Dobaussen hängt de Niäwel déif zwëschen den Häiser, an op der Kooschmaschine steht eent gruusst Dëppen Zopp. Et rëcht no Zellerie, Lorbeer an gemellig geschmoortem Geméiss. Datt sen dës ruhig Momenter, an denen een miärikt, firwatt eng Zopp mi ass wie nëmmen jiät datt satt mëcht.
Eng goud Zopp ass Ässen, Wiäremt, Reserve, Erënnerung an Handwiärik.
Jidefreen deen jiären klassisch an saisonal kooscht, kennt et. Et setz een eent gruusst Dëppen op, net fir een eenzigen Owend, mee well eng Bréit Zekt brausch. Well een Eintopf rischt no Stonnen sein herrlichen Goîut entweckelt. Well een dem Geméiss di nigdig Zekt jiët fir Faaref aanzehualen. Bis aus einfaschen Zutaten jiätt Wonnerbares entsteht.
Natiirlich denkt een dann irgendwann, kann een all dës Aarbicht eigentlich anfréiren?
Jo kann een, äwer net all Zopp op die selwischt Art an Weis.
Die ruhig Stiärikt van enger gouder Bréit
Eng richtig Bréit gehiiert zu deen dankbarsten Saaschen iwerhaupt. Ob Randsbréit, Gefligelbréit oder Geméissbréit, wann sie proper gekooscht ass verdrigt sie d’Kält erstaunlich goud.
Datt legt wahrscheinlich do draan, datt eng klassisch Bréit suwiesu well eng Konzentratioun ass, gemellig ausgeliesten Gelatine, Schanken, Wuurzelgeméiss, Kregder an Zekt.
Graad an der fransiischer Këchen ass een gouden Fond bal ëmmer d’Reckgraad van der Këchen. An vill aalen Haushalten hat stännig eng Bréit op klenger Flamm gekooscht, net spektakulär, äwer onverzichtbar.
Problemer beim anfréiren kommen eigentlich van den Einlaagen. Pasta verléiert noom Entdiien hir Spannung an jiän bratschig. De Räis hëllt ëmmer mi Flëssigkeet op. D’Gromperen veränneren hir Struktur an wiriken dachs miählig oder griselig.
Dofir soll eng Bréit puur angefruaren jiän ouni Einlaagen, déi jiän frësch ënnergemëscht, kuurz vriaam zervéiren. Datt klengt no enger Klengigkeet, mëcht äwer deen Ënnerscheed zwëschen „praktisch“ an wirklich goud.
Eintopf, éierlich Këchen mat paar Eegenheeten
Bei stëckigen Geméisszoppen oder engem Eintopf weisst sech, datt all Geméiss sein eegenen Charakter hat.
Muurten, Zellerie, Poretten oder Pastinaken verdroen d’Anfréihren meestens ganz wonnerbar. Graad Wantergeméiss hat genou Struktur, fir noom Entdiien na angenehm ze bleiwen.
Annëcht ass et bei den Gromperen. Sie jiän engem Eintopf Bindung an Wiäremt, reagéiren äwer ganz empfindlich op d’Kält. Besonnig miählig kooschend Zorten verléiren hir crèmig Textur, sie wiriken dann drëchen oder sandig.
An aalen Këchen hat een sech do mat Lënsen oder Giäscht geholef. Lënsen zum Beispill jiän durich een Daag Ruh sugar nat besser. Ween eng kéier eng kräftig Lënsenzopp gäss hat, kennt et. D’Gewürzer verbannen sech déif mat der Zopp, den Aroma jiät mi donkel an mi harmonisch.
Firwatt fonktionéiren püréiert Zoppen am besten?
Püréiert Zoppen gehiiren bal zu deen elegansten Kandidaten fir Truh. Eng püréiert Zopp verléiert kaum Struktur, well hir Konsistenz suwiesu well homogene ass. Viraussetzung ass allerdings, datt d’Basis proper gekooscht ass. D’Geméiss ass proper angeréistert jiän, net dugd gekooscht, een gouden Fond, an genou Zekt.
Su bleift noom Entdiien vill Charakter enthaalen.
Schwierig jiët et bei Schmand oder anneren Mëlichprodukter. D’Fetter an dësen Produkter neigen noom anfréiren dozou, sech ze trennen. Dachs gesegt eent datt mol net, äwer et schmëcht een et. D’Zopp wirikt stomb, manner crèmig.
Dodir d’Zopp ouni Schmand anfréieren, an noodeems se dann rëm ogwiäremt ass den Schmand oder anner Mëlichprodukter ënnermëschen.
Dës kleng Handgrëffer brengen erstaunlich vill zereck, Glanz, Doft an Frëscheet.
Die kleng Saaschen, déi den Ënnerscheed maan.
Mat den Joeren passt een beim anfréirern vam selwen genausu op wie während dem Kooschen.
Paar Saaschen han sech äwer bewährt:
- D’Zoppen ëmmer vollstännig auskéilen loossen.
- Am besten an Portiounen anfréiren.
- De Behälter net ganz fëllen, Flessigkeet deent sech auserneen während dem anfréiren.
- Kregder am besten kuurz viraam zervéiren ënnert Zopp mëschen
- Beim Entdiien, am besten ass suwisu am Frigo d’Zopp entdiien loossen. Hat een äwer mol ent die Zekt, oder hat een verjiässen se aus der Truh ze hualen, op mëttel Hëtzt erwiärmen, net agressiv kooschen.
Graad datt gemelligt Erhëtzen ass wichtig. Eng goud Zopp soll net „gejooscht“ jiän. Et erwäscht een sie.