Brugd

Brugd as DATT Grondnahrungsmëttel, eent Liäwensmëttel datt just aus Waasser, Salz an Miähl besteht. Durich Brugt baaschen as Zivlisatioun griistendeels entstannen.

Deen gruussen Wiärt van traditionell hiärgestallten Liäwensmëttel, beruuht dodrop datt sie sech séckt Uurzéckten bewährt han, sie sen de Beweis van eiser kultureller Evolutioun.

Entdeckung vam Brugd as net genau noozeséichen. Mais déi Entdeckung wor een gruussen Fortschrëtt fir de Mënsch. Brugd as net Ergebnis van der Zivilisatioun, mais Zivilisatioun as rischt durich Brugd baaschen entstannen. Sugar Politik wees, wann den Präis vam Weess ze siier ant luut geht kann datt hiren Kapp kosten, an et kann zu Onruhen kommen.

Leider hat o beim Brugd Liäwensmëttelindustrie net halt gemaat. Brugd haat ëmmer eng fest Definitioun datt et just aus Waasser, Miähl an Salz bestoen duaref, bis Industrie Drock gemaat hat fir déi Regelung ze lockeren. Su fënnt een hogt beim Industriell hiärgestallten Brugd, am Platz van just 3 Saaschen déi an eent Brugd gehiiren, der 30 oder sugar na mi.

Liäwensmëttelindustrie manipuléiert, wu se nëmmen kann. Viraan Joeren hat et na geheescht Fett as schlecht an ongesond, wie datt du widderläit jiänn as, wor et op eemol Kohlenhydraten, an Hogt as et den Gluten. Et jiänn Mënschen déi eng Intoleranz op Gluten han, mais dii winnechst han eng Allergie. Eent Brugt watt mat Natursauerdeeg gebaasch jëtt, an datt die nigdeg Zéckt krëtt fir opzegoen an ze fermentéiren, mëscht die maansten Problemer, sugar bei einer Gluten-Intoleranz.

Zéckt as leider een gruussen Problem fir die meesten Mënschen. Keen hëllt sech mi Zéckt fir ze kooschen oder ze baaschen, alles muss siier goen. An den 60er Joeren han d’Mënschen sech an den USA na 60 Min. pro Daag Zéckt gehollt fir ze kooschen, Hogt sen et am durichschnëtt na 27 Min. pro Daag.

An datt as o jétt watt Liäwensmëttlindustrie eis opgedreckt hat. Et as jo vill mi einfasch een Pack opzeräissen, en an Mirkrowell ze stellen an ze wiärmen. An am besten na een Pack deen ech net ëmmfëllen muss, soss muss ech jo na selwer spoulen.

Et as Hefe geziischt jiänn, just fir datt Brugd baaschen mi siier geht, an dobäi as Fermentatioun äwer vergess jiänn. Fermentatioun vam Brugdeeg drigt dozou bäi datt et besser verdaulich as an datt et engem net su om Moosch legt wie Brugd datt mat Hefe gebaasch as. Jidfereen sprengt op deen Hype „ässt Vollkorn“, Vollkorn as gesond, äwer keen schwetzt dovan fermentéiert de Vollkorn.

Wie maan ech dann lo mein eegene Sauerdeeg?

Eng rischtich goud Erklärung fir Sauerdeeg ze maan fënns du hei. Genau su han ech mein o aagesatt. Bedenk eent, een Sauerdeeg muss gepfleegt an geféidert jiänn.

Sauerdeeg as een saierlechen Deeg deen durich zesaammenarbischt van Mëlischsäurebakterien an Hefe aus enger Mëschung van Miähl an Waasser entsteht. D’Hefe jëtt äwer net absischtlich zougesatt, sie gelangt durich Ëmfeld an den Sauerdeeg. Durich Fermentatioun déi entsteht jiänn Nährstoffer aus dem Miähl freigesatt, an sen dann rischt verdaulisch fir den Mënsch.

Vill Bäckeren han hiren Sauerdeeg well Joerzéinte lang, wann en richtisch gemaat an goud versuarigt jëtt, jëtt en mat der Zéckt ëmmer besser. Du kanns him o een Naam jiänn. Et jëtt jo deen bekannten „Herrmann“ o Glëckskousch genannt, en as bëssen annecht gemaat, mais den Herrmann as o een Sauerdeeg.

Hei as dann mein 3te Versouch, fir mat Sauerdeeg ze baaschen. Datt ischt Brugd watt ech probéiert han, as eng Brikett jiänn. Datt zweit wor o eng Brikett mais et hat een et äwer gebass krii 😉 . An lo hei datt drëtt, as goud jiänn. Et as wie bei allem „learning by doing“

Hei dann mein 4te Versouch, et jëtt allt besser.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*