Boulettengratin mat Gromperen

Hogt deelen ech eent Rezept mat dir, datt op menger Lëst van mengen absoluten Lieblingsässen zimlich no bei der ischter Platz steht – Boulettengratin mat Gromperen, klengt zimlich einfasch, mais ech verspreechen dir et ass een Genoss, an eent van deenen Ässen datt d’Gemütlichkeet op dein Teller brengt. Saaftig Bouletten, aromatisch Gromperen, fruuchtig Tomaten an dann cremigkeet vam Schmand an vam Kiiss, deen durich den Gratineffekt datt Ganzt na op een anneren Level hiäft. Eent perfekt Ässen fir den Daag ausklengen ze loossen.

Zutaten fir mein Boulettengratin mat Gromperen

Vam Metzler brengen ech mir ongewürztent Randsgehacktes mat an vam Geméiss, Gromperen, Ënnen, Knuawléck an frësch Tomaten. Dann brausch ech na Eier, Panéiermiähl, Salz, Peffer, meng Gewürzmëschung fir Fleesch, Olivenualeg, Botterschmalz, saure Schmand, geriwene Gruyère, Mozarella an Péitersilich fir Garnitur.

Fir datt alles gelengt, brausch ech eent Schnégdbrett, eent schareft Messer, eng Pann, evtl. eng feierfest Form, eent Baaschblech mat Baaschpapeier an den Schiäffchen.

Zoubereedung

Den Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Ëmloft fir.

Dann schiälen ech Gromperen an schnégden se an ongféier 3 cm gruuss Würfelen, déi mëschen ech mat 2 EL bis 3 EL Olivenualeg, Salz an Peffer, dann verdeelen ech se op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech an setzen se fir ongeféier 35 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Iwerdeems schiälen ech d’Ënnen, eng hacken ech fein an die anner schnégden ech an dënn Streifen. De Knuawléck schiälen ech, zerdrécken en mat deem platten Messer an hacken en fein. Tomaten wäschen ech, halbéiren se, schnégden den Stronk raus an schnégden se an graff Würfelen.

An enger Schossel mëschen ech 3 EL Panéiermiähl mat 3 El Olivenualeg, 1 Tl Salz an engem gouden EL van menger Gewürzmëschung fir Fleesch, dann mëschen ech Gehacktes, d’Ei, die gehackten Ënn an Halschent vam gehackten Knuawkléck drënner. Datt kniädden ech goud durich bis alles ordentlich vermëscht ass. Dann formen ech kleng Bouletten.

INFO: Meng Gewürzmëschung fir Fleesch, schmëscht rischtig goud am Gehacktes, ech han zwar well Salz an dëser Mëschung dran, han es äwer na bëssen zousätzlich ënnert Gehacktes gemëscht.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Bouletten all rondrëm aan, déi hualen ech raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.

An der selwischter Pann brooden ech d’Ënnen op mëttel Hëtzt aan lossen déi karameliséiren, wann déi sching brong sen läschen ech sen mat bëssen wäissen Wéng aaf. Wëlls du keen Wéng hualen kanns du o bëssen Zitrounensaaft hualen. Als nächst mëschen ech Tomaten an deen rest Knuawléck drënner an brooden datt kuurz mat aan.

Dann mëschen ech deen sauren Schmand drënner an verréiren alles goud mateneen, evtl, bëssen Waasser dobäi schëdden. Zooss loossen ech opkooschen, schmaaschen an würzen mat Salz an Peffer, do driwer verdeelen ech den Gruyère an loossen deen an der Zooss schmëlzen. Zooss loossen ech dann bis op die gewënschten Konsistenz reduzéiren.

Gromperen missten lo o färdig sen an sching goldbrong gebaasch sen, déi hualen ech aus dem Schiäffchen an deen stellen ech ëm op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt.

Gromperen verdeelen ech an enger feierfester Form, do leen ech d’Bouletten dozwëschtent an schëdden Kiisszooss driwer. Uawen drop verdeelen ech deen an Scheiwen geschniddenen Mozzarella, an dann setzen ech den Gratin fir ongeféier 25 Min. bis 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen, bis den Kiiss sching goldbrong gebaasch ass. Wanns du eng Pann has, déi’s du an den Schiäffchen stellen kanns, kanns du alles an der Pann mëschen dann den Mozarella driwer verdeelen an su iwerbaaschen.

Viraam zervéiren streien ech na bëssen gehackten Péitersilich driwer. Ech wënschen een gouden Appetit, an hoffen, solls du dëch entscheeden fir dësen Gratin nozekooschen, en schmëscht dir graad su goud wie mir.

Tipps

Gehacktes: ech hualen am léifsten ongewürztent Gehacktes, su krëtt mengt Gehacktes genau deen Geschmaasch deen ech well, an mat menger Gewürzmëschung fir Fleesch , Ënnen an Knuawléck, een richtig ronnen an gouden Geschmaasch.

Net zevill Kniädden: Mësch Gehacktes just su lang bis alles gläichmässig vermëscht ass, zevill kniädden mëcht Gehacktes zii.

Grompern: du kanns deng Gromperen o virkooschen, oder Gromperen vam Daag virdraan hualen an déi su mat drann leen. Durch baaschen am Schiäffchen krëtt den Gratin äwer na een ganz anneren Aroma, deen derwiärt ass fir ze probéiren.

Kiiss: Een kräftigen Kiiss wie Gruyère oder Cheddar jëtt der Zooss mi een intensiven Geschmaasch. Du kanns o nëmmen Gruyère hualen fir ant Zooss an fir ze iwerbaaschen oder een annern Kiiss deen dir am besten schmëscht.

Boulettengratin mat Gromperen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

35

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 500 g ongewürztent Randsgehacktes

  • 2 Ënnen, 1 fein gehackt, die anner an dënn Streifen geschnidden

  • 4 Ziiwen Knuawkléck, fein gehackt

  • 1 Ei

  • 3 EL Panéiermiähl

  • 1 gouden EL Gewürzmëschung fir Fleesch

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • Olivenualeg

  • 1 kg Gromperen, geschiält an, an Würfel van ongeféier 3 cm geschnidden

  • Salz

  • Peffer

  • 60 ml wäisse Wéng

  • 150 g saure Schmand

  • 100 g gerriwene Gruyère

  • 1 déck Boule Mozzarella, an Scheiwen geschnidden

  • gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 180°C Ëmloft virwiärmen.
  • Gromperen an enger Schossel mat 2 EL bis 3 EL Olivenualeg, Salz an Peffer mëschen, op engem mat Baaschpapeier ausgeleitem Blech verdeelen an fir ongeféier 35 Min. am waarmen Schiäffchen goldbrong baaschen.
  • An enger Schossel Panéiermiähl, mat 3 EL Olivenualeg,1 TL Salz, der Gewürzmëschung fir Fleesch goud mëschen. Gehacktes, d’Ei, die gehackten Ënnen an Halschent vam Knuawléck drënner mëschen an just su lang durich kniädden bis alles goud vermëscht ass. Kleng Bouletten formen.
  • An enger waarmer Pann bëssen Botterschmalz erhëtzen an Bouletten all rondrëm aanbrooden, raus hualen an op Ségt stellen bis se gebrauscht jänn.
  • An der selwischter Pann d’Ënnen brooden an karameliséiren loossen, mam wäissen Wéng aafläschen an deen ganz ankooschen loossen.
  • Tomaten an deen Rest Knuawléck drënner mëschen an kuurz mat brooden.
  • Deen sauren Schmand drënner mëschen, evtl bëssen Waasser dobai schëdden, alles goud vermëschen, Zooss opkooschen loossen an mat Salz an Peffer würzen. De Gruyére driwer verdeelen an, an der Zooss schmëlzen loossen. Zooss bis op die gewënschten Konsitenz ankooschen loossen.
  • Gromperen aus dem Schiäffchen hualen an den Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt ëmstellen.
  • Gromperen an enger feierfester Form verdeelen, Bouletten dozwëschen leen. Dann Zooss driwer schëdden an den Mozarella uawen drop verdeelen.
  • Am waarmen Schiäffchen ongeféier 30 Min. iwerbaaschen, oder bis den Kiiss goldbrong ass.
  • Viraam zervéiren bëssen gehackten Péitersilich driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*