Minestrone, Basilikum, Parmesan

Minestrone

Minestrone as eng klassisch italienisch Geméisszopp, déi vir hir Aafwiäselung aan Geméiss an hiren herzhaften Geschmaasch bekannt as. Sie besteht aus enger kloerer Bréit, déi mat Tomaten, Ënnen, Muurten, Zellerie, Bungen, Knuawléck, Gromperen, Poretten an Nudelen gekooscht jëtt. Dachs jëtt Minestrone mat frëschen Krégder wie Basilikum an Péitersilich gewürzt an mat Parmesankiiss betreit zervéiert. Dës Zopp kann je no Joerszéckt variéiren. Zutaten kann een aan datt saisonal Angebot vam Geméiss aanpassen. Minestrone as gesond, Nahrhaft an eng köstlich Miilegkeet, vill verschidden Geméisszorten ze genéissen.

Minestrone leet sech vam Wuort “minestra” aaf, watt Zopp heescht. Et fënnt een des Zopp an villen Regiounen an Italien an et as eent van deen älsten Rezepter déi et do jëtt.

Well die italienisch Këchen Regional as, jiänn et natiirlech Ënnerscheeder an der Zoubereedung. Et fënnt een se püréiert oder mat Stecker dran. Dann Ënnerscheed sech na, op Nuddelen an Zopp gemëscht jiänn, Gromperen, oder Baguette. Et kann een sech bei der Minestrone su richtig austoben, su jiänn et Regiounen die Lënsen oder Kicheriärbessen dran maan, oder Courgetten an Auberginen.

Gesondheetsfördernd:

Minestrone as räich aan frëschem Geméiss, mat vill Vitaminen, Mineralien an Ballaststoffer. Datt mëcht dës Zopp natiirlech zu engem gesondem Ässen. Well dës Zopp hauptsächlich aus Geméiss an Bréit besteht, kanns sie eng kalorienaarem Optioun sen, wann se net mat zevill Kiiss an Ualeg zoubereed jëtt.

Nahrhaft:

Oh wann dës Zopp an Italien hauptsächlich als Entrée zervéiert jëtt, as se durich Kombinatioun van Geméiss, Bungen an Nudelen oder Reis eng Mëschung aus Proteinen, Kohlenhydrate an Ballaststoffer, déi satt maan an nahrhaft sen.

Variabel:

Minestrone as äusserst Variabel an kann je no virléift an saisonalem Geméiss ganz dengem Geschmaasch aangepasst jiänn. Ganz einfasch kanns du aus der Minestrone eng vegetarisch oder vegan Zopp kooschen, an deems du déirisch Produkter wie d’Fleeschbréit an de Parmesan durich planzlich Alternativen ersetz.

Comfort Food:

Dës waarem Zopp as an kaalen Deeg genau datt richtig fir van bannen ze wiärmen.

Minestrone

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

4

Portionen
Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 50 g wäiss Bungen

  • Olivenualeg

  • 100 g kleng gewürfelt Ënnen

  • 3 Ziiwen fein zriwene Knuawléck

  • 100 g kleng gewürfelt Muurten

  • 100 g kleng gewürfelten Stangenzellerie

  • 2 EL Tomatenpürée

  • 3-4 L Geméissbréit

  • 100 g kleng geschnidden Poretten

  • 30 g Nudelen fir Zopp

  • 100 g kleng gewürfelt Gromperen

  • 100 g kleng gewürfelt Tomaten

  • Salz & Peffer

  • je 0,5 TL Majoran, Oregano, Basilikum

  • frësch geraspelten Parmesan

Zoubereedung

  • Bungen iwert Nait an Salzwaasser wässeren. Dann mëll kooschen an aafschëdden.
  • Olivenualeg an engem waarmen Dëppen erhëtzen.
  • Ënnen op mëttler Hëtzt aanbrooden. De Knuawléck, Muurten an den Zellerie ënnermëschen, an su lang op niddrerger Hëtzt dënsten bis Geméiss mëll as.
  • Tomatenpürée ënnermëschen, kuurz mat aandënsten. Bréit drop schëdden an opkooschen loossen.
  • Tomaten, Gromperen, Nudelen, Poretten an Bungen ënnert Zopp mëschen an na 20-30 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen.
  • Parmesan dobäi reechen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*