No engem wonnerbaren Chrëstdaagsmenü, mat der Familjen an goudem Ässen, bleift ëmmer jiät iwerig. Courgetten, Auberginen, Paprika, alles vill ze schaad fir entsuarigt ze jiän. Dëst Joer han ech mech dann entscheed Kreativ ze jiän an han mat bëssen Gehacktes gefëllt Auberginen an Courgetten zoubereet.
Watt dëst Ässen su besonnige mëcht? Et ass köstlich an du kanns denger Fantasie, mat der Fëllung, freien Loof loossen. Ausserdeem weist et, datt een aus Rester jiät wonnerbares zauberen kann.
D’Geschicht hannert dësem Ässen
Gefëllt Geméiss ass een festen Bestandeel an villen Kulturen. Ob die griechisch „Gemista“, türkisch „Karniyarik“ oder die italienisch „Melanzane ripiene“. D’Iddi Geméiss ze fëllen, ass aus dem Wonsch, keng Liäwensmëttel ze verschwenden entstannen. An menger Këchen jiët dës Traditioun modern interpretéiert, mat allem, watt na do ass, bëssen Kreativitéit an vill Léift.
Firwatt fonktionéiert dëst Rezept?
Dëst Rezept weist, wie einfasch et as, aus iwerig gebliwenem Geméiss an Grondzutaten wie bei mir Gehacktes, Tomaten an Kiiss eent klengt Festässen ze zauberen. D’Fëllung kanns du ganz dengem Iddi aanpassen an experimentéieren watt dir am besten schmëscht.
Fir d’Fëllung kanns du wie ech hei Gehacktes hualen oder Rester van gekooschten Gromperen, Muurten, Paprika an sugar Rester vam Chrësdaagsbroot verschaffen. Goud würzen an evtl. na Reis, Couscous oder Bulgur ënnermëschen.
Zutaten fir meng aromatisch Courgetten- an Auberginenfëllung
- Courgetten, mat hirer knackiger Konsistenz an deem mëllen, liit séisslichen Goût sen Courgetten die perfekt Basis fir dëst Ässen. Sie lossen sech wonnerbar fëllen an jiän am Schiäffchen botterzart ouni hir Struktur ze verléiren.
- Auberginen, Auberginen brengen een liit erdigen, batteren Aroma mat, deen perfekt mat enger herzhafter Fëllung harmonéiert. Hir mëll Konsistenz maan sie noom baaschen besonnig saaftig.
- Gehacktes, fir all Fleeschliebhaber ass datt genau datt richtigt. Du wëlls deng Fëllung vergetarisch maan, da hual Reis oder Bulgur am Platz vam Gehacktes.
- Ënnen, d’Ënn ass die aromatisch Basis van der Fëllung. Während dem brooden entfaalen sie een natiirlich séissen Aroma, deen perfekt mat deen mediterranen Gewürzer harmonéiert.
- Knuawelek, de Knuawelek jiët dëser Fëllung een onverwiässelbaren mediterranen Goût, ouni die anner Aromen ze dominéieren.
- Tomaten, sie suarigen fir fruuchtig Nuancen. Alternativ kanns du o bëssen Tomatenpürée drënner mëschen fir na mi een intensiven Goût.
- rugden Paprika, de Paprika ass deen faarwigen Highlight an dëser Fëllung. Mat senger knackiger Konsistenz an deem séisslichen Goût jiët hän dem Ässen frësch, summerlich Nuancen.
- Pelati, de Pelati bild die fruuchtig Basis van menger Fëllung.
- Kiiss (Mozzarella, Parmesan, Gruyère…). Mozzarella suarigt fir eng crèmig, goldbrong Krust, während de Parmesan würzig Nuancen matbrengt, du kanns die 2 Zorten mëschen, fir datt best aus den 2 Welten ze genéissen.
Gewürzer
- Paprikapolwer
- Cumin
- Salz & Peffer
- italienisch Krégdermëschung
an bëssen Olivenualig fir ze brooden
Zoubereedung
- D’Ënnen schiälen ech an hacken se fein
- de Knuawelek schiälen ech an hacken en fein
- Tomaten wäschen ech grëndlich an ech schnégden se an Würfel
- De Paprika wäschen ech grëndlich, entkären se an schnégden se an kleng Würfelen.
- De Mozzarella schnégden ech an Scheiwen
D’Auberginen an d’Courgetten wäschen ech an halbéiren se längs, mat Hëlef van engem Läffel hualen ech Fruuchtfleesch raus, probéieren äwer een Rand van ongeféier 1cm stoen ze loossen. Die ausgeholten Halschenten salzen ech liit an leen se mat der geschniddener Segt no ënnen op een Këchenpapaier. Su kann iwerschëssigt Waasser an evtl. Batterstoffer rauszéihen. Datt Bannëscht watt ech rausgekratzt han hacken ech fein.
An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualig an brooden do dran d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann mëschen ech den Knuawelek drënner an subal deen aafänk mat rauschen leen ech d’Gehacktes an d’Pann an brooden datt aan bis et durich gar ass. Würzen mat Salz, Peffer, Cumin an Paprikapolwer.
Als nächst mëschen ech den Paprika drënner an brooden deen mat aan. Dann mëschen ech Tomaten, de gehackten Knuawelek an datt gehacktent Bannëcht vam Geméiss drënner an brooden alles fir Min.
Zum Schluss schëdden ech na den Pelati drop an loossen datt Ganzt eng kéier opkooschen, dann driien ech Hëtzt raaf an lossen alles ongeféier 30 Min. kooschen an reduzéiren. Schmaaschen an würzen mat menger italienischer Krégdermëschung.
De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
Courgetten- an d’Auberginenhalschenten setzen ech an eng feierfest From, dann fëllen ech se goud mat menger Fëllung an verdeelen d’Mozzarellascheiwen drop.
Su setzen ech datt Ganzt ongeféier 35 Min. an deen waarmen Schiäffchen, bis d’Geméiss mëll an de Kiiss goldbong ass.
Goud passt hei, Knuaweleksbaguett oder -Ciabatta, eng gréin Zaloot mat enger erfëschender Vinägrette, eng gemëschten Zaloot, gebrooden Gromperen, Gromperen aus dem Schiäffchen, Reis.
Eent Stéck Erënnerung om Teller
Dëst Rezept ass net nëmmen de Beweis, datt een aus Rester jiät köstliches kooschen kann, et erënnert mëch o aan meng Lekt déi ech mat mengem Ässen glécklich gemaat han. All kéier wann ech an den Schiäffchen kucken an die köstlich Geméiss-Schëffercher gesehen, wees ech datt o Noohaltigkeet richtig lecker se kann.
Loss mëch wossen. wie’s du deng Versioun van gefëllten Courgetten an Auberginen gemaat has! Watt ass deng Geheimzutat? Schreif mir an den Kommentaren oder post eng Foto mam #beijosiane.
Gefëllten Courgetten
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
Minuten35
MinutenZutaten
2 Courgetten
2 Auberginen
bëssen Olivenualig, fir ze brooden
1 Ënn, fein gehackt
2 Ziiwen Knuawkléck, fein gehackt
300 g Gehacktes, ongewürzt
2 rugd Paprika, gewürfelt
3-4 Tomaten, gewürfelt
400 ml Pelati
Salz & Peffer
1 Tl Paprikapolwer
0,5 Tl Cumin
1 TL italienisch Krégdermëschung
2 Boule Mozzarella, an Scheiwen geschnidden
Zoubereedung
- D’Auberginen an d’Courgetten wäschen ech an halbéiren se längs, mat Hëlef van engem Läffel hualen ech Fruuchtfleesch raus, probéieren äwer een Rand van ongeféier 1cm stoen ze loossen. Die ausgeholten Halschenten salzen ech liit an leen se mat der geschniddener Segt no ënnen op een Këchenpapaier. Su kann iwerschëssigt Waasser an evtl. Batterstoffer rauszéihen. Datt Bannëscht watt ech rausgekratzt han hacken ech fein.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualig an brooden do dran d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann mëschen ech den Knuawelek drënner an subal deen aafänk mat rauschen leen ech d’Gehacktes an d’Pann an brooden datt aan bis et durich gar ass. Würzen mat Salz, Peffer, Cumin an Paprikapolwer.
- Als nächst mëschen ech den Paprika drënner an brooden deen mat aan. Dann mëschen ech Tomaten, de gehackten Knuawelek an datt gehacktent Bannëcht vam Geméiss drënner an brooden alles fir Min.
- Zum Schluss schëdden ech na den Pelati drop an loossen datt Ganzt eng kéier opkooschen, dann driien ech Hëtzt raaf an lossen alles ongeféier 30 Min. kooschen an reduzéiren. Schmaaschen an würzen mat menger italienischer Krégdermëschung.
- De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt fir.
- Courgetten- an d’Auberginenhalschenten setzen ech an eng feierfest From, dann fëllen ech se goud mat menger Fëllung an verdeelen d’Mozzarellascheiwen drop.
- Su setzen ech datt Ganzt ongeféier 35 Min. an deen waarmen Schiäffchen, bis d’Geméiss mëll an de Kiiss goldbong ass.
- Goud passt hei, Knuaweleksbaguett oder -Ciabatta, eng gréin Zaloot mat enger erfëschender Vinägrette, eng gemëschten Zaloot, gebrooden Gromperen, Gromperen aus dem Schiäffchen, Reis.