Broschetten mat Gehacktes an Geméiss

Lo wu Grillsaison am Gang ass, hei eng Broschette mat Gehacktes an Geméiss. Déi schmaaschen net nëmmen Goud mais suarigen o fir bëssen Faaref op dengem Grill.

Zutaten fir Broschetten mat Gehacktes an Geméiss.

Vam Metzler brengen ech mir ongewürztent Randsgehacktes mat, dann brausch ech na Gourgetten an Paprika. Fir deem Ganzen deen rischitgen Geschmaasch ze jänn, brausch ech Salz, Peffer, Ënnen, Knuawléck, Panéiermiähl, Eier, Oregano, Péitersilich an bëssen Olivenualeg.

Ausserdeem brausch ech na eent Messer, eent Schnégdbrett, eng Schossel an Metall- oder Holzspiesser.

Zoubereedung

Als ischt suarigen ech dofir datt den Grill waarm ass oder ech wiärmen den Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

Dann preparéiren ech d’Gehacktes. Dofir mëschen ech an enger Schossel gehackten Ënnen, gehackten Knuawkéck, Panéiermiähl, gehackten Péitersilich an gedrëchenten Oregano mat bëssen Olivenualeg, do leen ech Gehacktes an eent Ei dran, datt vermëschen ech goud an formen kleng Bouletten.

Als nächst wäschen ech Gourgetten an den Paprika. D’Gourgetten schnégden ech längs durich an schnégden se dann an Halefscheiwen van 1cm bis 1,5 cm Déckt. De Paprika entkären ech an schnégden en an Stecker déi ongeféier genau su gruus sen wie Gourgetten. Déi mëschen ech an enger Schossel mat bëssen Olivenualeg, Peffer an Salz.

An enger klenger Schossel mëschen ech mir fein zerriwene Knauwléck, mat bëssen Oregano an Olivenualeg.

Dann bauen ech Broschetten zesaammen, ech fänken aan mat engem Steck Gourgette, dann eng kleng Boulette an als nächst Paprika, su am Wiässel spiessen ech alles op bis Broschette voll ass. Dobaï drecken ech Geméiss fest widdert Bouletten, su datt Gehacktes net nëmmen vam Spiess gehalen as, mais o vam Geméiss.

Om Grill: Broschetten op den Grill leen an, an ongeféier 20 Min. durich gar brooden, dobäi se zwëschendurich driien an ëmmer mol rëm mat der Olivenualegmëschung anpinselen.

Am Schiäffchen: Dofir han ech Borschetten op enge feierfest Form geleit, su datt se net opleien, mat der Olivenualegmëschung angepinselt an ongeféier 30 Min. am waarmen Schiäffchen gebrooden.

Als nächst han ech Fladenbrugt ogeschnidden, datt bei d’Fleesch an den Schiäffchen geleit an bëssen gewiäremt.

Beim Grillen schnégd Brugd op an leen et direkt op Broschteen, su hëllt Brugt den Saaft op deen vam Fleesch an Geméiss austrëtt.

Zesaammen mat menger Ranchzoss an enger Zaloot han ech Broschetten am Fladenbrugt zervéiert.

Tipps

  1. Pass do drop op, datts du Gougettenscheiwen net ze dënn schnégs, sie kann soss siier verbrennen.
  2. Keng Angst viraam würzen – probéier dech aus an fann su raus watt dir am besten schmëscht.
  3. Holzspiessercher goud aanweechen, vir su ze vermeiden datt se verbrennen.

Varianten

  • Balkan: am Platz vam Gehacktes kanns du o Cevapcici hualen, déi portionéiren an mat Ajvar an Joghurtzooss zervéiren.
  • Spanisch: Mat Chorizo an Paprika fir mi een würzigen Geschmaasch.
  • Mediterran: Mat zousätzlichem Geméiss, wie z.B. Auberginen, Krégder aus der Provence an enge Tzatziki

Broschetten mat Gehacktes an Geméiss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

25

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 6 gruuss oder 12 kleng Holzspiesser

  • Fir die kleng Bouletten
  • 500 Randsgehacktes

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 1,5 TL Salz

  • 1 TL schwarze Peffer

  • 3 El – 4 EL Panéiermiähl

  • 3 EL – 4 EL Olivenualeg

  • 2 TL gedrëchenten Oregano

  • 1 EL frëschen Péitersilich, gehackt

  • 1 Ei

  • Fir Broschetten
  • Paprika (rugd, jiäll, oder gréin) an Stécker van ongeféier 3 cm geschnidden

  • 1-2 Gourgetten, an Halefscheiwen van 1 cm bis 1,5 cm Déckt geschnidden

  • Salz

  • Peffer

  • Olivenualeg

  • Marinade
  • 4 EL – 5 EL Olivenualeg

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein zerriwen

  • 1 EL gedrëchenten Oregano

Zoubereedung

  • Als ischt suarigen ech dofri datt den Grill waarem ass, oder ech wiärmen den Schiäffchen op 200° Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • Holzspiessercher leen ech an kaalt Waasser, datt verhennert datt se verbennen.
  • An enger Schossel mëschen ech d’Panéiermiähl, den Olivenualeg, Gewürzer an Krégder mateneen, dann mëschen ech d’Gehacktes an d’Ei drënner, kniädden alles goud durich bis et goud vermëscht ass an formen kleng Bouletten.
  • Als nächst bauen ech Spiessercher zesaammen, ech fänken aan mat Geméiss, dann Boulette, dann rëm Geméiss, ëmmer am Wiässel bis Broschett voll ass. Dibäi drecken ech Geméiss widdert Bouletten su datt d’Fleesch net nëmmen vam Speiss gehalen ass mai o vam Geméiss.
  • An enger klenger Schossel mëschen ech sämtlich Zutaten van der Marinade beineen.
  • Om Grill: Broschetten op den Grill leen an, an ongeféier 20 Min. durich gar brooden, dobäi se zwëschendurich ëmmer mol rëm mat der Olivenualegmëschung anpinselen
  • Am Schiäffchen: Dofir han ech Borschetten op enge feierfest Form geleit, su datt se net opleien, mat der Olivenualegmëschung angepinselt an ongeféier 30 Min. am waarmen Schiäffchen gebrooden.
  • Als nächst han ech Fladenbrugt opgeschnidden an datt an den Schiäffchen bei d’Fleesch geleit. Beim Grillen leen datt opgeschniddent Brugd op Spiessercher fir datt Brugd Saaft ophëllt datt vam Fleesch an vam Geméiss austrëtt.
  • Zesaammen mat menger Ranchzooss am Fladenbrugt mat enger Zaloot han ech Broschetten zervéiert.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*