Chipolata Eintopf (One Pot)

Chipolata as eng Wuuscht aus Schwéngefleesch, déi mat italienischen Krégder gewürzt as, an an een Schoofsdaarm oder Naturdaarm angefëllt jëtt. Sie as zimlech dënn an dofir o siier färdeg. Den Naam Chipolata kënnt wahrscheinlich aus dem italienischen “cipolla” (Ënnen). Ursprünglich as Chipolata een Ënneneintopf aus Italien, an deem o Wuuschten mat gegart jiän, et jëtt angehollt, datt den Naam dofaan kënnt. Als Chipolata jiänn o die kleng Cocktailwuuschten bezeechent.


Virberreedungszéckt: 20 Min.

Kooschzéckt: 60 Min.

Fir 2 Portiounen brauchst du?

  • 1 Ënn
  • 1 Ziif Knuawléck
  • bëssen Botterschmalz oder Olivenualeg fir ze brooden
  • 1 Tomat
  • 250 g Gromperen
  • 250 ml Geméiss- oder Fleeschbréit
  • 2 Chipolatawuuschten
  • Salz & Peffer

Wie jëtt gekooscht?

D’Ënn an den Knuawléck kleng hacken an am waarmen Botterschmalz op mëttler Hëtzt dënsten. Fir deen meesten Goût aus Ënn an Knuawléck raus ze hualen, loss se su lang gaaren bis se karameliséiren. Ëmmer rëm dran réiren fir datt se net verbrennen. Datt dauert ongeféier 10-15 Min.

Tomat kleng schnegden an mat ant Dëppen jiänn, kuurz mat aandënsten.

Gromperen an ongeféier gleich déck Stécker schnegden an ënnermëschen. Du kanns Gromperen schiälen, musst du äwer net.

Bréit drop schëdden, su datt Gromperen just bedeckt sen. Ech han hei lo 250 ml aanjiänn, kann sën datts du bëssen winiger oder bëssen mi brauchs. Datt hängt ëmmer van der griist van dengem Dëppen aaf. Hëtzt ropp driien, an datt Ganzt opkooschen loossen. Flëssigkeet bis op Halschent ankooschen loossen.

Wuuscht an ongeféier 2 cm gruuss Stécker schnegden an enger Pann aanbrooden an ënnert Gromperen mëschen. Mat Deckel, den Eintopf ongefèier 35-40 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen.

Mat gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.

Chipolata

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*