Velouté

De Velouté as eng van den 5 Grondzoossen, en déint net nëmmen dozou eng goud Zooss op eng Pastéitchen, eng Blanquette, Fëschzooss oder fir Vegtarier een Velouté aus Geméissbréit. Mais et as o Basis fir all Veloutézopp op mat Fleesch oder nëmmen Geméiss.

Wat brausch ech?

  • Kalef-, Gefligel-,Fësch- oder Geméissfond
  • helle Roux
  • Peffer & Salz
  • eng Mëschung aus Rahm an Eijäll fir ze bannen.

Wie fänken ech aan

Firtischt maan ech mol een helle Roux, deen loossen ech dann aafkéilen.

Dann schëdden ech die waarem Bréit op deen aafgekéihlten Roux an ënner stännigem réiren loossen ech datt Ganzt opkooschen. Du kanns datt no an no maan, äwer o alles drop schëdden, Zooss jëtt suwisu na eng kéier passéiert.

Ech maan et na annecht, ech bereeden mir den Roux ëmmer fir an han es ëmmer an der Truh leien. Deen hacken ech dann kleng an réiren en su an die waarem Bréit an. Ech han an der Schull geliiert, datt den Roux kaal soll sen an Bréit waarem, fir Klëmp ze vermeiden. Du kanns et o ëmgedrigt maan, et dauert dann just mi lang bis Zooss kooscht.

Noom opkooschen driien ech Hëtzt raaf, an loossen Zooss 1 Stonn bis annerhalef Stonn op niddreger Hëtzt kooschen, datt déint dozou, datt deen miähligen Goût verschwënnd an datt Miähl rischtig bannen kann.

Würzen an schmaaschen, an viraanverschaffen.

Velouté

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Liter

5

Zutaten

  • 625 g helle Roux

  • 5,5 L Fond (Kalef, Gefligel, Fësch oder Geméiss)

  • Peffer & Salz

Zoubereedung

  • Roux préparéieren an aafkéilen loossen
  • Die waarem Bréit drop schëdden an ënner stännigem réiren opkooschen loossen.
  • Op niddreger Hëtzt ongeféier 1-1,5 Stonnen kooschen loossen.
  • Würzen an schmaaschen.
Velouté

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*