivenualig driwer. Su setzen ech se bei 200 °C fir ongeféier 35 bis 45 Min. an deen waarmen Schiäffchien. Dono hualen ech se raus, schëdden se an eng Casserolle an loossen se op niddriger Hëtzt kooschen. Schmaaschen, würze evtl. na bëssen no an verfeineren Zoss mat bëssen italienisch Kregdermëschung.
- Kooschen
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualig an brooden do dran d’Bouletten all rondrëm kräftig aan, déi hualen ech raus an stellen se op Segt bis ech se brausch.
- Als nächst brooden ech an der selwischter Pann d’Gromperen bis se goud Faaref kreien. Déi leen ech an eng feierfest Form. Sie mussen na net ganz durich gebrooden sen, sollen äwer o net mi hart sen.
- Dann brooden ech an der selwischter Pann d’Muurten an mëschen déi ënnert Gromperen. Bei den Muurten datt selwischt wie bie den Gromperen, sie mussen net durich gar sen, sollen äwer deen harden Biss verluaren han.
- TIPP aus menger Këchen: D’Muurten an d’Gromperen kanns du o 10 Min. am kooschenden Salzwaasser blanchéiren an se dann rischt brooden.
- Als nächst brooden ech d’Ënnen, wann déi bis karameliséiert sen mëschen ech de Knuawelek drënner, an subal deen aafänkt mat rauschen mëschen ech den Spitzpaprika drënner an brooden alles goud aan. Déi mëschen ech ënnert d’Muurten an d’Gromperen.
- De Schiäffchien wiärmen ech op 170 °C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
- Lo schëdden ech d’Iärbëssen dobäi, dann Tomatenzooss an mëschen alles goud mateneen.
- Om Geméiss verdeelen ech d’Bouletten an setzen datt Ganzt fir ongeféier 35 bis 40 Min. an deen waarmen Schiäffchien.