fläschen, gläser, trichter, löffel, zange

Ankooschen, Anmaan, Anwecken…

Ankooschen, Anmaan oder Anwecken hat eng lang Traditioun, an et as eng goud an eng sching Methoud Liäwensmëttel ze retten an se net einfasch fort ze schmäissen. Natiirlech kann een o einfasch alles ant Truh leen, mais net all Mënsch hat déi Platz. Ech kooschen villes an, well mir Platz o feehlt. 

Ankooschen an schingen Gläser as o ëmmer eng goud Iddi fir “Homemade” ze verschenken.  Genau su wie beim Essig, oder Gewürzmëschungen.

Ankooschen oder Anwécken as datt selwischt, viran mi wie 100 Joer hat Johann Carl Weck Gläser mam klassische Gummirank erfond. Aus deem Grond, vir Liäwensmëttel am Glas anzekooschen an su mi lang haltbar ze maan.


Ankooschen

Ankooschen bedeit stériliséiren van Liäwensmëttel. Beim Ankooschen jiän Liäwensmëttel direkt ant Glas gemaat, an engem Dëppen mat Deckel erhëtzt. Beim Auskéilen bild sech am Glas mat Deckel an Gummirank een Vakuum datt Liäwensmëttel konservéiert.

fläschen, ënnen, basilkum, holzbrett
Pelati

Nährstoffe bleiwen beim Ankooschen griistendeels erhalen. Ankooschen as o déi Methoud fir Liäwensmëttel am längsten haltbar ze maan, wann et rischtisch gemaat as sugar iwer Joeren.

  • Datt ischt an datt wischtigst Geboot beim ankooschen as, et muss wirklich alles proper sen! Wirklich alles, Gläser, Gummireng, Material watt een brausch fir anzefëllen, Thermometer. An natiirlech Liäwensmëttel duarefen keng Platzen, Rëss oder Téitschen opweisen.
  • Beim Ankooschen brausch een: eent gruss Dëppen mat Déckel, Gläser am besten Weckgläser, an een Thermometer.
  • Gläser, Déckelen, an Gummireng suwie all Läffel deens du brauschs muss absolut proper sen. Am besten alles an eent Dëppen jiänn an et eng kéier richtisch an Essigwaasser opkooschen lossen. Gummireng net mat Seef wäschen dodurich kannen se porös jiänn an Gläser net mi richtich verschléissen. Gummireng spillen beim ankooschen eng ganz wischtig Roll, sie garantéiren een secheren Verschloss van den Gläser. Deen klengsten Rass oder wann se durich falsch Lagerung hart sen, loossen Loft ant Glas an Liäwensmëttel verdiärwen.
  • Liäwensmëttel mussen richtisch frësch sen, keng Téitschen oder Platzen. Firtischt Geméiss oder Obst botzen an wäschen an dann rischt aafwoojien, soss stëmmen Mengenangaben an de Rezepter net mi.
  • Sämtlich Liäwensmëttel an die proper Gläser anfëllen, zou maan an ant Dëppen setzen. Gläser duarfen sech net beréieren. 
  • Waasser an Deppen fëllen, bis Gläser ongeféier zu 3/4 am Waasser stin. Waasser soll déi Temperatur han, wie datt Liäwensmëttel watt am Glas as, bei riiem Obst an Geméiss hëllt een kaalt Waasser. Bei enger Zooss oder enger Zopp dei firtischt gekooscht as, hëllt een waaremt Waasser. Liäwensmëttel déi am Glas sen mussen komplett am Waasser stoen. Bëssen oppassen wie voll datts du Gläser meschs. Waasser dann luas erhëtzen bis op 75 bis 100 Grad. Zéckt déi an engem Rezept aanjiänn as fir anzekooschen fängt ëmmer rischt aan wann Temperatur erreecht as déi een brausch fir anzekooschen.
  • Beim Aafkéilen Gläser mol firtischt na am Deppen stoen lossen. Sie sollen luas aafkéilen, fir datt sech de Vakuum bilden kann. Se sollen äwer op mannst na 10 Min. am waarmen Waasser stoen bleiwen. Gläser sollen gemellich aafkéilen, hei as opzepassen, datt een die waarem Gläser nie op een kaalen Ënnersatz stellen soll, sie kannen dodurich baschten.
  • Noodeems dann alles an den Gläser as, soll 1-2 mol am Moont kontrolléiert jiänn op na alles fest zou as. Wann datt net su as, den Inhalt ëmmfëllen an na eng kéier ankooschen.

Ankooschen am Schiäffchen

Wann een keent Dëppen hat fir anzekooschen, kann een datt o am Schiäffchen maan. De Schiäffchen duaref net virgehetzt jiänn, egal op waarem Gläser dran gesatt jiänn oder kaaler. Gläser sollen all die selwischt grisst han, an et soll o iwerall datt selwischt dran sen. De Grill jett op die ënnischt Läist vam Schiäffchen gesatt. Die virbereed Gläser sollen 2-3 cm am Waasser stoen, hei as opzepassen, sei duarefen sech net beréiren, an o Wänn vam Schiäffchen duarefen se net beréiren. De Schiäffchen op 170° C driien. Fir datt Deckel net zevill van der iäwischter Hëtzt mat kreien, an o fir Gummireng ze schützen kann een eng naass Zeitung op Gläser leen. Ankooschzéckt fängt hei aan wann Bloossen am Glas rop kommen. Wann färdeg angekooscht as Gläser na 30 Min. am zouene ausgeschalten Schiäffchen stoen loossen.

Tomatenzooss

Bei Fleesch oder Zoossen mat Fleesch as et bëssen annecht. Noodeems Bloosen am Glas entstinn, Temperatur op 120 Grad zeréck driien, an Gläser dann na fir 90 Min. am Schiäffchen loossen. Dono dann o rem op mannst 30 Min. beim zouenen Schiäffchen aafkéilen loossen.


Anmaan

Beim Anmaan, jiän Liäwensmëttel pasteuriséiert, wie z.B. beim Gebeets, firtischt jëtt alles gekooscht dann an proper Gläser gefëllt. Gläser drigt een dann op de Kapp, dodurich entsteht am Glas een Vakuum.

  • Beim Anmaan brausch een net su vill Geschiier. Viram anfëllen am besten Gläser na eng kéier mat kooschendem Waasser ausspéilen, fir datt se net Platzen wann die waarem Flëssigkeet dran kënnt.
  • Deckel drop maan an Gläser paar Minuten op de Kapp stellen. Emdriien an se luas aafkéilen loossen fir datt de Vakuum entstoen kann.
Gebeets

Anleen

Et kann een Liäwensmëttel o haltbar maan ouni se ze kooschen. Beim Anleen jiän z.B. Liäwensmëttel am Essig oder Ualeg haltbar gemaat.

Anleen an Essig as o eng goud Methoud fir z.B. frëscht Geméiss. Geméiss soll äwer virdran paar Stonnen gesalzen jiänn, fir Wasser raus ze zéien. 


Anleen an Essig

gläser, orange, zitrone, knoblauch, schalotten
Würzessig

Anleen an Ualeg

Gourgetten, Paprika, Tomaten

O Anleen an Ualeg as einfasch. Gedrëchent Geméiss oder wie beim Pesto, zesaamen mat Ualeg an eent Glas fëllen. De Ualeg verhënnert datt schädlech Mikroorganismen entstinn. Ëmmer drop oppassen, datt sämtlich Liäwensmëttel komplett mam Ualeg bedéckt sen.

De Virdeel beim Anleen, Vitamine bleiwen erhalen oder jiänn sugar – am Fall van Vitamin C – na verstiärikt.

Gourgetten, Paprika, Tomaten am Ualeg

Drëchnen

O durich nëmmen drëchnen kann eent Geméiss haltbar maan. An dann eng würzig Geméissbréit selwer hiärstellen. 

glas, brett, läffel
Geméissbréit

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*