Sofritto

Sofritto

Sofritto ass een Begrëff aus der italienischer Këschen, deen eng Mëschung aus fein gehacktem Geméiss beschreift, déi als Grondlaag fir vill Zoubereedungen gehollt jëtt. Den Begrëff leet sech aaf vam Wuort “suffrigere” aus dem Lateng, watt suvill bedeit wie “aanbrooden” oder “aanbrooden loossen”. Den Sofritto jëtt am Olivenualeg gemellig gegart, fir d’Aromen ze intensivéiren an een reichen Geschmaasch als Basis fir Zoppen, Zoossen, Gulasch an anner Zoubereedungen ze kreien. Et ass eng onverzichtbar Zutat an der italienischer Këchen, an jëtt all Ässen een reichen an déiwen Geschmaasch.

Dës einfasch an villségtig Mëschung aus gehacktem Geméiss ass d’Grondlaag van villen traditionellen italienischen Ässen an jëtt hinnen deen onverwiässelbaren Geschmaasch.

Watt brausch ech fir een Sofritto ze maan:

  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett
  • eent Dëppen

Zoubereedung

Geméiss jëtt gewäsch, geschiält an kleng gehackt, du kanns datt mam Messer maan, oder o een Mixer hualen.

An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech vill Olivenualeg.

Do dran dënsten ech dann op mëttel Hëtzt datt ganzt Geméiss.

Et dauert bis zu annerhalef Stonn bis den Sofritto goud ass. An en soll op mëttel bis niddriger Hëtzt gebrooden jänn, rischt dodurich entwéckelt sech sein onverwiässelbaren Geschmaasch. Afanks zéiht firtischt datt ganzt Waasser raus, subal datt äwer ganz verkooscht ass, fänkt d’Magie aan, an d’Geméiss karameliséiert ganz gemellig am Olivenualeg. Ëmmer mol rëm dran réiren an vam Buadem die ganz Röstaromen looss kratzen.

Subal den Sofritto färdeg loossen ech en na bëssen am Dëppen stoen, durich den Kondens deen sech deen Moment bild krëss du die ganz Röstaromen vam Buadem vam Dëpen vill besser looss gekratzt, datt muss alles mat ënnergemëscht jänn. Dann schëdden ech den Sofritto op eng Pasette an loossen iwerschëssigt Fett aafdrëpsen, do drann loossen ech en dann komplett auskéilen.

Fëllen en dann an Portiounen aaf an fréiren den Sofritto an. Am Frigo ass den Sofritto ongeféier 4-5 Deeg haltbar.

Zutaten

  • Ënnen
  • Muurten
  • Stangenzellerie
  • vill Olivenualeg

Tipps

  1. Hual ëmmer frësch an hiiwärtig Zutaten, fir deen besten Geschmaasch ze kreien.
  2. D’Verhältnis van Ënnen, Muurten an Zellerie kann je no perséinlichem Geschmaasch aangepasst jänn, ech hualen ongeféier gläich vill van allem.

Varianten

Du kanns bëssen gehackten Knuawléck ënnermëschen, fir na zousätzlichen Geschmaasch.

An der toskanischer Variant jëtt Fenchel mat ënnergemëscht.

An a Süditalien jëtt dem Sofritto na Tomatenpürée ënnergemëscht.

Sofritto

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

30

Minuten

Zutaten

  • 200 g Ënnen, gehackt

  • 200 Muurten, kleng gewürfelt

  • 200 g Stangenzellerie, kleng gewürfelt

  • 150 ml Olivenualeg

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen den Olivenualeg erhëtzen.
  • Datt ganzt Geméiss ënnermëschen an op niddreig bis mëttel Hëtzt dënsten.
  • Ëmmer mol rëm dran réiren an d’Röstaromen vam Buadem loosskratzen
  • Wann den Sofritto färdeg ass, op eng Pasette schëdden an iwerschëssigt Fett aafdrëpsen loossen. Komplett auskéilen loossen.
  • An Portiounen aaffëllen an anfréiren.
  • Genau wie d’Geméisspast hass du su ëmmer eng Portioun Geschmaasch an der Truh

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*