Basilikum

Pesto alla genovese oder Insalata caprese han deen herrlichen Aroma vam Basilikum an Mëtteleuropa bekannt gemaat. De Basilikum jëtt äwer net nëmmen an der mediterraner Këschen verschafft, o an der asiatischer, indischer oder thailännischer Këschen kënnt de Basilikum zum Asatz.

Et jiänn vill ënnerscheedlich Zorten vam Basilikum. An deene meesten Zorten sen äwer 3 Grondkomponenten enthalen.

  • bloumig eukalyptusartig frësch
  • aromatisch anisartig séiss
  • gréin-, grasigen Blaadgeroosch

De Geschmaasch vam Basilikum as liit batter, séiss, an bëssen scharef.

Mat frëschem Basilikum soll een ganz virsichteg ëmgoen, durich di mëll Bläder jëtt en net jiären zevill gedreckt an o net ze lang matgekooscht, ausserdeem verléiert en su vill van sengem Aroma. Ganz vill Menüer mat Basilikum sen entweder kaal oder den Basilikum jëtt rischt zum Schluss driwer zerpléckt.

Eng Ausnahm as deen indischen Basilikum “Tulsi” deen muss/soll een sugar kuurz matkooschen vir datt en sein ganzen Aroma entfalen kann.

Basilikum soll net mat zevill anneren Krégder vermëscht jiänn, verschidden Krégder sen ze kräftig am Geschmaasch an de Basilikum geht do mat sengem feinen Aroma ënner.

Caprese as z.B. alles drop van Aromen déi een o am Basilikum fënnt. Datt séisst van den Tomaten an dem Mozzarella, datt battert vam Olivenualeg, datt saierlicht vam Balsamico an datt schareft vam Peffer, sämtlich Aromen fënnt en o am Basilikum an sie ennerstreichen an hiäwen dodurich sein Aroma. Bei engem Krégderzaloot mat Basilikum, Kiärwel, Péitersillich, Zitrounenmelisse an Peffermënz ënnerstetzen sech ähnlich Aromen. Am Pesto Genovese as et o su, deen fruuchtigen, scharefen, frëschen Aroma vam Basilikum glaicht den schwefeligen Knuawléckaroma aus.

Baal all Basilikumaromen liesen sech am Alkohol an am Fett, doweenst bleift an all Pesto oder Rahmzooss deen ganzen Aroma erhalen.

Annecht wie an Europa jët an der asiatischer Këschen deen séisslichen Aroma vam Baslikum mat Chili ergänzt. Datt fënnt een o an Italien z.B. beim Dessert. An enger gouder Panna cotta viraam geléiren vill frëschen Basilikum ënnergemëscht, schafft een frëschen, fruuchtigen, scharefen Kontrast zu séissen Summerfriischten. Dofir passt zerupften Basilikum o su goud bei frësch Erdbiär oder frësch Meloun.

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten

Bousch: Aroma-Die Kunst des Würzens (Vierich/Vilgis)

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*