Thymian

Datt mediterrant Krogt hat Sonn jiären, jee mi Sonn den Thymian krëtt em su aromatischer jëtt en. Am Gegensatz zu sengem batteren Geschmaasch, erënnert den Geroosch vam Thymian aan Bëschbuadem, Hunneg, Miär, frësch gegrillten Geméiss, Fësch oder Fleesch, Pizza. Sein Aroma as angenhem würzig.

Den Thymian jëtt frësch an gedrëchent angesatt. Frësch hat den Thymian een fruuchtigen Aroma, deen en beim drëchnen verléiert. Gedrëchent as den Thymian vill mi würzig.

Et existéieren mi Zorten vam Thymian, an der Këschen as den eschten Thymian an den Zitrounenthymian am interessantesten. Sämtlich Zorten han deen “pizzaartigen” Geroosch gemeinsam.

Den Thymian würzt intensiv, en soll virsichtech doséiert jiänn. Die kleng Bläder jiänn vam Ast gestreppt, Bléihe vam Thymian kann een o hualen sie enthalen een bloumigen Aroma deen äwer siier verfleit. Bei starikem kooschen oder brooden kann et passéieren datt den Geschmaasch vam Thymian batter jëtt. Frëschen Thymian mëscht een am besten ëmmer kuurz viraam Enn van der Garzéckt bei d’Ässen. Am besten as et ganz Äst mat ant Ässen ze leen, déi een zum Schluss rëm raushëllt. Jëtt den Thymian mat geschmoort an op niddreger Temperatur gekooscht, bleiwen vill van sengen flüchtigen Aromen erhalen an Batterstoffer jiänn net frei gesatt.

Deen frëschen Thymian hat mi een feinen Aroma wie deen gedrëchenten, et as ëmmer van Virdeel, wann een miilechkeet hat, frëschen Thymian ze hualen.

Hauptaromen vam Thymian liiesen sech am Alkohl, an schmëscht een se an klengsten Quantitéiten. Mam Thymian lisst sech ganz goud Essig aromatiséiren.

Seng universell Verwendbarkeet verdankt den Thymian sengem Aroma. Su as en z.B. Bestanddeel vam Bouquet Garni. Thymian, Lorbeer, Péitersilich harmoniséiren, all durich hir frësch-bloumig an würzig-aromatisch Bestandeeler, goud mateneen. Genausu passt den Thymian o zu anner mediterrane Krégder, wie z.B. Rosmarin, Oregano, Majoran, Salbei an Bungenkrogt, die sen alle selwer su intensiv datt sie sech net vam Thymian dominéiren lossen.

Batterstoffer am Thymian reegt Verdauung aan, an deftig an schwiiert Ässen as besser verdaulich. Deen battern Geschmaasch passt goud bei geschmoorten Ässen mat rugde Wéng an Béier.

Frësch an eent fiit Dousch angeschloen hält den Thymian sech 1 Wosch am Frigo. Gedrëchent, loftdicht an drëchen gelagert hält en sech iwert eent Joer. Planz steht jiären an der Sonn an eengem sandigen Buadem.

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Curry Dip Essig Fett Fleesch Gefligel Gehacktes Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Kalef Knuawléck Kooschen Krégder Muurten Nuddelen Olivenualeg Paprika Pasta Peffer Pesto Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Speck Tomaten Wuuscht Zitroun Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Bousch: Aroma-Die Kunst des Würzens (Vierich/Vilgis)

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*